Toxkäpp!

Vu Wikipedia
Toxkäpp!
Toxkäpp! beim Rock um Knuedler 2013
Museksgenre Ska-Punk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1995

Toxkäpp! ass eng lëtzebuergesch Ska-Punk-Band mat lëtzebuergeschen Texter. Si gouf de 7. Oktober 1995 zu Esch-Uelzecht am fréiere Schluechthaus gegrënnt.

D'Band huet bis ewell zwéi Studioalben, zwou E.P.en an e Live-Album erausbruecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank als renge Punk-Projet geduecht, huet sech d'Formatioun bannent annerhallwem Joer, no der Verëffentlechung vun hirer éischter 6-Song E.P. "A.F.S.D.!" am September 1996 op enger 7" Vinylplack, zu der éischter Ska-Punk-Band vu Lëtzebuerg entwéckelt. Op Punk-Hits wéi Abriecher, Hämmelsmarsch, Kettenuewen, Radikal a villen aneren aus hiren Ufanksdeeg sinn dunn op eemol Lidder wéi SKAndal (hiert éischt richtegt Ska-Lidd), Baby Boom an Duerchschnëtts-Lëtzebuerger komm, déi däitlech aner Influenzen opweisen. Déi Stécker hunn e ganz kloren Two-Tone-Aschlag, wéi bei de Gruppen aus de fréien 1980er Joren aus England aus dem Ëmfeld vu Madness, The Specials, The Selecter a Bad Manners.

Nodeem verschidde Fans vun der éischter Stonn vun dësem Stilwiessel liicht ofgeschreckt waren,[1],hunn d'Toxkäpp awer gemengt si hätten ëmmer scho sou Musek wëlle maachen, hätten et just am Ufank technesch einfach net fäerdegbruecht, am Konter-Rhythmus vun der jamaikanesch-influenzéierter Musek als einfach Punk-Rock-Band matzehalen.

Et huet sech dunn awer erausgestallt, datt dee Stilwiessel bei engem gréissere Publikum besser ukoum. Dat war der Grupp nëmme Recht sou, well hir ätzend, sozialkritesch a satiresch Messagë konnte si op déi Aart a Weis nach méi Leit ënner d'Nues reiwen.

Et gouf eng Saxophonistin rekrutéiert, d'Julia, an éischt Opname goufe mat deem neie Stil gewot, duerno koum e männleche Saxophonist amplaz, den Alban, an et goung 1999 dann an de Studio fir den éischten Album opzehuelen. SKAméidi ass dann am Juli 2000 verëffentlecht ginn an enger Digipack-CD-Versioun. Den Titel spillt op d'Museks-Form Lux-Ska-Punk un.

Nom Album koumen nach e puer Concerten, dunn hunn déi nei Leit erëm d'Grupp verlooss, well se aner Projete verfollege wollten.

D'Toxkäpp haten awer Blutt geleckt a sou goufen am Laf vun den nächste Méint a Joren en neie Saxophonist, en Trombonnist souwéi en Organist engagéiert fir de Sound ze komplettéieren. An där Besetzung goufen nei Lidder geschriwwen a vill erfollegräich Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland gespillt, ënner anerem zesumme mat Skarface, The Business, Ska-P, Madness an de Slackers.

Op der Compilatiouns-CD Planet Lëtzebuerg hu si 2000 dann och d'Vollekslidd De Schmadd gecovert.

An de Joren 2003 an 2004 si se beim Rock um Knuedler opgetrueden.

2005 war déi nei Formatioun da sou wäit arodéiert fir den nächsten Album opzehuelen. Zwee Toun Ska-Punk seet am Titel net nëmmen eng weider Beschreiwung vun der Musek déi um Album ze fannen ass, aus, mä ass an engems och e bewossten a weidere Schrëtt fort vun de Punk-Wuerzele vun der Grupp, d'Musek ass effektiv méi ambitionéiert a komplex ginn.

Et sollt awer net méi sou wäit kommen; no engem weideren erfollegräiche Concert-Joer mat der neier CD am Gepäck huet d'Grupp wéinst der Trauer iwwer den Doud vun hirem Uergelspiller eng laang Paus gemaach, an dach ëmmer weider geprouft.

2009 konnte se sech nees oprappe fir nei Leit ze rekrutéieren, déi Kéier eng ganz Partie, fir de Sound nach konsequent méi fett ze maachen, an an där Besetzung een elo scho bal legendäre Comeback-Concert um Summer-Fest vun der Ligue HMC zu Capellen ze spillen.

An där Besetzung koum dann och am Oktober 2010, fir de 15. Gebuertsdag vun der Grupp, déi nei E.P. eSKAléiert eraus, op Vinyl an CD zäitgläich, fir dat Evenement ze feieren. Do ass dann och d'Live-CD a Picture-Disc, déi si 2013 erausbruecht hunn, opgeholl ginn.

2013 sinn d'Toxkäpp ënner anerem um Rock-A-Field, um Rock um Knuedler an um Nikolaus Raus Festival opgetrueden, a si hunn als Virgrupp vu Madness gespillt.

2014 huet de Grupp ugefaangen un neiem Material ze schaffen an nach weider Concerte gespillt, 2015 geneesou.

2016 ass et du méi roueg ëm de Grupp ginn well se d'Aarbecht um neie Material intensivéiert hunn. Op d'mannst ee grousse Concert hu s'awer am Summer um Festival PANGÄA IN LOVE zu Bäerdrëf am Mëllerdall gespillt, wou se ronn 1.100 Leit un d'Danzen an d'Sprange bruecht hunn. Op Allerhellegen huet dann d'Aarbecht fir den neien Album opzehuelen, ugefaangen wat bis Abrëll 2017 gaangen ass. Dunn ass den leschten Album E quante Sprong erauskomm.

2021 ass dunn d'Kompilatioun 25 Joer an näischt bäigeléiert op de Maart komm

Grënnungsbandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank (Gesang)
  • Patrick (Gittar)
  • Gilbert (Batterie)
  • Fränz (Bass)

an anerer, déi nëmmen zäitweis dobäi sinn oder waren: Julia, Alban, Pit, Max, Jérôme, Sam, Tun, Pit, Petz, Tom, Yann

Aktuell Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank (Gesang)
  • Patrick (Gittar)
  • Fränz (Bass)
  • Laurent (Batterie)
  • Claus (Uergel)
  • Simone (Trombonn)
  • Joé (Saxophon)
  • Dany (Trompett)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerbléck
Titel Joer Tracklist
A.F.S.D.! (EP) 1996
SKAméidi 2000 01. Baby Boom
02. Nëmmen Lijhen
03. Feierowend
04. Beierland
05. Stammdëschrassisten
06. Kuff d'Schmull
07. Designerdrogen
08. Duerchschnëtts-Lëtzebuerger
09. Een klengt Kand muss ët sinn!
10. Erëm keen Concert
11. Gudd Chrëschten
12. No de Walen
13. Eidel Verspriechen
14. Rosënën Intermezzo
15. Vun Häerzen
16. Politesch Korrekt
17. SKAndal
18. Bélunn & Bedrunn
19. Stroossën-Rowdie
Zwee Toun Ska Punk 2005 01. Vugelsmillen
02. Net bezuelt
03. Gutt verséchert?
04. Friess oder stierf
05. Ee fir se all
06. Fir ze laachen!
07. Virveruerteelt
08. Ech si cool!
09. Konkurrenza
10. Freakshow
11. Een Schrëtt ze wäiiit...
12. Zréck an d'Natur (mee net zu Fouss!)
13. De Schmadd
14. Lief däi Liewen
Bonus: Gutt verséchert (Live-Video vun engem Concert an der Kufa)
Bonus: Virveruerteelt (Live-Video vun engem Concert an der Kufa)
eSKAléiert (EP) 2010 01. Kuck-mech-punkt-com
02. Kuck virun dech (...an trëppel net dran)
03. Global Rezessioun
04. Grunz-Grunz-Hatschi!
05. Hallëfnuecht
Live an der Kufa (CD & Picture Disc) 2013 01. Net bezuelt
02. Virveruerteelt
03. Stroossën-Rowdie
04. Duerchschnëtts-Lëtzebuerger
05. Erëm keen Concert
06. Fir ze laachen!
07. Global Rezessioun
08. Friess oder stierf
09. Abriecher
10. Lëtzebuerg
11. Kettenuewen
12. Stammdëschrassisten
13. A.F.S.D.
14. Radikal
15. Mort aux champs
16. Politesch Korrekt
E quante Sprong 2017
25 Joer an näischt bäigeléiert 2021

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuck zB den Text vu "SKAndal"