Alfred Grosser

Vu Wikipedia
Alfred Grosser
Gebuer 1. Februar 1925
Frankfurt am Main
Gestuerwen 7. Februar 2024
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Soziolog, Politolog, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Historiker, Publizist
Famill
Bestuet mat Anne-Marie Jourcin
Papp Paul Grosser
Mamm Lily Grosser
Kanner Pierre Grosser
Den Alfred Grosser 2010

Den Alfred Grosser, gebuer den 1. Februar 1925 zu Frankfurt am Main a gestuerwen de 7. Februar 2024 zu Paräis, war e franséische Politolog, Soziolog an Historiker.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Grosser ass de Jong vum Paul Grosser a senger Fra Lily Rosenthal. Säi Papp war en däitsch-jiddesche Fräimaurer vu Berlin an huet zu Frankfurt am Main als Kannerdokter praktizéiert. Hien huet och Virliesungen an der medezinescher Fakultéit op der Universitéit vu Frankfurt gehalen[1]. Nodeem den Adolf Hitler 1933 un d'Muecht komm war, huet d'Famill decidéiert auszewanderen, well de Paul Grosser als Judd net méi duerft praktizéieren an dat obwuel e fir säin Asaz am Éischte Weltkrich mam Eisene Kräiz ausgezeechent gi war[2]. Am Dezember 1933 ass den Alfred Grosser zesumme mat sengen Elteren a senger dräi Joer méi aler Schwëster Margarete a Frankräich op Saint-Germain-en-Laye bei Paräis emigréiert, wou säi Papp eng Kannerklinik opmaache wollt[3]. Dee Projet huet en awer missen opginn, well seng Diplomer a Frankräich net unerkannt goufen[4]. De 5. Januar 1934 hat den Alfred säin éischte Schouldag am collège municipal vu Saint-Germain. Déi franséisch Sprooch huet hie ganz séier geléiert an hien huet sech staark fir d'franséisch Geschicht an der Schoul intresséiert.[5] Säi Papp ass am Februar 1934 un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Spéider sot den Alfred Grosser, datt sengem Papp säin Doud och eppes Positives hat, well hien et méi liicht bei senger Assimilatioun a Frankräich hat, net am Schiet vun engem Medezinprofesser ze stoen.[6] Den 1. Oktober 1937 kruten den Alfred, seng Mamm a seng Schwëster déi franséisch Staatsbiergerschaft.[7] Am Juni 1940 huet d'Famill virun der Wehrmacht an de Süde vu Frankräich flüchte missen, wou si zu Saint-Raphaël an der Géigend vu Cannes ënnergedaucht ass. Seng Schwëster Margarete ass un enger Bluttvergëftung gestuerwen, déi si sech op der Flucht mam Vëlo zougezunn hat.[8] Mat just 17 Joer, am Juli 1942, huet hien och do seng Première op enger Sektioun Mathématiques élémentaires absolvéiert. Wéinst sengen exzellenten Notten hat hien zwéi Schouljoer iwwersprange kënnen.[9]

Seng Mamm huet am September 1943 virun der Gestapo misse flüchten an ass dunn zu Cannes ënnergedaucht.[8] Den Alfred Grosser selwer ass iwwer Ëmweeër op Marseille geflücht. Do huet hie mat falsche Pabeiere fir wéinstens e bëssche Suen ze verdéngen an der École Saint-Joseph, enger kathoulescher Privatschoul, Schoul gehalen[8]. Wéi en eng Emissioun vun der BBC gelauschtert huet, ass e gewuer ginn, datt och sengem Papp seng Schwëster mat hirem Mann vun Theresienstadt an d'KZ Auschwitz deportéiert goufen[10]. Hien huet sech och bei der Befreiung vu Marseille 1944 un de Stroossekämpf bedeelegt. Vum Februar 1945 bis zum Enn vun der militärescher Pressezensur am Juli 1945 huet den Alfred als Pressezensor geschafft.[11]

Ausbildung a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Zu Aix-en-Provence huet hien eng Licence a Germanistik gemaach[12]. Eigentlech wollt e Mathematik studéieren, mä do gouf et en Numerus Clausus fir Judden, soudatt hie fir dat Fach net ugeholl gouf.[13]. Duerno ass en op Paräis gewiesselt, wou e säi Studium fäerdeg gemaach huet. Uschléissend goung en zeréck op Saint-Germain bei seng Mamm wunnen. Do huet e sech op de Concours virbereet fir an d'École normale supérieure opgeholl ze ginn, deen en awer net bestanen huet. Dofir gouf en 1947 awer den Éischte bei der agrégation d'allemand[11]. Als agrégé d'Allemand konnt hien elo eng Plaz als Lycéesprofesser kréien. Vum 11. August bis den 20. September 1947 huet hien déi éischt Däitschlandrees gemaach, zanter hie mat senger Famill säin Heemechtsland verlooss hat. Déi Rees war am Optrag vun der Zäitschrëft Neuer Kurier, fir déi hien eng Enquête vun de Liewensbedingunge vun der Jugend an Däitschland maache soll. Déi Rees soll säin Däitschlandbild entscheedent markéieren[14]. Seng Artikelrei koum och an der franséischer Resistenzlerszeitung Combat eraus, déi ewell zu Paräis publizéiert gouf an och ëffentlech gelies huet däerfe ginn. Och den Albert Camus huet fir déi Zäitschrëft Artikele geschriwwen, déi de jonken Alfred Grosser als gelonge Verbindung zwëscht Politik a Moral gesinn huet.[15] Dem Albert Camus säi Buch La Peste huet och dem Alfred seng Grondastellung erëmgespigelt. 1950 huet hien och säin éischte groussen Artikel iwwer Däitschland an der Zäitschëft Esprit verëffentlecht[16].

Den Alfred Grosser war vun 1950 bis 1951 stellvertriedende Leeder vum UNESCO-Büro zu Wiesbaden. Déi Plaz huet hien awer opginn, fir eng Assistenzplaz an der Germanistik op der Sorbonne unzehuelen.[17] Hien huet sech dunn entscheet, fir och op der Sorbonne en Doktorat bei sengem Dokterpapp Edmond Vermeil, engem Calvinist[18], iwwer d'Wuerzele vum Pietismus ze maachen. En huet säin ursprénglecht Theema awer geännert a sech dem Philipp Jakob Spenger ugeholl. Schlussendlech huet hie säi laangfristege Projet vum Doktorat ofgebrach.[19] 1956 si vun der Fondation Nationale des Sciences Politiques (FNSP) déi zwéin éischt Léierstill an der Politikwëssenschaft ageriicht ginn[20]. Mat der Grënnung vum Centre d'études des relations internationales am Joer 1955 sinn d'Viraussetzungen dofir geschaf ginn[21]. Den Alfred Grosser krut eng vun deene Plazen, obwuel e keen ausgebilte Politolog war. En huet zwar mam Buch L'Allemagne de l'Occident. 1945-1952 e politikbezunnend Buch geschriwwen, war awer op deem Gebitt en Autodidakt.[20] 1956 gouf hien och vum Direkter vum Bologna Center vun der John Hopkins Universitéit gefrot, ob e véier Coursen op der School of Advanced International Studies géif halen. Den Alfred Grosser huet fir d'éischt iwwerriet misse ginn, well hie sech bewosst war, datt hie sech och do mol huet missen an d'Thematik eraschaffen[21]. En huet dunn d'Coursen däitsch Parteien, däitsch Gewerkschaften, franséisch Parteien a franséisch Gewerkschaften ginn, andeems en zweemol am Mount aacht Stonnen zu Bologna Cours gehalen a mat de Studenten diskutéiert huet.[22] En huet déi Coursen op Englesch gehalen, eng Sprooch, déi e just sou eenegermoosse bei engem Openthalt a Groussbritannien am Joer 1946 geléiert hat.[22] Den Alfred Grosser war och vun 1964 bis 1965 Kratter Visiting Professor for Modern European History op der Stanford University a Kalifornien.[23]. Hien huet och 1987 op enger Universitéit zu Peking, 1992 zu Tokyo an 1994 zu Singapur Course ginn.[24] No senger Pensionéierung 1992 ass am Institut d'études politiques zu Paräis den Alfred-Grosser-Léierstull gegrënnt ginn, well nodeem hie fortgoung, kee Professer méi fir däitsch Geschicht a Wirtschaft zoustänneg war. De Léierstull ass op fënnef Joer gelaf an ass all Joer mat engem neie Professer beluecht ginn.[25]. Op der Goethe Universitéit zu Frankfurt am Main ass am Joer 2009 och en Alfred-Grosser-Léierstull ageriicht ginn.[26]

Beruffung an Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alfred Grosser seng Haaptuleiesse sinn d'Vermëttlung tëscht Frankräich an Däitschland bei der Vergaangenheetsbewältegung vum Zweete Weltkrich an och vun der DDR. Mä och d'Verstännegung zwëscht béide Länner läit him besonnesch um Häerz.

En analyséiert déi Thematik net nëmmen aus enger politescher, mä och aus enger historescher Perspektiv. Fir hien ass et wichteg, fir d'éischt historescht Wëssen ze hunn, ier een driwwer diskutéieren oder urteele kann. A sengen Ae kann een eréischt d'Géigewaart verstoen an iwwer Zukunft diskutéieren, wann ee fundéiert Kenntnesser vun der Vergaangenheet huet.[27] Well den Alfred Grosser vu sech selwer seet, kee Frënd vu groussen an ze vill abstrakten Theorien ze sinn, ass seng Haaptmethod de Verglach.[28] Sou wonnert et och net, wann en déi zwee betraffe Länner, Frankräich an Däitschland, matenee vergläicht.[29]. Well den Alfred Grosser a Frankräich opgewuess ass, awer däitsch Originnen huet, kann hie sech et erlaben, Däitschland souwuel vu bannen, wéi och vu baussen z'analyséieren. Dat selwecht kann hien och mat Frankräich maachen. Och do huet hie souwuel eng Distanz, wéi och déi Chance mattendran ze sinn. Well den Alfred Grosser am Franséischen an am Däitsche keen Accent huet, gëtt en a béide Länner och fir seriö geholl.[30] Hien ass immens kritesch an e scheit sech och net, desagreabel Saachen ze soen.[31] Den Alfred Grosser ass och am Allgemengen e grousse Vertrieder vum Europa-Gedanken.[32] Hie gesäit d'Schuman-Deklaratioun vum 9. Mee 1950 net nëmmen als Grondstee fir d'Europäesch Unioun, mä och fir déi däitsch-franséisch Frëndschaft.[33]

Vergaangenheetsbewältegung[änneren | Quelltext änneren]

Eent vu sengen Uleiessen ass et och d'Mythen déi an Däitschland oder Frankräich, iwwer déi jeeweileg aner „Natioun‘‘ kurséieren opzedecken.[34]. Dowéinst huet hien och Schoulbicher kritiséiert, déi a Frankräich an an Däitschland um Programm stoungen. Déi sinn nämlech net genuch op déi jeeweils aner Natioun agaangen, sou säi Virworf.[35] Hie war och der Meenung, datt se déi eege Vergaangenheet net kritesch genuch beliichten. Als Beispill huet e Frankräich uginn, dat net all ze vill op de Krich an Algerien agaangen ass, wéi och Däitschland, dat der Hitlervergaangenheet net vill Raum gebueden huet. Ënner anerem sot hien, datt d'Vergaangenheetsbewältegung wéi eng Aart Flichtübung an Däitschland ugesi ginn ass.

Schonn am Joer 1933 huet hien Der Schädel des Negerhäuptlings Makaua vum Rudolf Frank gelies, e Roman deen am Éischte Weltkrich spillt. Dëse Roman huet seng Astellung zum Krich ganz staark an nohalteg beaflosst[36]. Hien hat ni e Gefill vun Haass géintiwwer Däitschland. Och huet hien ni vun enger Kollektivschold geschwat, mä vu Kollektivhaftung[37]. Fir hie representéiert och net eng eenzel Grupp e ganzt Land, sou wéi hien och dacks seet, datt hien net am Numm vun alle Fransousen iwwer e bestëmmt Theema schwätze kann.[31]. Hie fuerdert, datt all Affer vun deemools, ob elo aus dem Zweete Weltkrich oder aus der DDR-Diktatur, no Gerechtegkeet striewe soll an net no Vengeance[38]. Grad well Däitschland souwuel den Zweete Weltkrich, wéi och d'DDR-Diktatur ze verschaffen huet, schwätzt den Alfred Grosser vun enger duebeler Vergaangenheetsbewältegung[39]. A senger Ried zu Éiere vum der Befreiung vun Däitschland, den 8. Mee 1945, huet hien drop opmierksam gemaach, datt mat deem Datum just een Deel vun Däitschland an och vun Europa fräi war, well deen aneren Deel schonn erëm ënner engem diktatoreschen Herrschaftssystem ze leiden hat, deem vun der Sowjetunioun.[40] Deen eenzegen, dee fir den Alfred Grosser d'Fräiheet an der onfräier DDR verkierpert huet, ass de Joachim Gauck.[41]

Franséisch-däitsch Verständegung[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 1948 huet den Emmanuel Mournier de Comité français d'échanges avec l'Allemagne nouvelle gegrënnt, bei deem den Alfred Grosser vun 1948 bis 1967 seng Aarbecht éierenamtlech gemaach huet.[42] An éischter Linn ass et dem Comité ëm den Austausch tëscht Frankräich an Däitschland gaangen, dee fir den Alfred Grosser sou eng immens wichteg Roll gespillt huet. Zu hirem Aufgabeberäich huet et gehéiert, jonke Fransousen an Däitschen eng Austauschplaz ze verschafen. Dem Alfred Grosser seng Mamm Lily Grosser war als Sekretärin bei deem Comité agestallt an huet och eng grouss ideal Roll fir de Comité gespillt.[43] Dat weist sech dodrun, datt de Paul Frank, no hirem Doud am September 1968, en Noruff an der Zäitschrëft Die Zeit fir si gemaach huet[44] a si och an der Laudatio, déi hie fir den Alfred Grosser anlässlech senger Friddenspräisiwwerreechung gehalen huet, si fir hiren Engagement am Comité gelueft huet.[45] Seng Mamm huet a sengem Liewen eng emanent Roll ageholl. Si war et och déi hien dozou ermontert huet déi däitsch Sprooch net ze vernochléissegen, obwuel déi béid sech als Fransousen opgefasst hunn. D'Lily Grosser huet och ni e Wuet vun Haass iwwer déi Däitsch verluer, obwuel si vill huet matmaache missen.[46] Zu sengen Éieren ass och e Scholuzentrum zu Bad Bergzabern no him benannt ginn, well dës Schoul en zweesproochege Schoulunterëcht unbitt a sou déi däitsch-franséisch Verständegung am praktesche bedriwwe gëtt.[47]

D'Politik erklären[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun de Grënn firwat den Alfred Grosser der traditioneller Germanistik de Réck gedréint huet, war datt se net déif genuch an de Problemer eragaangen ass an et och net konnt. Hie wollt ausserdeem um aktuelle Geschéien deelhuelen an et och mat beaflossen.[48] Souwisou stoungen him déi klassesch däitsch Schrëftsteller net sou no, wéi déi franséisch Schrëftsteller oder och Philosophen.[49] Hie wollt sech ufanks der 1950er Joren aktiv an d'Politik an an d'Diplomatie amëschen, wourun hien awer gescheitert ass.[50] Fälschlescherweis gëtt hien heiansdo als Beroder vun de Mächtegen an Regéierende bezeechent, obwuel hie bal ni direkt ëm Rot gefrot gouf. Eng Kéier ass hien z. B. vum Jacques Chirac fir eng Ried iwwer Däitschland ëm Rot gefrot ginn, deen awer keen eenzege Rotschlo ugeholl huet.[51]

Hien huet sech ni op eng bestëmmt Partei festgeluecht, well hie léiwer onparteiesch bleiwe wollt.[52] Politesch gesinn géif hie sech selwer awer lénks positionéieren.[53] No senger Unsiicht kann ee sech och fir eng Sach asetzen ouni Member ze sinn.[52]. Dat gëllt fir villes a sengem Liewen, hei en Zitat: Als Atheist am franséische Katholizismus, wéi als Fransous an Däitschland, sinn ech den Aussesäiter, deen awer akzeptéiert gëtt, als een, dee bannenzeg derbäi ass, well ee weess, datt hie positiv matwierke wëll.[54]. Hie gesäit sech selwer als eng Aart Moralpedagog, well hie senger Opfaassung no, bei senger Aufgab als Historiker a Politolog déi moralesch Betounung net vergiessen däerft.[55] Et ass him och wichteg senge Studenten ze vermëttelen, datt si spéider net nëmmen teschnesch Entscheedungen treffe wäerten, mä och moralescher an eethescher.[56]

Hie bezitt, souwuel a senge Bicher, wéi och an de Seminaire mat de Studenten ëmmer aktuell Beispiller fir entweeder Politik oder geschichtlech Zesummenhäng z'erkläre mat an.[57] Hien huet dowéinst och zéng Joer, vun 1980 bis 1990, eemol an der Woch e Commentaire d'actualité gehalen, eng Aart Cours, wou jiddweree matdiskutéiere konnt. Dëse Cours war immens beléift bei de Studenten an huet dem Alfred Grosser och selwer déi gréisst Freed gemaach.[58] Vu datt hie sech op d'Zäitgeschicht bezitt an et dofir wéineg zougänglech Dokumenter an den Archive ginn,[59] benotzt hien an éischter Linn Bicher awer och d'aktuell Press als Quellen.[60]

Familljeliewen[änneren | Quelltext änneren]

Bis zu sengem Bestietnes huet den Alfred Grosser bei senger Mamm gelieft.[61] Den 9. Juli 1959 huet hie seng Doktorandin Anne-Marie Jourcin bestuet, déi hien 1957 kennegeléiert hat.[62] Hie war schonn eng Kéier fir kuerz Zäit 1952 verloobt, ma hat déi Verlobung opgeléist.[63] Seng Fra huet hire Projet mat der Dokteraarbecht opginn, wéi bis hiren éischte Jong Jean, am Abrëll 1960, op der Welt war.[64] D'Koppel krut am Laf vun de Joren nach dräi Jongen. Hiren zweete Jong Pierre ass Historiker a beschäftegt sech mat den Ursaache vum Zweete Weltkrich.[65]

Obwuel hien Atheist ass an de jiddesche Glawen a sengem Liewen, an och an deem vu sengen Eltere keng Roll gespillt huet,[66] fillt hie sech dem Chrëschtentum no.[49] Dat läit vläicht och e bësschen dorun, datt seng Fra an den 1970er Joren zum chrëschtleche Glawe fonnt huet a sech zanterhier och staark an enger séilsuergerescher Ariichtung am Hôpital Necker engagéiert.[67]

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Oktober 1975 krut den Alfred Grosser de Friddenspräis vum däitsche Buchhandel an der Paulskierch zu Frankfurt am Main iwwerreecht. An der Usproch fir hie seet de Rolf Keller, de President vum Börsenverein, datt dem Alfred Grosser seng wierksamst Waffen, säi Geescht, d'Wuert an d'Schrëft sinn an datt hien onermiddlech versiche géif mat Hëllef vum Medium Buch fir de Fridden anzetrieden.[68]

Aner Präisser a Gielercher:

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Grosser ass Auteur vun enger ganzer Rei vu Monographien, Zeitungsartikelen an anere Bäiträg. Seng Bicher goufen a vill Sproochen iwwersat. Et goufen och e puer Riede vun him schrëftlech festgehalen.[69]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Allemagne de l'Occident. 1945-1952. Paris 1953.
  • La situation de l'Allemagne en 1955. Rapport du Congrès International de Bruges. Paris/ Bruxelles 1955.
  • La démocratie de Bonn. Paris 1958. / Die Bonner Demokratie. Deutschland von aussen gesehen. Düsseldorf 1960.
  • Hitler, la presse et la naissance d'une dictature. Paris 1959.
  • La IVe République et sa politique extérieure. Paris 1961.
  • La République fédérale d'Allemagne. Paris 1963.
  • La politique extérieure de la Ve République. Paris 1965.
  • Die Bundesrepublik Deutschland. Bilanz einer Entwicklung. Tübingen 1967.
  • Au nom de quoi? Fondements d'une morale politique. Paris 1969. / In wessen Namen? Grundlagen politischen Entscheidens. Tübingen 1969.
  • L'Allemagne de notre temps, 1945-1970. Paris 1970./ Deutschlandbilanz. München 1970./ Geschichte Deutschlands seit 1945. Eine Bilanz. München 1974 überarbeitete Fassung.
  • L'Explication politique. Une introduction à l'analyse comparative. Paris 1972./ Politik erklären. Unter welchen Voraussetzungen? Mit welchen Mitteln? Zu welchen Ergebnissen? München 1973.
  • Gegen den Strom. Aufklärung als Friedenspolitik. München 1975.
  • Was ist deutsche Außenpolitik? Konstanz 1975.
  • Wie war es möglich? München 1977.
  • La passion de comprendre. Paris 1977.
  • Les Occidentaux. Les pays d'Europe et les États Unis depuis la guerre. Paris 1978.
  • Le Sel de la terre. Pour l'engagement moral. Paris 1981. / Der schmale Grat der Freiheit. München 1981.
  • Affaires extérieures. La politique de la France (1944-1984). Paris 1984. / Frankreich und seine Außenpolitik. München 1986.
  • L'Allemagne en Occident. Paris 1985. / Das Deutschland im Westen. München 1986.
  • Mit Deutschen streiten. München 1987.
  • Vernunft und Gewalt. Die französische Revolution und das Grundgesetz heute. München 1989.
  • Die Kanzler. Bergisch Gladbach 1989.
  • Le crime et la mémoire. Paris 1989. / Ermordung der Menschheit. München 1991./ Verbrechen und Erinnerung. München 1994.
  • Mein Deutschland. Hamburg 1993.
  • Was ich denke. München 1995.
  • Les identités difficiles. Paris 1996.
  • Une vie de Français. Mémoires. Paris 1997.
  • Deutschland in Europa. Weinheim 1998.
  • Les fruits de leur arbre. Régard athée sur les chrétiens. Paris 2001. / Die Früchte ihres Baumes. Ein atheistischer Blick auf die Christen. Göttingen 2005.
  • L'Allemagne de Berlin, différente et semblable. Paris 2005. / Wie anders sind die Deutschen? München 2005.
  • Wie anders ist Frankreich? München 2005. / La France, semblable et différente. Paris 2005.
  • Von Auschwitz nach Jerusalem. Über Deutschland und Israel. Reinbeck bei Hamburg 2009.
  • Die Freude und der Tod. Reinbeck bei Hamburg 2011.

Als Kolumnist[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Grosser war vun 1955 bis 1965, an dann nees zanter 1984, Kolumnist bei der franséischer Zeitung La Croix, an zanter 1973 fir Ouest-France. Vun 1965 bis 1994 huet hie fir Le Monde Kolumne geschriwwen.[26].

Zäitschrëften (gegrënnt a mat erausginn)[änneren | Quelltext änneren]

  • vun 1949 bis 1967 huet hien d'Zäitschrëft Allemagne. Bulletin bimestriel d'Information du Comité français d'échanges avec l'Allemagne nouvelle mat erausginn.
  • seit 1954 gët hien eng Chronique systématique eraus mam Numm A travers les livres allemands.
  • seit 1969 as hien och Member vum Redaktiounskommitee vun der Revue d'Allemagne.
  • seit 1969 gët hien eng Chronique bibliographique systématique ënner dem Numm L'Allemagne occidentale eraus[70].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Strickmann: L'Allemagne nouvelle contre l'Allemagne éternelle: Die französischen Intellektuellen und die deutsch-französische Verständigung 1944–1950. Diskurse, Initiativen, Biografien. 2004, ISBN 3-631-52195-2

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Grosser, Alfred: Mit Deutschen streiten. München/ Wien 1987.
  • Grosser, Alfred: Mein Deutschland. Hamburg 1993.
  • Grosser, Alfred: Die Freude und der Tod. Hamburg 2011.
  • Frank, Paul: Laudatio. In: Börsenverein des deutschen Buchhandels, Alfred Grosser. Ansprachen anlässlich der Verleihung des Friedenspreises. Frankfurt am Main 1975. S. 19-33.
  • Keller, Rolf: Laudatio. In: Börsenverein des deutschen Buchhandels,Alfred Grosser, Ansprachen anlässlich der Verleihung des Friedenspreises. Bibliographie des Preisträgers. Frankfurt am Main 1975. S. 9-10.
  • Grosser, Alfred/ Grass, Günter: Das Deutschlandbild der Franzosen ist gefährlich. In: Raddatz, Fritz (Hg.): ZEIT-Gespräche. Frankfurt am Main 1978. S. 61-76.
  • Grosser, Alfred: Es gibt so etwas wie eine Pflicht zur Erinnerung. In: Freie Universität Berlin (Hg.), Zusammenbruch und Neubeginn. Die Bedeutung des 8. Mai 1945. Berlin 1985. S. 20-27.
  • Grosser, Alfred: Vergangenheitsbewältigung. In: Zwiener, Ulrich, Schmitt, Karl, Fenk, Christel (Hg.)Vergangenheitsbewältigung. Jena 1994.
  • Strickmann, Martin: L'Allemagne nouvelle contre l'Allemagne éternelle. Die französischen Intellektuellen und die deutsch-französische Verständigung 1944 – 1950. Diskurse, Initiativen, Biografien. Frankfurt am Main 2004. S. 220.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Grosser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Strickmann, Martin, L'Allemagne nouvelle contre l'Allemagne éternelle. Die französischen Intellektuellen und die deutsch-französische Verständigung 1944 – 1950. Diskurse, Initiativen, Biografien. Frankfurt am Main 2004. S. 220.
  2. Stickmann, Martin,S. 220f.
  3. Stickmann, Martin, S. 221f.
  4. Grosser, Alfred. Mein Deutschland. Hamburg 1993. S. 29.
  5. Grosser, Alfred, Die Freude und der Tod. Hamburg 2011. S. 14.
  6. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 9.
  7. Schrickmann, Martin, S. 221.
  8. 8,0 8,1 8,2 Grosser, Alfred, Die Freude. S. 277.
  9. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 32.
  10. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 22.
  11. 11,0 11,1 Strickmann, Martin, S. 222.
  12. Strickmann, Martin, S.222.
  13. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 38.
  14. Strickmann, Martin, S. 156.
  15. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 23.
  16. Strickmann, Martin, S. 225.
  17. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 278.
  18. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 46.
  19. Strickmann, Martin, S. 223.
  20. 20,0 20,1 Grosser, Alfred, Die Freude. S. 11.
  21. 21,0 21,1 Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 88.
  22. 22,0 22,1 Grosser, Alfred, Die Freude. S. 12.
  23. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 279
  24. Grosser, Alfred, Vergangenheitsbewätigung. In: Zwiener, Ulrich, Schmitt, Karl, Fenk, Christel (Hg.), Vergangenheitsbewältigung. Jena 1994.S. 32.
  25. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 92.
  26. 26,0 26,1 Grosser, Alfred, Die Freude. S. 279.
  27. Grosser, Alfred, Vergangenheitsbewältigung. In: Zwiener, Ulrich, Schmitt, Karl, Fenk, Christel (Hg.)Vergangenheitsbewältigung. Jena 1994. S. 29
  28. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 29.
  29. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 32.
  30. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 13.
  31. 31,0 31,1 Grosser, Alfred, Vergangenheitsbewältigung. S. 8.
  32. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 57f
  33. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 56.
  34. Grosser, Alfred, Die Freude. S.34.
  35. Raddatz, Fritz, ZEIT-Gespräche. Frankfurt am Main 1978. S. 68f
  36. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 19f.
  37. Grosser, Alfred, Vergangenheitsbewältigung.S. 9.
  38. Grosser, Alfred, Vergangenheetsbewältigung. S. 9.
  39. Grosser, Alfred, Vergangenheitsbewältigung. S. 15.
  40. Grosser, Alfred, Es gibt so etwas wie eine Pflicht zur Erinnerung. In: Freie Universität Berlin (Hg.), Zusammenbruch und Neubeginn. Die Bedeutung des 8. Mai 1945. S. 20.
  41. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 74.
  42. Grosser, Alfred, Mein Deutschalnd. S. 66.
  43. Grosser, Alfred. Mein Deutschland. S. 80.
  44. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 80.
  45. Frank, Paul, Laudatio. In: Börsenverein des deutschen Buchhandels, Alfred Grosser. Ansprachen anlässlich der Verleihung des Friedenspreises. Frankfurt am Main1975. S. 26f.
  46. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 79.
  47. http://www.schulebza.de/
  48. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 83.
  49. 49,0 49,1 Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 45.
  50. Strickmann, Martin, S. 224.
  51. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 79.
  52. 52,0 52,1 Grosser, Alfred, Die Freude. S. 42.
  53. Grosser, Alfred, Mit Deutschen streiten. München/ Wien 1987. S. 99.
  54. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 203.
  55. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 37f.
  56. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 39f.
  57. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 37.
  58. Grosser, Alfred, Die Freude.S. 37.
  59. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 34
  60. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 36.
  61. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 193.
  62. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 197f
  63. Grosser Alfred, Die Freude. S.
  64. Grosser, Alfred, Die Freude. S 199.
  65. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 28.
  66. Grosser, Alfred, Mein Deutschland. S. 25.
  67. Grosser, Alfred. Die Freude. S. 201.
  68. Keller, Rolf, Laudatio. In: Börsenverein des deutschen Buchhandels,Alfred Grosser, Ansprachen anlässlich der Verleihung des Friedenspreises. Bibliographie des Preisträgers. Frankfurt am Main 1975. S. 9.
  69. Grosser, Alfred, Die Freude. S. 274-276.
  70. Börsenverein des deutschen Buchhandels, Alfred Grosser. Ansprachen anlässlich der Verleihung des Friedenspreises. Frankfurt am Main 1975. S.74.