Wiktor Janukowytsch
Wiktor Janukowytsch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Віктор Федорович Янукович |
Gebuer | 9. Juli 1950 |
Nationalitéit | UdSSR, Ukrain, Russland |
Aktivitéit | Ingenieur, Ekonomist, Politiker, Jurist, Diplomat, Lecteur |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
De Wiktor Fedorowytsch Janukowytsch (op Ukrainesch Віктор Федорович Янукович an op Russesch Виктор Фёдорович Янукович), gebuer den 9. Juli 1950 zu Jenakijewe am Oblast Donezk, ass en ukrainesche Politiker a war zäitweileg Chef vun der Partei vun de Regiounen.
De Wiktor Janukowytsch war vum 21. November 2002 bis den 31. Dezember 2004 Premierminister vun der Ukrain. 2004 huet hie fir d'Presidentschaftswale vu sengem Land kandidéiert, mä en huet géint de Wiktor Juschtschenko, de Leader vun der Oranger Revolutioun, verluer. 2006 war seng Partei déi stäerkst bei de Parlamentswalen, a sou gouf hien nees, vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007, Premierminister.
2010 huet hien, als Oppositiounsleader, d'Presidentschaftswale mat 48,95% vun de Stëmme gewonnen. No der Eskalatioun vun de sougenannten Euromaidan-Protester, woubäi et zu 77 Doudeger koum, gouf de Janukowytsch den 22. Februar 2014 vum ukrainesche Parlament fir ofgesat erkläert. Hie betruecht seng Amtsenthiewung als illegal.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wiktor Janukowytsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |