Société préhistorique luxembourgeoise
| Société préhistorique luxembourgeoise | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Ofkierzung | SPL |
| Zweck | Virgeschicht, Protogeschicht |
| Grënnungsdatum | 1979 |
| Sëtz | Waldbëlleg |
| 1, Rue André Hentges | |
| Presidentin | Denise Leesch |
| Generalsekretärin | Marie Paule Wagener |
| Tresorier | Philippe Colbach |
| RCS | F5275 |
|
| |

D'Société préhistorique luxembourgeoise (SPL) ass eng lëtzebuergesch ASBL déi Leit, déi sech fir d'Virgeschicht an d'Protogeschicht interesséiere regruppéiert. D'SPL ass den 11. Juni 1979 an der Stad gegrënnt ginn, wou en och säi Sëtz hat, ier deen am Joer 2007 op Waldbëlleg verluecht gouf.
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräin sinn:
„L'association a pour but de promouvoir la recherche archéologique, l'étude et l'exploitation de la préhistoire et de la protohistoire du Grand-Duché en conformité avec les dispositions légales.
Afin d'atteindre ces buts « la Société Préhistorique luxembourgeoise » se propose de collaborer avec les autorités compétentes à tous les travaux visant la prospection, le repérage, l'étude et la sauvegarde du patrimoine préhistorique et de propager par tous les moyens adéquats les connaissances préhistoriques nationales. Elle assure la publication des travaux scientifiques.“
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]D'Grënnungsmembere waren: Germaine Geiben-Bianchy (Dikrech), Joseph Herr (Dikrech), Marcel Lamesch (Lëtzebuerg), Jean Joseph (John. J.) Muller (Lëtzebuerg), Liette Muller-Schneider (Lëtzebuerg), Fernand Spier (Lëtzebuerg), Norbert Theis (Esch-Uelzecht), Édouard Thibold (Iechternach), Georges Thill (Gonnereng), Raymond Waringo (Beetebuerg) a Pierre Ziesaire (Briddel). De Fernand Spier gouf President, de Pierre Ziesaire Vizepresident, de John J. Muller Sekretär an de Georges Thill Tresorier.
Am Joer 2013 hat de Veräin 199 Memberen, dovu 34 am Ausland.
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]D'SPL publizéiert zanter 1979 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise[1], an deem virun allem Fuerschungsaarbechten iwwer d'Virgeschicht (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, publizéiert ginn. Bis Enn 2019 si 40 Bänn erauskomm. De Veräin organiséiert och Konferenzen a Colloquen, grad wéi Excursiounen, Visite-guidéeën an Ausstellungen.
Wëssenschaftler, déi mat der SPL verbonne waren/sinn
[änneren | Quelltext änneren]- Marcel Heuertz (1904-1981)
- Marcel Lamesch (1912 - 2001)
- Léopold Reichling (1921-2009)
- Édouard Thibold (1925-2001)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Spier, F., 2009. Les 30 ans de la Société Préhistorique Luxembourgeoise: un aperçu historique, 1979-2009. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 9-40.
- Muller-Schneider, J.J., 2009. Les activités de la Société Préhistorique Luxembourgeoise au fil des années. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 41-55.
- Muller-Schneider, J.J., 2009. L'acte constitutif de la Société Préhistorique Luxembourgeoise: les statuts. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 77-79.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Zanter 1991 dréit de Bulletin den Ënnertitel "Revue interrégionale de pré- et protohistoire".
