Thymus oehmianus
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() En nordmazedoneschen Timber mam Bild vun der Thymus oehmianus | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ënnerräich | Tracheobionta |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Dikotyledonen |
| Uerdnung | Lamiales |
| Famill | Lamiaceae |
| Ënnerfamill | Nepetoideae |
| Gattung | Thymus |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Thymus oehmianus | |
| Ronniger & Soska, 1938 | |
|
| |
D'Thymus oehmianus ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung vun den Teimerjännerchersplanzen (Thymus) aus der Famill vun de Lëpsebléieplanzen (Lamiaceae)[1][2].
Et ass eng Reliktaart[3] déi am Norde vun der Republik Nordmazedonien endeemesch ass an hiert Verbreedungsgebitt ass just op d'Schlucht Matka[4][5] am Dall vum Floss Treska limitéiert[6]. Si wiisst op Fielsen[7]. D'Planz ass ganz rar, mat enger ganz klenger Populatioun. Se gëtt souguer 1997 vun der IUCN als ausgestuerwen (EX) aklasséiert, allerdéngs ass déi Informatioun héchstwahrscheinlech net wouer[8]. D'Thymus oehmianus steet an Nordmazedonien ënner Naturschutz[3].
D'Thymus oehmianus ass ronn 5–15 cm héich. D'Blieder sinn 0,8–1,2 cm laang, breet an oval. D'Blumme si rosa-purpurrout, bis 0,6 cm laang. D'Planz blitt am Summer[7].
Se gouf 1938 beschriwwen[2].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/398dddfbf6976594a4d520c8a30f00d7
- 1 2 http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/kew-205187
- 1 2 Archive copy Archivéiert den 31.08.2024. Gekuckt den 12.10.2018.
- ↑ http://see.efncp.org/download/SEEdiversity_L.Radford.pdf
- ↑ http://www.academia.edu/10786995/Using_important_plant_areas_and_important_bird_areas_to_identify_Key_Biodiversity_Areas_in_the_Republic_of_Macedonia
- ↑ Archive copy Archivéiert den 20.08.2021. Gekuckt den 12.10.2018.
- 1 2 http://archive.li/qsGrV
- ↑ https://www.cbd.int/doc/world/mk/mk-nr-01-en.pdf

