Traité vun Oochen (1748)
Den Traité vun Oochen oder Fridde vun Ooochen vum 18. Oktober 1748 markéiert d'Enn vum Éisträicheschen Ierffollegkrich an deem Groussbritannien, Éisträich, an Holland an enger Koalitioun géint Frankräich, Preisen, Bayern, Spuenien, Sachsen, Schweden, Neapel, d'Kurpfalz a Kurköln gekämpft hunn.
De Friddenskongress an der fräier Räichsstad Oochen huet vum 24. Abrëll bis den 18. Oktober 1748 gedauert, wou dann de Fridde schlussendlech ënnerschriwwe gouf. Bei de Verhandlunge ware besonnesch d'Fransousen an d'Englänner virbäi, hir Alliéiert hu sech hinnen ugeschloss.
Inhalt
[änneren | Quelltext änneren]- Generell ginn all Eruewerungen, déi wärend dem Krich gemaach goufen, nees réckgängeg gemaach. D'Fransousen hunn d'Éisträichescht Holland an d'Hollännesch Grenzstied nees ofgetrueden, souwéi Madras (Indien) un d'Englänner zeréckginn. D'Briten hunn d'Festung Louisbourg op der Insel Cape Breton a Kanada zeréckginn.
- D'Maria Theresia vun Éisträich iwwerléisst dem Don Felipe d'Herzogtemer vu Parma, Piacenza a Guastalla (Norditalien), an d'Territoire vun der westlecher Lombardei dem Charles-Emmanuel III vun der Savoie, Kinnek vu Sardinien. Dofir kritt si d'allgemeng Unerkennung vun der Pragmatescher Sanktioun.
- D'Grenze vun den Herzogtemer Modena a Reggio an déi vun der Republik Genua ginn nees hiergestallt.
- Divers Klausele vum Traité vun Utrecht ginn nacheemol widderholl.
- Schlesien a Glatz bleiwen an der Hand vun de Preisen.
Bilan
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer den Handelskrich tëscht England a Frankräich a Westindien, Afrika an an Indien gëtt kee Wuert verluer, soudatt dëse Vertrag scho keng Basis fir e Fridden op Dauer konnt bidden. D'Majoritéit vun de Fransouse war vum Traité och net wierklech begeeschtert, well hirer Meenung no ze vill onnéideg Konzessioune gemaach goufen (virun allem d'Eruewerung vu praktesch ganz Holland duerch de Moritz vu Sachsen, Lännereien déi integral nees un Éisträich zeréckgaange sinn). Zu Paräis héiert een déizäit dacks den Aussproch "bête comme la paix".
Ëmmerhi konnt den Traité vun Oochen awer eng gewësse Stabilitéit an Italie bréngen. D'Klausele vum Traité wat d'Lännereien an d'Grenzen an Italie betrëfft, bleiwe bis zu de Koalitiounskricher (1792) bestoen.