Tityos

Vu Wikipedia

De Tityos ass an der griichescher Mythologie ee vun de Giganten, Jong vum Zeus an der Elare (deels och vun der Gaia). Säin Numm soll sech vum hebr. Tith, wat sou vill heescht wéi "Schlamm", "Bulli", ofleeden.

Den Zeus wollt d'Elare virun der Jalousie vun senger Fra Hera beschützen an huet se dowéinst am Äerdbuedem verstoppt. Si ass doropshi gestuerwen an den Tityos ass dunn vun der Äerd (Gaia) gebuer ginn.

Well e versicht sech un der Leto ze vergoen ass e vun där hire Kanner Apollo an Artemis ëmbruecht an an den Hades verbannt ginn, wou em, un de Buedem gefesselt, vun zwéi Geieren d'Liewer erausgehaakt ginn ass, déi ëmmer erëm nogewuess ass. Enger anerer Versioun no huet d'Hera den Tityos ugestëppelt vir en sou a säi Verdierwen ze dreiwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tityos – Biller, Videoen oder Audiodateien