Institut européen de chant choral Luxembourg


Den Institut européen de chant choral Luxembourg, ofgekierzt INECC Luxembourg, ass eng lëtzebuergesch kulturell Associatioun, déi sech der Promotioun vum Gesank – besonnesch dem Chorgesank – souwéi der Aus- a Weiderbildung am Beräich Stëmm, Gesang a Chorleedung verschriwwen huet.
Den INECC gouf 1992, ënner anerem op Initiativ vum Pierre Cao,[1] gegrënnt mat dem Zil, d’Freed um Sangen ze fërderen an d’Qualitéit vum Gesank an dem Chouerliewen zu Lëtzebuerg nohalteg ze stäerken. D’Institutioun riicht sech un e breede Public: Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, Amateursängerinnen a -sänger, Dirigent*innen, Musekspädagoginnen a -pädagogen, souwéi professionell Museker.
D’Missioun vum INECC ass et, de kollektive Gesank als kulturell a sozial Praxis ze ënnerstëtzen, pedagogesch a kënschtleresch Kompetenzen ze vermëttelen an Austausch tëscht Amateur- a Profimusiker ze erméiglechen.[2]
Den INECC huet eng Schwësterorganisatioun a Loutrengen ënner dem Numm INECC Mission voix lorraine.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]An Zesummenaarbecht mat dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg gëtt versicht, follgend Missiounen z'erfëllen:
- Aus- a Weiderbildung souwuel vum Amateur wéi och vum Professionellen;
- Begleedung vu Sänger oder Gesanksensemblen, déi um Sprong op e professionellen Niveau sinn;
- Begleedung vun zukünftege Formateuren;
- Zesummenaarbecht mat verschiddene musikalesche Strukturen;
- Fërdere vun alle musikalesche Repertoiren an alle Stiler aus allen Zäitalteren;
- Fërdere vun der musikalescher Kreatioun;
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]INECC Luxembourg bitt eng grouss Villfalt u Programmer an Aktivitéiten un:
- Atelieren a Formatiounen am Beräich Stëmmtechnik, Gesang a Chouerleedung fir verschidden Alters- a Niveaugruppen
- Chouer- a Gesangsprojeten, dorënner spezialiséiert Ensembelen ewéi:
- Luxembourg Jazz Voices, e gemëschte Jazz-Chouer mat internationaler Ausriichtung,
- Home Sweet Home: A Partnerschaft mat ATD Quart Monde an ënner der Leedung vum Nicolas Billaux ass Home Sweet Home e Chouer, deen fir jiddereen op ass – egal ob een Erfarung am Sange huet oder net. De Chouer interpretéiert eng ofwiesslungsräich Auswiel u Lidder aus der ganzer Welt. De Projet gouf am Februar 2015 an d’Liewe geruff.
- Concerten, Mini-Festivaler a kulturell Evenementer, ë. a. am Kader vu Projete wéi „Bach in the Subways“
- Berodung a Vernetzung fir Chéier, Enseignanten, kulturell Institutiounen a lokal Acteuren
Den INECC schafft reegelméisseg mat Museksschoulen, Kulturhaiser, Gemengen a weidere Partner aus der lëtzebuergescher Kulturlandschaft zesummen.
Verwaltungsrot
[änneren | Quelltext änneren]Stand 2026[3]
- Präsidentin: Mme Françoise HETTO-GAASCH
- Vize-Präsidentin: Mme Vanessa CUM
- Sekretärin: M. Joé HAAS
- Tresorier: M. Serge BAUSCH
- Member: Mme Simone MARTINY
Fréier Verwaltungsrotsmemberen:
- Jean-Marie Kieffer, President[4]
- Colette Flesch, Vizepresidentin
- Marco Batistella, Tresorier
- Marc Meyers, Sekretär
- Luc Eicher, Member
Fréier Präsidentin:
- Erna Hennicot-Schopeges (bis 2012)[5]
Direktioun
[änneren | Quelltext änneren]- M. Arend Herold (zenter 2018)[6]
- Camille Kerger, Direkter (bis 2018)
- Chantal Grandclair, administrativ a finanziell Direktesch
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Sing by foot
- „Bach in the Subways“
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Pierre Cao Wort.lu.
- ↑ INECC Websäit.
- ↑ Verwaltungsrot INECC.
- ↑ Erna Hennicot-Schoepges war bis am Fréijoer 2012 Presidentin vum INECC Lëtzebuerg.
- ↑ Erna Hennicot-Schoepges Präsidentin.
- ↑ Wort.lu Artikel Herold.