Sources Rosport

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Source Rosport)
Sources Rosport S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Slogan D'Waasser vum Liewen
Grënnungsdatum 1959
Sëtz 28, route d'Echternach
L-6580 Rouspert
Lëtzebuerg
Leedung Max Weber (Direkter)
Mataarbechter 21-50[1]
Branche Gedrénks
Produit Mineralwaasser
Homepage rosport.com
Reklamm fir Source Rosport vun 1965

Sources Rosport S.A. ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft, déi zwou Mineralwaasserquellen (d'Quell Rosport mat natierlecher Kuelesaier an d'Quell Viva ouni Kuelesaier) a Fläschen offëllt an déi haaptsächlech ënner de Markennimm Rosport a Viva kommerzialiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Viva a Rosport blue

D'Gesellschaft gouf de 15. Dezember 1955 als Société en commandite simple Dick Bofferding gegrënnt, nodeem de Michel Lucius zu Rouspert eng kuelesaierhalteg Mineralquell entdeckt hat[2].

Am Summer 1959 waren d'Offëllinstallatioune sou wäit fäerdeg, an am Oktober vum selwechte Joer gouf ugefaangen, 20-cl-Fläschen ofzefëllen. 1962 gouf de Statut an eng Société anonyme mat dem Numm Source Rosport ëmgeännert, an 1974 huet Source Rosport mat Canada Dry a Coca Cola zu der Soutirages Luxembourgeois fusionéiert, ier se sech 1998 nees vun deenen anere Partner, déi ewell vu Coca-Cola Entreprises iwwerholl goufen, getrennt huet. Soutirages S.A. mécht awer weiderhin d'Distributioun[2].

An den 1990er Jore koum och e méi liicht spruddelegt Waasser dobäi, dat als Rosport medium, resp., am Horesca-Beräich, als Rosport blue vermaart gëtt. 2001 huet platt Waasser, dat Viva genannt gëtt, d'Gamme ergänzt. Am selwechte Joer huet de Verwaltungsrot decidéiert fir den Numm a Sources Rosport S.A. ëmzedeefen[2]. Zéng Joer no der Aféierung vu Viva mécht dëst platt Waasser mam Slogan d'Waasser vum Liewen 49% vun der Gesamtproduktioun vun der Sources Rosport S.A. aus. Am Joer 2010 goufe méi wéi 12.650.000 Fläsche verkaaft, dat si ronn 82 Hektoliter[3].

Uganks 2015 sinn d'Rosport-Fläschen an engem neien Design erauskomm an et gëtt elo eng eenheetlech Fläsch fir déi dräi Produiten, wou just d'Etikett jee no Produit ännert: sëlwer fir dat platt Waasser Viva, blo fir dee liicht spruddelege Rosport blue a gréng fir de Rosport classic mat méi Spruddelen.

Zanter Juni 2012 ass Pom's um Maart, e Mix vu 65% Äppeljus a 35% Rousperter Mineralwaasser.

[änneren | Quelltext änneren]

D'Offëllstatioun zu Rouspert

Wéi d'Mark Rosport gegrënnt gouf, ass no engem Logo gesicht gi fir der Mark en Erkennungsbild ze ginn. Deemools hu sech d'Grënner vun der Firma drun erënnert, datt et am Mëttelalter bei Rouspert eng vun nëmmen e puer Fuerte gouf, duerch déi ee bei Niddregwaasser mam Päerd duerch d'Sauer op déi aner Säit reide konnt. Aus deem Grond ass e Päerd mat engem Reider als Symbol fir d'Mark geholl ginn[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Donnéeën op Editus.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. Abrëll 2015
  2. 2,0 2,1 2,2 Historique vun der Firma op rosport.com; konsultéiert den 2. Mee 2012 (PDF, fr.)
  3. "Vive Viva!" – Das "Stille" feiert sein zehntes Jubiläum op mywort.lu
  4. Max Weber, „À l'aube d'une nouvelle ère“ an Lëzebuerger Gemengen, édition spéciale Développement durable, édition LG 172, 2015, S. 90