Spikulen

Vu Wikipedia
Spiculen, siichtbar als donkel Réier. Solare aktiv Regioun 10380, Juni 2004

Spikulen (Laténgesch spiculum "Spëtzt", "Spiiss"; Plural spicula) si roueraarteg, eruptiv Phenomeener op der Chromosphär vun der Sonn a méiglecherweis och vun anere Stären. Si goufe bei der Sonnendäischtert 1877 um Sonnerand entdeckt an erschéngen als iwwerséier, no uewe geriicht Gassprëtzen.[1] Wéi eréischt ëm 1950 erkannt gouf, sinn et solar Flosskanäl, déi sech besonnesch bei de Sonneflecke konzentréieren. Si ginn duerch déi stiermesch Konvektioun ënner der Sonnenuewerfläch (Photosphär) ervirgeruff, déi d'Stralungshëtzt aus dem Kär vun der Sonn no baussen transportéiert.

Quantitativ Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Spikulen hunn en Duerchmiesser vun e puer 100 bis zu 1.000 Kilometer. Si kënne bis 10.000 km laang sinn a schéisse mat ronn 3.000 bis 12.000 km/s (?) héich. Ënnersich mat Héichvitesskameraen hu gewisen, datt d'Spikulen am Duerchschnëtt ongeféier fënnef Minutte laang bestinn. Si fänken als kleng Réier aus Gas, déi séier an d'Luucht ginn, un a verschwanne wann de Gas den héchste Punkt erreecht huet an op d'Sonn zeréckfält. D'Bildung an d'Kräftespill vun de Spikulen ass am Detail nach onkloer, hänkt awer mat stiermeschen, no uewe geriichte Stousswellen a Magnéitfelder zesummen.

D'Temperatur vun de Spikule läit bei en ettleche Millioune Kelvin.[2] Hir Totalitéit bewierkt d'Ophëtze vum ënneschten Deel vun der Sonnekorona.

Deitungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Angelo Secchi SJ huet deen um Vatikanobservatoire entdeckte Phenomeen liicht verständlech beschriwwen. Hien huet déi bei Däischterten um Sonnerand feststellbar Chromosphär mat risege Bëschfeier verglach. D'Chromosphäre wuessen aus enger gläichméisseger Ënnerschicht (also aus der Photosphär) eraus a mécht den Androck, wéi wa permanent Flamen eropschloen.[3]

De Sonnefuerscher Otto Kiepenheuer stellt sech déi ganz (relativ dënn) Chromosphär als d'Sprëtzen oder de Gësch vu Photosphären-Ozeane vir. Wéi déi liicht Sprëtze vun der Mieresbrandung, déi vill méi héich Vitessen entwéckele wéi déi schwéier Welle vum Mier, sinn och d'Spikule-Sprëtze vill méi séier wéi d'Stréimungsvirgäng an der essentiell méi dichter Photosphär. Dat Bild entsprécht den haitege berechenbare Virgäng op Stoussfronten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Sonnenobservatoiren[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. starobserver.org: Spikulen: Strahlen auf der Sonne, APOD 2. November 2010.
  2. mirok.de: Sonne
  3. Karl Otto Kiepenheuer: Die Sonne, Springer-Verlag, Berlin und Heidelberg 1957, S. 56 f.