Théophile Becker
Ausgesinn
Théophile Becker | |
---|---|
Gebuer | 21. September 1906 |
Gestuerwen | 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Théophile Becker, gebuer den 21. September 1906, zu Wal, a gestuerwen de 4. Mee oder 14. Juli 1942[1], war e lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler.
Den Théophile Becker hat säi Secondaire am Dikrecher Kolléisch gemaach, an duerno huet hie säi Studium um Stater Seminaire gemaach. Hie gouf 1931 zum Geeschtleche geweit, a war duerno Kaploun zu Schëffleng a Präiteler, a Paschtouer zu Féngeg.
Am September 1941 gouf hie vun der Gestapo verhaft, an op Hinzert, an duerno an d'KZ-Dachau verschleeft, wou hien an der Gaskummer ëmbruecht gouf.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës zwou Säite ginn déi zwéin Datumen un: http://www.praats.be/livredorluxemburg.htm an https://web.archive.org/web/20100224071723/http://www.praats.be/gefusilleerdenpriestersac.htm