Stadhaus Diddeleng

Vu Wikipedia
Stadhaus Diddeleng
Land Lëtzebuerg
Plaz Diddeleng
Adress Stadhausplaz
Koordinaten 49° 28’ 43’’ N 06° 05’ 04’’ O
Architekt(en) Joseph Ruckert
Statut Nationaalt Monument
Datum vum Bau 1930-32
Proprietär Gemeng Diddeleng

D'Stadhaus vun Diddeleng ass de Sëtz vun der Gemengeverwaltung vun der Gemeng Diddeleng. Et steet op der Stadhausplaz.

D'Gebai gouf den 9. August 2017, zesumme mam Kiosk op der Plaz, deen zur selwechter Zäit gebaut gouf, als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier dëst Stadhaus gebaut gouf, hat e Gebai vis-à-vis vum haitegen, op der Gemengeplaz, dës Fonctioun. Et gouf 1880 gebaut, an et war och eng Schoul dran. Dat Haus gouf an den 1930er Joren ofgerappt, an an deem wat an d'Plaz koum, ass haut eng Spuerkeessfilial. [2]

Well dat aalt scho laang ze kleng war. huet de Gemengerot den 13. Mäerz 1929 decidéiert, en neit Gebai bauen ze loossen, nodeems en dat Joer virdrun en 1,5 Hektar groussen Terrain vum Grof Bertier vu Manom fir 1.620.000 Frang ofkaaft hat.[2]

D'Pläng vum Neibau si vum Joseph Ruckert, den Entreprener war de Jean Reimen. Nieft dem Stadhaus huet de Ruckert och d'Pläng vum Reamenagement vun der Gemengeplaz entworf, mat engem Musekskiosk, engem Sprëtzenhaus an engem Monument fir den Emile Mayrisch, deen 1928 verongléckt war. Am Abrëll 1930 gouf de Grondstee geluecht. Dat neit Gebai ass 66 Meter laang, 17 Meter breet a maximal 24,25 Meter héich.[2]

De Projet, deen eng 4,5 Millioune Frang kascht huet, gouf vun der liberal-konservativer Oppositioun staark kritiséiert; e gouf Arch vum Noah vernannt, a wier ze grouss an ze protzeg.[2]

Nodeems et de 5. Juni 1932 ageweit gouf, waren dodran net nëmmen d'Servicer vun der Gemengenadministraioun, ma och d'Police, d' Friddensgeriicht, d'Stadbibliothek an eng ëffentlech Badanstalt ënnerbruecht. Bis op d'Gemengeverwaltung sinn s'all am Laf vun der Zäit anzwousch anescht higeplënnert ginn.[2]

Ufanks vun den 1990er Jore gouf d'Façade an den Daach renovéiert an d'Stadhausplaz nei amenagéiert. 2005 bis 2007 gouf e Biergeramt am Stadhaus ageriicht.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: City Hall, Dudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024)..
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 Raymond Schmit: "Rathaus-Geschichten: Düdelingen." wort.lu, 25.11.2020.