Tom Bimmermann
Tom Bimmermann | |
---|---|
Gebuer | 26. Dezember 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Den Tom Bimmermann, gebuer de 26. Dezember 1971 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Komponist, deen zu Los Angeles lieft.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1980 bis 1992 geet hien an de Conservatoire zu Esch-Uelzecht. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Fugenanalys, musikalesch Esthetik a Piano. 1990 schléisst hie säi Lycée zu Esch of a geet op Paräis op de Conservatoire National Supérieur de Musique de Paris. Do kritt e seng Diplomer 1991 am Kontrapunkt, 1992 an der Fuge an 1993 an Harmonie. Vun 1993 bis 1996 ass hien zu Salzburg am Mozarteum, wou e säin Diplom fir Dirigent fir Sinfoneschen Orchester mécht.
Duerno geet e vun 1992 bis 1996 an Dirigente-Coursen a Frankräich an zu Wien.
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Am Escher Theater goufen en ettlech vu senge Kompositioune fir d'éischt opgefouert:
- 1987: Rondo Extrait aus der Pianosonat, op.10
- 1988: Willkommen und Abschied fir Chouer a cappella
- 1989: Fugue a re mineur fir Flütten-Ensembel
- 1990: Theema a Variatioune fir Piano,op.16