Tania Brugnoni
| Tania Brugnoni | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
28. Januar 1975 Péiteng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Lycée des arts et métiers, Istituto per l'Arte e il Restauro, Istituto per l'Arte e il Restauro |
| Aktivitéit | Restauratrice, Kuratorin, sozio-kulturell Animatrice |
| Fonctioun | Direktesch |
|
| |
D'Tania Brugnoni, gebuer den 28. Januar 1975 zu Péiteng[1], ass eng lëtzebuergesch Kuratorin a Restauratrice. Si ass zanter dem 1. Januar 2025 Direktesch vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht.[2][3][4]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Nom Lycée des arts et métiers (Innenarchitektur an Design) war d'Tania Brugnoni um Istituto per l'Arte e il Restauro zu Florenz wou se Conservatrice-Restauratrice studéiert an 1999 hiren Ofschloss gemaach huet[5].
Si huet 1999 eng Entreprise fir Konschtkonservéierung gegrënnt a gouf 2002 parallel Kulturattachée vun der Stad Déifferdeng. Vun 2013 bis 2024 war si Directrice vum 1535° Creative Hub.[3] Vu Juli 2021 bis Dezember 2024 war si am Selektiounskommitee vu Kultur lx. Si ass och Member am Verwaltungsrot vum Radio 100,7 (zënter 2016) a vum Conseil international des musées Luxembourg (ICOM) (zënter Januar 2025)[5].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- France Clarinval: "En équilibre." d'Lëtzebuerger Land, 17.01.2025. S.18-19 (Portrait).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche op paperjam.lu. Gekuckt den 02.01.2025.
- ↑ Daniel Conrad: "Zukünftige Direktorin des Nationalmusée zeigt sich 'überglücklich'." wort.lu, 26.09.2024.
- 1 2 Nora Schloesser: "Tania Brugnoni wird neue Direktorin des Nationalmusée." wort.lu, 25.09.2024.
- ↑ Assermentation de Madame Tania Brugnoni, directrice du Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA). gouvernement.lu (25.11.2024). Gekuckt den 02.01.2025.
- 1 2 Linkedin-Profil vun der Tania Brugnoni, gekuckt de 26. Abrëll 2025
