Transborderbréck vum Martrou

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Transborderbréck vum Martrou
Transborderbréck vu Rochefort
D'Transborderbréck
Informatiounen
Land Frankräich
Stad Rochefort
Martrou Échillais
Féiert iwwer Charente
Geographesch Lag 45° 54’ 58.23’’ N
      00° 57’ 38.48’’ W
Längt 175,5 m.
Breet 8 m.
Héicht 50 m.
Ingenieur Ferdinand Arnodin
Typ Transborder-Hänkbréck
Material Stol
Baujoer 1900
Kategorien

Brécken a Frankräich Hänkbrécken Transborderbrécken

D'Transborderbréck vum Martrou, och nach Transborderbréck vu Rochefort ass eng Transborderbréck an der Charente-Maritime, déi vum Ingenieur Ferdinand Arnodin geplangt a gebaut gouf. Se gouf den 29. Juli 1900 ageweit.

Et ass déi eenzeg déi et nach a Frankräich gëtt. Et ass och mat dem Puente de Vizcaya eng vun den eenzegen déi als Hänkbréck gebaut goufen an nach funktionéieren. Déi aner sinn Dunnebrécken am Fachwierkbau, oder Ausleeërbrécken.

Si verbënnt Rochefort um rietsen Uwänner vun der Charente mat dem Martrou an der Gemeng Échillais, um lénksen. D'Bréck ass op fir Foussgänger, an ausnamsweis op Ufro fir Autoen.

Nopeschbrécken[änneren | Quelltext änneren]