Sing by foot
Ausgesinn
Ënner der Bezeechnung Sing by foot[1] bitt d'INECC Lëtzebuerg zanter dem Hierscht 2011 zu Lëtzebuerg Atelieren un, bei deene Wanderen a Gesank kombinéiert ginn. D'Initiativ gouf vum Christian Ries a vum Camille Kerger an d'Liewe geruff.
D'Ateliere sinn an deene verschidde Regioune vum Land verdeelt a ginn an Zesummenaarbecht mat lokalen a regionalen Organisatiounen organiséiert.
Reegelméisseg ginn nei thematesch Programmer ausgeschafft:
- 2011: World music
- 2012: Operette vum Dicks
- 2012: Protest- a Revolutiounslidder
- 2013: Dësch- a Gedrénkslidder
- 2013: Op de Spure vum Poet Tit Schroeder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Literaresch aus dem Engleschen iwwersat: "zu Fouss sangen".