Uessepickert mat roudem Schniewel
Uessepickert mat roudem Schniewel | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
En Exemplar op engem Büffel | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Buphagus erythrorhynchus (Stanley, 1814) |
Den Uessepickert mat roudem Schniewel (Buphagus erythrorhynchus) ass e Sangvull aus der Famill vun de Buphagidae (Uessepickerten), deen an de Savanne vun Ost- a Südafrika verbreet ass.
Charakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]Den Uessepickert mat roudem Schniewel gëtt 18 bis 20 Zentimeter grouss an huet en opfällege roude Schniewel, wat him säin Numm a ville Sprooche ginn huet (fr.:piquebœuf à bec rouge; es.: picabueyes piquirrojo; nl.: Roodsnavelossenpikker; en.: red-billed oxpecker). Säi Plommekleed ass anthrazit gefierft, ausser op Broscht a Bauch, wou et groelzeg bis crèmefaarweg ass. En huet rout Aen, ronderëm déi en opfällege giele fleeschege Rank ass. D'Bee si schwaarz an hu kräfteg Krallen.
Verbreedung a Liewenswies
[änneren | Quelltext änneren]D'Aart ass an de Savanne vum ëstlechen Afrika vun Eritrea bis Südafrika doheem. E lieft a klenge Gruppe vu bis zu 20 Vigel. En erniert sech vu Gedéiesch (Zecken, Fléi an aner Hautparasiten), dat s'op der Haut oder a Wonne vu grousse Weeddéiere fannen (zum Beispill Antilopen, Nilpäerd oder och Hausranner).
Dëst wier en typescht Beispill vun enger Symbios, bei där souwuel de Villche wéi d'Déier dat en dréit, op hir Käschte kommen. De britteschen Zoolog Paul Weeks huet awer bei engem Trapp Hausranner a Simbabwe festegestallt, datt d'Uessepickerten do zwar hire 'Wiert' vu Parasitte befreien, mee och, an zu engem groussen Deel, d'Wonne picken, datt déi net zouheelen, an esou Blutt, Rëff a soss Substanze vum Mamendéier friessen.
Uessepickerte mat roudem Schniewel bauen hir Näschter gewéinlech a Bamhielen, a fiddere se mat Déierenhoer a Planzendeeler aus. Eng Bréiecht besteet aus engem bis sechs Eeër, déi 18 Deeg laang bebréit ginn. Déi Kleng bleiwe knapps 3 Wochen am Nascht.
Op Kisuaheli gëtt de Villche Askari wa Kifaru – "Wiechter vum Nashorn" genannt, well e, wann en op engem Rhinozeros mat spatzer Maul sëtzt, bei Gefor dëst mat engem Kreesch warnt; well dës zwar gutt richen, awer net gutt gesi kënnen.[1]
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Nieft der Nominatform goufe bis ewxell 6 Ënneraarte beschriwwen:
- Buphagus erythrorhynchus angolensis da Rosa Pinto 1968
- Buphagus erythrorhynchus archeri Cunningham-van Someren, 1984
- Buphagus erythrorhynchus bestiarum Brooke, 1970
- Buphagus erythrorhynchus caffer Grote, 1927
- Buphagus erythrorhynchus erythrorhyncha Stanley, 1814)
- Buphagus erythrorhynchus invictus Clancey, 1962
- Buphagus erythrorhynchus scotinus Clancey & Lawson, 1961
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Christopher M. Perrins (Hrsg.): The New Encyclopedia Of Birds. Oxford University Press, Oxford 2003.
- Weeks, P. (1999): Interactions between red-billed oxpeckers, Buphagus erythrorhynchus, and domestic cattle, Bos taurus, in Zimbabwe. Anim Behav. 58(6):1253-1259. PMID 10600147
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Uessepickert mat roudem Schniewel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Vögel warnen Nashörner vor Wilderern orf.at, 9. April 2020, agekuckt 9. Abrëll 2020.