Victor Delcourt

Vu Wikipedia
Victor Delcourt
Gebuer 28. Januar 1919
Gestuerwen 20. November 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


De Victor Delcourt, gebuer den 28. Januar 1919 zu Käerch, a gestuerwen den 20. November 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war en Auteur vu literaresche Wierker an däitscher Sprooch. Hie war bis 1980 Direkter vun der Fédération des commerçants.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Käerch an de Secondairesstudien am Stater Kolléisch, huet de Victor Delcourt sech an d'Cours supérieurs ageschriwwen. De Krich huet awer säin Dram vu literaresche Studien zerstéiert, an hien huet bei der Allgemeinen Ortskrankenkasse an der Stad eng éischt Aarbechtsplaz fonnt.

Kuerz no der Liberatioun ass de Victor Delcourt Journalist ginn, an huet d'Wochenzäitschrëft Das Familienblatt matgegrënnt. An deem Blat, dat eigentlech méi Auslandsbeiträg wéi lëtzebuergesch Produktioune publizéiert huet, war hie Chefredakter.

1964 ass de Victor Delcourt dunn an den Déngscht vun der Fédération des commerçants agetratt, a lues a lues huet hie sech bis op d'Direkteschplaz eropgeschafft. 1980 ass hien an d'Pensioun gaangen.

Vun deem Datum u konnt de Victor Delcourt, dee schonn ëmmer vill geschriwwen hat, sech voll a ganz senger eigentlecher Vokatioun higinn: der Literatur. Hien huet Rezensiounen (net wäit vun 1200 a 55 Joer) a "Schmunzelgeschichten" publizéiert, awer och literaturgeschichtlech Artikelen oder Bicher an eege Wierker: Gedichter, Liewenserënnerungen, Romaner, Erzielungen, Essaien, asw., am Ganze 36 Bänn, haaptsächlech Poesie. Seng Gedichtbänn si bal all an Däitschland oder an Éisträich erauskomm. Dat, an och d'Tatsaach, datt hien net direkt aktiv um kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg deelgeholl huet, erkläert firwat hien a senger Heemecht relativ onbekannt bliwwen ass. Seng Gedichter, déi ëmmer an enger gewësser Traditioun bleiwen, onofhängeg vun der momentaner Moud, huet hie reegelméisseg op de Poesiedeeg zu Regensburg virgedroen. 1984 ass him do den Autorenpreis vun der Regensburger Schriftstellergruppe International iwwerreecht ginn.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Tat; Gedichter; Karlsruhe, 1961.
  • Stunde der Seele; Gedichter; Karlsruhe, 1961.
  • Schwur und Gebärde; Gedichter; Karlsruhe, 1963.
  • Gabriele; Erzielung; Frankfurt-am-Main, 1980.
  • Assistent Dr. Stalling; Roman; D-Dülmen, 1985.
  • Erënnerungen a 4 Bänn, erauskomm zu Chrëschtnech am Verlag Émile Borschette (1988-1991):
    • 1] Meine glückliche Vorkriegszeit, oder: Die rosagrünen Jahre - Erinnerungen 1919-1939; 1990; 295 Säiten;
    • 2] Luxemburg unter dem Hakenkreuz - Erinnerungen an die Kriegsjahre 1940-1944; 1988; 299 Säiten;
    • 3] Luxemburg nach dem Kriegssturm - Erinnerungen 1945-1965; 1989; 267 Säiten;
    • 4] Meine streitbare Nachkriegszeit, oder: Einsames Brot - Erinnerungen 1966-1990; 1991; 325 Säiten.
  • Luxemburgische Literaturgeschichte - Autoren deutscher, französischer, luxemburgischer Sprache; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1992; ISBN 2-87963-146-7.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984 - Preis der Autoren vun der Regensburger Schriftstellergruppe International.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Coryllis (Hg.), Lichtband-Autoren-Bild-Lexikon ; D-Dülmen, 1980; Ss. 56-57.
  • (Interview), Victor Delcourt: Seit 55 Jahren Mitarbeiter - Ein seltenes Jubiläum ; in: Luxemburger Marienkalender, Joergang 1994; Ss. 216-217.
  • pl., Schreiben als Lebensnotwendigkeit - Zum Tode von Victor Delcourt; in: Die Warte - Perspectives, kulturell Beilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 1. Dezember 1994.
  • Edouard M. Kayser, Victor Delcourt 1919-1994; in: 400 Joer Kolléisch, Bd. II; Lëtzebuerg, 2003; Ss. 415-416.
  • Germaine Goetzinger & Claude D. Conter (+ Mataarbechter), Luxemburger Autorenlexikon; erausgi vum Nationale Literaturzentrum zu Miersch, 2007; Ss. 116-117.