Op den Inhalt sprangen

Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg gebrauchen en zouene System, an deem all d'Nummeren ënner deerselwechter Form gewielt ginn, ouni regional Extra-0. Den internationalen Telefonsprefix (Lännercode) ass +352, an d'Accèssequenz fir international Nummeren ass 00.

Handysnummeren

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. September 2006 bestinn all d'Handysnummeren aus engem Netzwierkcode aus dräi Zifferen am Format 6x1 (virdrun 0x1), mat hannendru sechs einfachen Zifferen. All Handysnummer huet eng equivalent Voicemailboxnummer mam Code 6x8. D'Netzwierkcoden (déi awer zesumme mat der Nummer portabel sinn an en anert Netzwierk) sinn déi heiten:

Festnetznummeren

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Mee 2000 bestinn all nei Festnetznummeren aus 8 Zifferen. Si fänke mat 24, 26, 27 oder 28 un. Duerno kënnt wéi fréier ëmmer nach e lokalen Identifiant (reng symbolesch) vun zwou Zifferen (mä et kann een elo seng Nummer mathuelen op iergendwellech aner Plaz), a schlussendlech déi eigentlech Nummer mat zwou bis véier weideren Zifferen.

Alen oppene Festnetzsystem
Lokalen Identifiant Plaz
20
21Wäicherdang
22Stad Lëtzebuerg
23Munneref/Nidderkäerjeng/Näerden/Réimech
24
25Stad Lëtzebuerg
26
27
28Stad Lëtzebuerg
29Stad Lëtzebuerg/Kockelscheier
30Kapellen/Kielen
31Bartreng/Mamer/Mënsbech/Stroossen
32Lëntgen/Miersch/Stengefort
33Walfer
34Rammeldang/Sennengerbierg
35Sandweiler/Mutfert/Rued-Sir
36Hesper/Kockelscheier/Réiser
37Leideleng/Éileng/Monnerech
38
39Wandhaff/Stengefort
40Houwald
41
42Kierchberg
43Findel/Kierchberg
44
45
46
47Lëntgen
48Conter/Féiz
49Houwald
50Kënzeg/Nidderkäerjeng/Péiteng/Rodange
51Diddeleng/Beetebuerg/Léiweng
52Diddeleng
53Esch-Uelzecht
54Esch-Uelzecht
55Esch-Uelzecht/Monnerech
56Rëmeleng
57Esch-Uelzecht/Schëffleng
58Zolwer/Déifferdeng
59Zolwer
67Diddeleng
70
71Betzder
72Iechternach
73Rouspert
74Waasserbëlleg
75Gréiwemaacher
76Wuermer
77
78Jonglënster
79Bäerdref/Konsdref
80Dikrech
81Ettelbréck/Reckeng op der Mess
82
83Veianen
84
85Biissen/Rouscht
86
87Fiels
88Mäerzeg/Wal
89
90
91
92Clierf/Fëschbech/Housen
93
94
95Wolz
96
97Huldang
98
99Ëlwen

Telefonsnummerportéierung (Mathuele vun der Telefonsnummer)

[änneren | Quelltext änneren]

D'Telefonsnummerportéierung funktionéiert nom Prinzip ACQ (All-Call-Query), bei dem all d'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg an enger zentraler Datebank gespäichert sinn. Dobäi gehéiert zu all Telefonsnummer och d'Informatioun, bei wat fir engem Provider den Telefon ënner där Telefonsnummer erreechbar ass. All Provider mécht bei sech a reegelméissegen Zäitofstänn e Backup vun dëser Datebank, mat där ee feststelle kann, a wat fir e Providernetz een en Telefonat fir eng bestëmmt Telefonsnummer leede soll.

Beispill:
Wann e Client (mir nennen e Pol) mat der selwechter Telefonsnummer bei en anere Provider wiesselt, z. B. vun der POST bei Tango mat der Telefonsnummer “12345678”, gëtt an der zentraler Datebank einfach d'Informatioun hannerlooss, datt d'Telefonsnummer “12345678” vun elo u bei Tango z'erreechen ass. Vun dem Ament vun der Portéierung un, hunn d'Providere wärend der sougenannter “Uruffëmlenkzäit” 60 Deeg fir e Backup vun der Datebank ze maachen. Wärend dëser “Uruffëmlenkzäit” muss den ale Provider vum Pol (d'POST) Uriff um Pol seng Nummer automatesch um Pol säin neie Provider weiderleeden, wann nach net alleguer d'Provideren e Backup gemaach hunn.