Steierzielung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Steierzielung de 15. Oktober vun all Joer. Fir déi grouss Vollekszielung déi all zéng Joer organiséiert gëtt, kuckt wgl. Volleks- a Wunnengszielung.

D'Steierzielung zu Lëtzebuerg, dacks vereinfacht Vollekszielung genannt, offiziell recensement fiscal ((de) Personenstands- und Betriebsaufnahme), war bis 2012 eng järlech Zielung bei där follgend Donnéeën opgeholl goufen:

  • pro Gemeng, den Alter an d'Familljesituatioun vun alle Steierflichtegen déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg haten, fir erauszefanne wéi héich déi professionell Revenuen oder Pensioune waren;
  • pro Gemeng, den Typ an de Proprietär vun den Entreprisen, Cabinete vun de Fräiberuffler a vun den administrative Servicer,
  • de Loyer dee pro Wunneng bezuelt gouf.

D'Zielung déi op de § 165 vum allgemenge Steiergesetz vun 1931 zeréckgeet[1], ass zanter 2013 ofgeschaaft[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Abgabenordnung vom 22. Mai 1931. (Loi générale des impôts du 22 mai 1931) - Legilux. “Eine Personenstands- und Betriebsaufnahme findet in der Regel jährlich statt.”. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.
  2. Règlement ministériel du 20 septembre 1968 relatif au recensement fiscal annuel. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.