Op den Inhalt sprangen

Transborderbréck

Vu Wikipedia
Prinzip vum Fonctionnement

Eng Transborderbréck ass eng Bréck déi aus zwéin Deeler besteet, an zwar d'Bréck am Fachwierkbau mat engem Tablier, mat drënner enger Gondel de sougenannten Transborder deen a Seeler hänkt. Den Tablier an d'Drodunn déi als Hänkbréck als Schréiseelbréck oder a Cantileverbauweis ausgefouert kënne sinn, hunn an de meeschte Fäll nëmmen als Missioun d'Schinnen ze droen op deenen d'Rolle lafe mat deenen den Transborder hin an hier beweegt gëtt.

Sou Transborderbrécke goufen op Plazen opgeriicht, wou wéinst dem Schëffsverkéier d'Bréck eng fräi Héicht huet missen hunn déi der Héicht vun de Maste vun de Seegelschëffer entsprach huet. D'Iddi vun den Tranborderbrécke koum vun de Seelbunnen hier, a waren eng Kombination vun enger Standbunn op enger Breck mat ënnendrënner enger grousser Plattform fir den Transport vu Persounen a Ween oder Kutschen.

Bis op eng Ausnam stoungen déi Brécke fräi an der Landschaft, a just d'Bréck vu Rendsburg war un d'Verkéiersnetz ugebonnen an huet dozou nach den Déngscht als Eisebunnsbréck gemaach.

Déi éischt gouf 1893 a Spuenien opgeriicht an am Ganze goufen op der Welt 20 där Brécke gebaut, eng gouf ni fäerdeggebaut, an eng aner gouf zweemol op verschiddene Plazen opgeriicht.

D'Erfinder vun der Bréck

[änneren | Quelltext änneren]

Wien den eigentlechen Erfinder ass, ass hautdesdaags net méi mat Sécherheet festzestellen, dat och well d'Transborderbéck eng Applikatioun vun der Seelbunn ass. Wann och de Spuenier Alberto de Palacio 1893 déi éischt Transborderbréck bei Bilbao opgeriicht huet sou schéngt et awer wéi wann et e gemeinsame Projet vum him an dem Fransous Ferdinand Arnodin war. Fest steet op jiddwer Fall datt de Palacio de 5. November 1887 bei der Regierung zu Bilbao eng Demande fir d'Patent vun enger Transborderbréck ofginn huet, an datt den Arnodin de selwechten Dag ëm déi selwecht Zäit sou e Patent zu Paräis ugemellt huet.

Ausserdeem si Pläng bekannt déi den Amerikaner J.W. Morse 1869 gemaach hat fir iwwer den East River en Transborder ze bauen[1], souwéi vum Charles Smith vun 1872 fir en Transborder zu Middlesbrough iwwer de Floss Tees opzeriichten. Déi Konstruktioun gouf eréischt 1911 realiséiert.

D'Pläng vum Arnodin a vum Palacio déi souguer an de klengsten Detailer komplett identesch sinn, loossen drop schléissen, datt déi Zwéi sech ofgeschwat haten éier se hir Patenter ugemellt hunn. Am Abrëll 1888 huet de Arnodin dem Conseil général de la Charente-Inférieur seng Pläng fir en Transborder virgeluecht an de selwechte Mount huet de Palacio seng fir d'Bréck vu Portugalete bei Bilbao ofginn. Den Arnodin krut keen Accord awer de Palacio krut den 12. Februar 1890 gréng Luucht fir säin Transborder opzeriichten, wat den éischte vun där Zort war, deen op der Welt gebaut gouf.


JoerNummPlazAusser DéngschtOfgerapptBemierkungen
1893Puente de Vizcaya Portugalete - Las ArenasAn Déngscht
1898Transborderbréck vu Bizerte Bizerte19031903Zu Brest erëm opgeriicht
1899Transborderbréck vu Rouen RouenJuni 1940Enn 1940 
1900Transborderbréck vum Martrou Le Martrou - RochefortAm Déngscht fir Touristen
1903Transborderbréck vun Nantes NantesDezember 1954Mee 1958 
1905Transborderbréck vu Marseille MarseilleMäerz 1944August 1944 
1908Transborderbréck vu Brest Brest19441947 
 Transborderbréck vu Bordeaux Bordeaux 1942Just Piliere ware gebaut ginn
 Transborderbréck vu Lucy Monceau-les-Mines Gouf duerch eng Hiefklappbréck iwwer dem Canal du Centre ersat.
1905Transborderbréck Runcon-Widnes Runcorn - WidnesJuli 1961Enn 1961 
1906Transborderbréck vun Newport Pillgwenlly - SomertonAn Déngscht
1911Transborderbréck vu Middlesbrough Middlesbrough - Port ClarenceAn Déngscht (Video iwwer d'Bréck)
1916Transborderbréck vu Warrington Warrington1964Nach heiansdo a Betrib
1905Transborderbréck vun Duluth Duluth1927Gouf 1929 als Hiefbréck ëmgebaut
1933Sky Ride Chicago1934War just fir d'Ausstellung Century of Progress gebaut ginn.
1914Ponte Pênsil Alexandrino de Alencar Rio de Janeiro1935Gouf mat enger Stroossebréck ersat

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Pläng am Service historique de la Marine de Rochefort