Ulrich vun Augsburg
Ulrich vun Augsburg | |
---|---|
Ulrich von Augsburg | |
Titel | |
Titel | Bëschof Diözees Augsburg |
Biographie | |
Gebuer |
890 jul. Wittislingen |
Gestuerwen |
4. Juli 973 jul. Augsburg |
Graf | Ulrich-an-Afra-Kierch |
Nationalitéit | Ostfrankeräich |
Papp | Hupald I Grof vun Dillingen |
Mamm | Dietbirg vun Thurgau |
Geschwëster | Dietwald vun Dillingen |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister |
Aner Informatiounen | |
Statut | Kanoniséierten Hellegen (993 (julianesch)) |
Gedenkdag | 4. Juli |
Graf an der Ulrich-an-Afra-Kierch zu Augsburg | |
Den Ulrich vun Augsburg, an der kathoulescher Kierch als Hellegen Ulrich bekannt, gouf ëm 890 zu Wittislingen bei Dillingen a Bayern gebuer an ass de 4. Juli 973 zu Augsburg a Bayern gestuerwen. Hie war vun 923 bis zu sengem Doud den 19. Bëschof vun Augsburg.
A villen Duerstellunge gëtt den Ulrich als den éischte bestätegt, deen duerch eng Kanonisatioun helleg gesprach gouf. De Poopst Johannes XV. soll d'Hellegspriechung den 3. Februar 993 zertifiéiert hunn, awer d'Formuléierung vum Dokument ass nëmmen an Ofschrëfte vu méi spéit iwwerliwwert.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Duerstellung
[änneren | Quelltext änneren]Den Ulrich gëtt gemenkerhand am Ornat vun engem Bëschof a mat engem Fësch duergestallt, dacks andeems en op engem Päerd sëtzt.
D'Ulrichskräiz ass och en Zeeche fir den Ulrich erëmzekennen.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Dem Ulrich seng reliéis Veréierung huet scho kuerz no sengem Begriefnis ugefaangen. Hie gouf direkt no sengem Doud als sanctus bezeechent a veréiert. Nach zu Liefzäiten hat hie sech säi Graf op der Südsäit vun der nei gebauter Augsburger Ulrich-an-Afra-Kierch baue gelooss, dat direkt no sengem Doud fir vill Gleeweger eng populär Wallfaartsplaz gouf.
Dem Ulrich säi Gedenkdag ass säin Doudesdatum, de 4. Juli. Am Bistum Augsburg ass den Ulrichsdag en Héichfest (Sollemnitas).
Hien ass de Patréiner vun de Leit déi reesen, vun de Wanderer, Fëscher, Wiewer, Wënzer an deenen déi stierwen. Hie gëtt bei schwéiere Gebuerten ugeruff, géint Féiwer, kierperlech Schwächt, Wansinn an Tollwut, bei Raten- a Maisploen a géint Iwwerschwemmungen.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den hellegen Ulrich z'erënneren, gouf eng Strooss am Stadgronn nom him genannt (Rue Saint-Ulric).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ulrich vun Augsburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |