Tony Scott

Vu Wikipedia
Tony Scott
Gebuertsnumm Anthony David Leighton Scott
Gebuer 21. Juni 1944
Gestuerwen 19. August 2012
Doudesursaach Sprangen
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Royal College of Art
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Televisiounsproduzent, Regisseur
Famill
Geschwëster Ridley Scott

Den Tony Scott, gebuer den 21. Juli 1944 zu North Shields, Tynemouth, Northumberland, England a gestuerwen den 19. August 2012 zu San Pedro, Los Angeles, Kalifornien, USA) war en englesche Filmregisseur, deen haaptsächlech Actionfilmer gedréint huet.

Hie war de klenge Brudder vum Ridley Scott.

No de Kuerzfilmer One Of The Missing a Loving Memory, engem Tëleesfilm an e sëllege Reklamms-Spotten huet den Tony Scott 1983 mat The Hunger säin éischte Kinofilm realiséiert. Säin zweete Film, Top Gun mam Tom Cruise, war säi gréisste Succès an ee vun den erfollegräichste Filmer vun den 1980er Joren.

Weider Filmer bei deenen e Regie gefouert huet, waren ë. a. Revenge, Days of Thunder, Last Boy Scout, True Romance, Crimson Tide, Enemy of the State, The Taking of Pelham 123 an Unstoppable.

Hien huet mat sengem Brudder Ridley eng Produktiounsfirma, Ridley Scott Associates (RSA) gegrënnt, déi zwéin hunn 1995 och d'Shepperton Studios kaf, déi deemools a schlechten Dicher stouchen, an eng weider Produktionsfirma, Scott Free Productions op d'Bee gesat.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974: Nouvelles de Henry James (TV-Serie) (1 Episod)
  • 2007: The Hunger (TV-Serie) (2 Episoden)
  • 2007: Numb3rs (TV-Serie) (1 Episod)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]