Terry Gilliam
Terry Gilliam | |
---|---|
Gebuertsnumm | Terrence Vance Gilliam |
Gebuer |
22. November 1940 Minneapolis |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun | Birmingham High School |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komiker, Animateur, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Comicauteur, Regisseur, Schrëftsteller |
Member vun | Monty Python |
Den Terence Vance Gilliam, gebuer den 22. November 1940 zu Medicine Lake, Minnesota, ass e brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher vun amerikaneschen Originnen. Hie war ee vun de Membere vun der Monty Python Grupp.
No der High school huet hie fir d'éischt Physik, duerno Konscht a schlussendlech Politikwëssenschaft studéiert. Hien huet un der Uniszeitung Fang matgeschafft a gouf fir ee Joer hire Chefredakter. Hie war deemools staark vum Humor vum Mad magazine beaflosst, deen deemools vum Harvey Kurtzman erausgi gouf. No der Uni huet de Gilliam kuerz bei enger Publicitéitsagence geschafft, duerno an der Zäitschrëft Help!.
Als Zeechner
[änneren | Quelltext änneren]Den Terry Gilliam huet seng Carrière als Zeechentrickfilm- a Comiczeechner ugefaangen. Hien ass an England geplënnert, wou e fir d'Tëleesserie Do Not Adjust Your Set geschafft huet, a wou en déi spéider Monty-Python-Memberen Eric Idle, Terry Jones, a Michael Palin kennegeléiert huet. Hie war dann och bei der Grënnung vum Monty Python's Flying Circus dobäi.
Als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]Dem Gilliam säin Intressi huet sech ëmmer méi zum Dréibuchschreiwen an zu der Filmregie hin entwéckelt.
Filmer ënner senger Regie
[änneren | Quelltext änneren]- Monty Python and the Holy Grail (zesumme mam Terry Jones) (1975)
- Jabberwocky (1977)
- Time Bandits (1981)
- The Crimson Permanent Assurance (1983) — Eng Zort Virfilm zum Monty Python's The Meaning of Life
- Brazil (1985)
- The Adventures of Baron Munchausen (1988)
- The Fisher King (1991)
- Twelve Monkeys (1995)
- Fear and Loathing in Las Vegas (1998)
- The Brothers Grimm (2005)
- Tideland (2006)
- The Imaginarium of Doctor Parnassus (2010)
- The Zero Theorem (2013)
- The Man Who Killed Don Quixote (2018)
Säi Versuch, dem Miguel de Cervantes säin Don Quijote mam Jean Rochefort an der Haaptroll ze verfilmen, ass an d'Filmgeschicht agaangen, well e bal 20 Joer gebraucht huet, fir en ze dréinen an erauszebréngen. Eng Abberzuel vu groussen a klenge Katastrophen bei der Produktioun/Finanzéierung, den Tournagen, der Participatioun vun den Haaptakteuren, asw. hunn d'Realisatioun ëmmer nees ënnerbrach, an de Film konnt eréischt 2018 op dem Filmfestival vu Cannes gewise ginn.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]2002 huet de Gilliam d'Regie fir eng Rëtsch Reklamme fir Nike gefouert. Hie war och 2006 Regisseur vun der Theatershow "Slava's Diabolo", vum russesche Clown Slava Polunin.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Gilliam, Terry and Christie, Ian (Ed.) (1999). Gilliam On Gilliam. Faber & Faber. ISBN 0-571-19190-8
- From Fringe to Flying Circus - 'Celebrating a Unique Generation of Comedy 1960-1980' - Roger Wilmut, Eyre Methuen Ltd, 1980.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Terry Gilliam – Biller, Videoen oder Audiodateien |