Véronique

Vu Wikipedia

Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op eng chrëschtlech Helleg zeréckgeet.

E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.

Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:

  • φέρειν - droen
  • Νίκη - d'Victoire

Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.

Hellegelegend[änneren | Quelltext änneren]

D'Véronique mam Schwessduch, e Konschtwierk vum Hans Memling

D'Helleg Véronique soll dem Jesus bei senger Passioun e Schweessduch ginn hunn, fir säi Gesiicht ofzebotzen.

Am Volleksmond heescht et, datt den Numm Véronique vum laténgeschen vera (wouer, echt) a vum griicheschen Εικών (eikon, Bild) ofstame soll. Deemno soll d'Hellegt Véronique dat "richtegt Bild" vum Jesus um Schweesduch kritt hunn.

Gedenkdag[änneren | Quelltext änneren]

Hire Gedenkdag ass de 4. Februar.

Bekannt Frae mat deem Virnumm[änneren | Quelltext änneren]

Véronique[änneren | Quelltext änneren]

Veronica[änneren | Quelltext änneren]

Veronika[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helleg Veronika – Biller, Videoen oder Audiodateien