Um Schinker
Schinker | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Schinker de: schinker |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Parc Housen |
Koordinaten |
49° 59’ 31.6’’ N 06° 05’ 19.’’ O |
Um Schinker ass e Lieu-dit an der Lëtzebuerger Gemeng Parc Housen.
Op der Plaz vun der Kräizung déi do war, ass zanter 2007/2008 e Rond-point deen ewell d'N7 mam CR322 verbënnt.
Den Numm vum Lieu-dit geet op e Wiertshaus zeréck dat bis zum Zweete Weltkrich op der Kräizung stoung, ier et an der Ardennenoffensiv zerstéiert an duerno net méi opgeriicht gouf. De Café huet der Famill Schinker gehéiert.[1]
D'Existenz vun der Kräizung ass zënter dem 14. Joerhonnert beluecht.[1] Follgend historesch Nimm op der Plaz vum Lieu-dit si bekannt: Auf der Vang (Ferrariskaart, ëm 1770; Vang oder Wang, eng agepercht Wiss); um Urkadaster, ëm 1812, steet auf dem Rang; an op der topographescher Kaart gëtt et de Flouernumm Rank.[2]
Schonn zu Réimerzäite stoung do e Burgus (Wuechttuerm). Tëscht 2019 an 2024 goufen do 141 Goldmënzen aus dem 4. Joerhonnert fonnt.[3]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Burgus vun Holztem.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2015, S. 28.
- ↑ Am Artikel vum Luxemburger Wort vum 22.10.2015, dee sech op d'Aussoe vun engem Lokalhistoriker stäipt, fënnt een eng aner Interpretatioun: de Lieu-dit hätt fréier um Rand geheescht, dat well en op de Grenze vun deenen deemolege Gemengen Houschent, Konstem an Housen louch.
- ↑ Marc Thill: "Das Flüstern der Münzen: Das römische Gold birgt weiterhin Geheimnisse." wort.lu [€], 07.12.2024.