Stadtschreiber von Bergen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stadschreiwer vu Bergen)
F. C. Delius 2008
2007
1974-2009

De Stadschreiwer vu Bergen-Enkheim ass e wichtegen däitsche Literaturpräis, deen zanter 1974 vun der fréierer Stad Bergen-Enkheim (haut e Staddeel vu Frankfurt am Main) an der Kulturgesellschaft Bergen-Enkheim vergi gëtt. Et ass den eenzege Literaturpräis vu Frankfurt am Main.

De Stadtschreiwer-Präis gouf vum Franz-Joseph Schneider, Bierger vu Bergen-Enkheim an Auteur vun der Gruppe 47, gegrënnt. Domat war deen éischte vun enger ganzer Rei Stadschreiwerpräisser an d'Liewe geruff (duerno koumen z. B. nach Mainz an Dresden). Dëse Literaturpräis ass fir sech geholl awer eenzegaarteg bliwwen, well dem ausgezeechente Schrëftsteller keng Verflichtungen operluecht ginn. E kritt e Geldpräis vu 15.500 Euro (2005) an däerf e ganzt Joer laang gratis am Stadschreiwerhaus zu Bergen-Enkheim "An der Oberpforte" wunnen. Iwwer d'Iwwerreechung vum Präis decidéiert all Joer eng Jury vun néng Leit.

Mä nach eppes Aneschtes ass eemoleg: All Joer Enn August/Ufank September gëtt de Präis am Kader vum Volleksfest "Berger Markt" iwwerreecht. Iwwerreechung a Festried geschéien am grousse Béierzelt virun Honnerte vu Visiteuren.

Präisdréier[änneren | Quelltext änneren]

D'Präisdréier a Festriedner (a Klameren):

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Mistereck/Adrienne Schneider (Hrsg.): Zeltreden. Reden zur Verleihung des Literaturpreises "Stadtschreiber von Bergen" 1974-1998".1998, Wallstein, Göttingen.
  1. fnp vom 8. Juni 2018