Sterpenich

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sterpenech)
Sterpenich
lb: Sterpenech
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Arel
Koordinaten 49° 38’ 50’’ N
      05° 53’ 30’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6706

Sterpenich, op Lëtzebuergesch Sterpenech, ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Ruisseau d'Autelbas (op Lëtzebuergesch Kolerbaach), eng Niewebaach vun der Äisch, leeft vu Westen no Osten duerch d'Duerf.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass vu Sterpenech (2020)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter gouf et d'Häre vu Sterpenech, déi méi spéit vun den Häre vun Nidderelter ofgeléist goufen. Dës Herrschaften hate schonn e Schlass.

Dat neit Sterpenecher Schlass gouf tëscht 1680 an 1690 vum Jean-Adam Pellot op de Fëllementer vum ale Schlass gebaut. Am Joer 1706, souwéi och am 19. Jh., wou d'Schlass de Grofen vu Berlaymont gehéiert huet, gouf et ëmgebaut. Hannert deem grousse viischten Deel mat zwéi quadrateschen Tierm an der Mauer op der Stroossesäit steet e Bauerenhaff. D'Bauwierk gouf 1956 klasséiert.

D'Uertschaft ass bis haut vum Bauerewiese markéiert. Déi haiteg Kierch ass 1900 gebaut ginn.

D'Duerf hat fréier eng Grenzgare op der Streck Lëtzebuerg-Bréissel an ass haut un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Bréisseler Autobunn am Süden an d'Nationale 4 am Norden. E puer kleng Weeër féieren op déi lëtzebuergesch Grenz bei Stengefort a Klengbetten am Osten a Grass am Süden.

Persounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu engem net bekannten Datum (ongeféier um Enn vum 16. Jh.) ass den Heinrich Kauder, besser bekannt als Gaderius, zu Sterpenech op d'Welt komm, wou hien och spéider Paschtouer war.
  • De Victor de Tornaco gouf am Schlass gebuer
  • Camille de Tornaco, gebuer zu Sterpenich

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sterpenich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Arel

Sektiounen: ArelNidderelterBunnertGiischHäischelTernech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller

Referenzen[Quelltext änneren]