Taraxacum aphanochroum

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Taraxacum aphanochroum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Rosopsida
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Cichorioideae
Gattung Taraxacum
Wëssenschaftlechen Numm
Taraxacum aphanochroum
Hagend., Soest & Zevenb., 1970

Den Taraxacum aphanochroum ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) aus der Famill vun den Asteraceae[1][2].

D'Aart ass an der Gemeng Wassenaar an Holland endeemesch. Hiert Verbreedungsgebitt ass op d'Naturgebitt Meijendel limitéiert. Si wiisst op Dünen. Zwéi Specimene goufen an de Joren 1939 an 1949 entdeckt, a fir den Ament ass d'Pissblummenaart ganz rar oder souguer ausgestuerwen[3].

Den Taraxacum aphanochroum ass ronn 5–18 cm héich mat engem stark schuppege Stamm. D'Blieder sinn hellgréng mat hellviolette Blatstiller. D'Infloreszenz ass ronn 3 cm am Duerchmiesser, mat schassgiele Blummen. D'Friichte si routbrong mat engem wäisse Pappus[3].

Se gouf 1970 beschriwwen[2][3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/c688b52da5c7485582e1e5b768578aa4
  2. 2,0 2,1 http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/gcc-156370
  3. 3,0 3,1 3,2 http://www.repository.naturalis.nl/document/568086