Tony Schmit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tony Schmit
Gebuer 21. Oktober 1888
Waarken
Gestuerwen 1. Juli 1956
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker


Den Tony Schmit, gebuer als Antoine Jean Schmit den 21. Oktober 1888 zu Waarken[1] a gestuerwen den 1. Juli 1956 zu Ettelbréck[2], war e lëtzebuergeschen Deputéierten (Rietspartei, resp. CSV) a Bauer vu Waarken.

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937 fir d'éischt als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt. Am Mäerz 1945 krut hie seng Nominatioun als Member vun der Assemblée consultative a bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 gouf hie an d'Chamber zeréck gewielt, geneesou wéi bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 a bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 an ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen[3]. Och säi Papp Jean-Pierre Schmit war schonn Deputéierte gewiescht.[4],[5]

Hie war och vun 1937 bis zu sengem Doud Member vum Gemengerot vun der Gemeng Ettelbréck.[3]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Antoine Jean Schmit op www.deltgen.com
  2. Doudesannonce vum Tony Schmit am Luxemburger Wort vum 4. Juli 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 8. Januar 2022
  3. 3,0 3,1 Historique vun der CSV Ettelbréck-Waarken um Site vun der csv
  4. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.59-60.
  5. "Eloge funèbre à l'occasion du décès de M. le député Tony Schmit." Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés] du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 1955-1956, 40e séance, 3 jullet 1955, C-1955-O-040-0002.
  6. Memorial A N° 10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen