Joseph Ruckert
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Joseph Ruckert | |
|---|---|
| Gebuer |
14. Januar 1887 Diddeleng |
| Gestuerwen |
16. Februar 1952 Diddeleng |
| Alter | 65 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Architekt, Entreprener |
|
| |
|
Stroosseschëld zu Diddeleng | |
De Joseph Ruckert, gebuer de 14. Januar 1887 zu Diddeleng[1], an do gestuerwen de 16. Februar 1952, war e lëtzebuergeschen Architekt a Bauentreprener[2].
Hien huet ë. a. zu Diddeleng d'Pläng vun den Arbeds-Aarbechterkolonië gemaach (Bauentreprise: Alfred Lefèvre)[3]. Och d'Diddelenger Stadhaus geet op seng Pläng zeréck.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt fir déi d'Diddelenger meeschtens Ruckeschgässel soen. Se mecht d'Verbindung tëscht der Stadhausplaz an der Handelsstrooss. (Koordinaten: 49° 28’ 42.9’’ N 06° 05’ 07.9’’ O)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Joseph Ruckert op www.luxracines.lu
- ↑ Avis de décès 2 Page 7. In: Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 49 (18.02.1952), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Ruckert Joseph, architecte op industrie.lu.
