Taraxacum belorussicum
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ënnerräich | Tracheobionta |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Dikotyledonen |
| Ënnerklass | Rosopsida |
| Uerdnung | Asterales |
| Famill | Asteraceae |
| Ënnerfamill | Cichorioideae |
| Gattung | Taraxacum |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Taraxacum belorussicum | |
| Val.N.Tikhom., 2003 | |
|
| |
Den Taraxacum belorussicum ass eng Planzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) an der Famill vun den Asteraceae. Se gouf 2003 vum wäissrussesche Biolog Waljeryj Zichamirau beschriwwen[1].
2003 gouf déi éischt Subpopulatioun a Wäissrussland entdeckt, a se gouf do als endeemesch ugesinn. Spéiderhi gouf den T. belorussicum awer och a Polen nogewisen. Béid Subpopulatioune si kleng awer d'Planze sinn net rar an hire Lokalitéiten. A Wäissrussland läit d'Verbreedungsgebitt vun der Aart op enger Wiss nieft dem Duerf Kaldyki am Woblasz Minsk, an d'polnesch Pissblumme wuessen an engem Gebitt am Nationalpark Biebrza beim Duerf Mścichy[2][3].
Den Taraxacum belorussicum ass eng relativ kleng Planz, mat grogrénge Blieder mat hellviolette Blatstiller. D'Infloreszenz ass ronn 2–3 cm am Duerchmiesser, mat giele Blummen[2]. D'Chromosomenzuel : 2n=24[3].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert den 21.12.2019. Gekuckt den 21.12.2019.
- 1 2 Archive copy Archivéiert den 21.12.2019. Gekuckt den 21.12.2019.
- 1 2 https://www.degruyter.com/downloadpdf/j/abcsb.2010.52.issue-1/v10182-010-0015-7/v10182-010-0015-7.pdf
