Trauerbuch zu Boufer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Trauerbuch zu Bouferdeng)
Trauerbuch zu Boufer
D'Trauerbuch am Park zu Boufer (Mee 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Luerenzweiler
Koordinaten 49°41'20,04"N, 6°8'20,98"O
Den Opbau vum Bam. D'Altersheem am Hannergrond.
E queeschen Aascht, de parallel zum Wee gewuess ass.

Déi bemierkenswäert Trauerbuch zu Boufer steet am Park beim Altersheem, nieft dem Wee dee lénks laanscht d'Gebai féiert.

Si gehéiert wéinst hirem Alter, deen op ronn 140 Joer geschat gëtt, an och hirer imposanter Erscheinung, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ee vun den Haaptäscht ass ronderëm de Stamm gewuess, huet sech horizontal a parallel zum Wee ausgebreet, fir dann no zirka 5 m no uewen ze wuessen. Dësen Aascht huet missen duerch zwou Stäipe geséchert ginn.

Am Mee 2008 gouf de Wee deen ënner dem Bam erduerch féiert aus Sécherheetsgrënn ëmgeleet. De Problem konnt awer behuewe ginn an am August duerno ass de Wee an och d'Bänk ënner dem Bam erëm fräi zougänglech.

D'Trauerbuch am Allgemengen ass e sougenannte Kultivar, also eng vu Gäertner geziichte Varietéit vun der Routbuch (Fagus sylvatica), déi an de Bëscher an Europa natierlech virkënnt.

Am Park zu Boufer gëtt, resp. gouf et nach e puer aner bemierkenswäert Beem:

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 80, Text a Foto.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trauerbuch zu Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien