Viaduc vu Schengen
Koordinaten | 49°28'45,8"N, 6°22'5,5"O |
---|---|
De Viaduc vu Schengen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer dem Museldall tëscht Schengen a Perl, déi vun 1998 bis 2002 gebaut gouf. Se ass am Juli 2003 fir de Verkéier opgaang.
Si verbënnt déi lëtzebuergesch Autobunn A 13 mat der däitscher A8 oder Saarautobunn genannt.
Et ass eng Cantilever- oder Ausleeërbréck an d'Trägere bestinn aus verwëlleften huele Këschten. D'Bréck mécht eng Kéier mat engem Radius vun 1.100 m. Se besteet aus zwou parallele Brécken; den Deel de Floss erop ass 597 m laang an deen aneren huet 607 m. Dat gréisst Feld ass 130 m laang an d'Bréck huet eng Gesamtbreet vun 28,5 m. D'Héicht iwwer dem Waasser ass 24 m.
Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:
Bicher
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, Heinrich Theodor; - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 395-400, 1997.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Viaduc vu Schengen bei Ponts et Chaussées
- Broschür vun de Ponts et Chaussées (download)
- De Viaduc vu Schengen bei structurae.de
- (de) Viadukt Altwies / Moselbrücke Schengen bei dillinger.de