Uergel Kierch Biissen

Vu Wikipedia
D'Uergel

D'Uergel an der Kierch Biissen gouf 1891 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut.

Et ass e gotesche Buffet, woubäi déi viischt Säit aus Eechenholz an d'Säiten an de Réck aus Dännenholz sinn. D'Instrument gouf den 11. Januar 1892 duerch de Museksprofesser Laurent Menager ofgeholl. Et ass zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

De fréieren Titularorganist vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg Carlo Hommel, ee gebiertege Biisser, huet op dëser Uergel d'Freed um Instrument an der Liturgie entdeckt a war bis zu sengem Doud stolz op seng Biisser Heemechtsuergel.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uergel Kierch Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).