Nilpäerd

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nilpäerd
en Nilpäerd am Gaang Gras ze friessen
en Nilpäerd am Gaang Gras ze friessen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Artiodactyla
Ënneruerdnung: Eutheria
Famill: Hippopotamidae
Gattung: Hippopotamus
Aart: Nilpäerd
Wëssenschaftlechen Numm
Hippopotamus amphibius
Linnaeus, 1758

D'Nilpäerd (Hippopotamus amphibius) ass e grousst Mamendéier vun der Famill vun de Flosspäerd (Hippopotamidae), dat am mëttelsen a südlechen Afrika virkënnt. Et ass e Planzefrësser, dee gewéinlech beim oder am Waasser lieft.

Et ginn nach eng 125.000 bis 150.000 Déieren, nodeems hir Populatioun staark zréckgaangen ass, besonnesch, well hire Liewensraum ëmmer méi rar gëtt.

Hiren Numm geet dodrop zréck, well déi éischt Exemplairen, déi beschriwwe goufen, am Nil gelieft hunn. Trotz hirem Numm si si net mat de Päerd Famill, ma nach éischter mat de Walen.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

Eent mat opgerapptem Maul, eent bal ganz ënnergedaucht.

Nilpäerd si schwéier Déiere mat engem faassfërmege Kierper, kuerze Been an engem décke Kapp, bei deem absënns dat grousst Maul mat den imposanten Eckzänn opfällt. Tëscht hiren Zéiwen hu si Schwammhait.

Vu Kapp bis Hënner gi si 2,9 bis 5,1 Meter laang, dobei kënnt nach e 40 bis 56 Zentimeter laange Schwanz. Hir Schëllerhéicht ass 150 bis 165 Zentimeter, a si weien tëscht 1000 a 4000 Kilogramm. Si hu wéineg Buuschten, an hir Haut ass empfindlech géint zevill staark Sonn. D'Haut ass brongelzeg, um Bauch purpurfaarweg.

Liewensweis, Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

Am Dag raschten oder schlofen d'Nilpäerd bal déi ganzen Zäit beim oder am Waasser. Wa s'am Waasser sinn, kucken dacks just nach d'Aen, d'Oueren an d'Nues eraus. Si kënnen net besonnesch gutt schwammen. Wa se dauchen, kënne se hir Aen, Nues- an Ouerelächer zoumaachen.

Nuets gi s'u Land, fir Friessen ze sichen. Dobäi kënne s'e puer Kilometer wäit vum Waasser ewechgoen, fir Weeden ze fannen. Trotz hirem schwéierfällegen Ausgesi kënnen d'Nilpäerd erstaunlech séier, iwwer 30 km an der Stonn, lafen, wann och just op e puer honnert Meter. Si friessen all Dag 1 bis 1,5 Prozent vun hirem Kierpergewiicht u Planzen, meeschtens Gras. Si hu méi wéi ee Mo, idderzen awer net wéi aner Grasfrësser.

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Nilpäerd verkoppele sech am/ënner Waasser. Dat Klengt wiisst bannent 227 bis 240 Deeg am Bauch. Et kann am Waasser oder u Land op d'Welt kommen. Nei gebuer Nilpäerd si 25 bis 55 Kilogramm schwéier a kënnen direkt no der Gebuert lafen. D'Mamme këmmmere sech vill ëm hiert Klengt a verdeedegen et wann et muss sinn aggressiv. No 6 bis 8 Méint gëtt dat Klengt gespéint; no 6 bis 14 Joer sinn d'Déieren da prett, sech selwer fortzeplanzen.

En Nilpäerd gëtt 30 bis 40 Joer al, a Gefaangenschaft och alt iwwer 50.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chris Stuart, Tilde Stuart: Field Guide to the Larger Mammals of Africa. 2. Auflage. Struik, Cape Town 2000, ISBN 1-86872-534-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nilpäerd – Biller, Videoen oder Audiodateien