Vincent-J.-Festa-Bréck

Vu Wikipedia
Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vincent-J.-Festa-Bréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Méischtref
Koordinaten 49° 52’ 07.3’’ N
      06° 14’ 20.6’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Sauer
Millekanal
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 71 m
Felder/Béi 3 Stéck (22 - 27 - 22)
Breet 11 m
Déckt vum Tablier ~ 90 cm
Bau vum Tablier virgespaante Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1. Bréck: 1873
2. Bréck: 1946
3. Bréck: 2012

D'Vincent-J.-Festa-Bréck ass eng Bréck iwwer d'Sauer déi den Zentrum vu Méischtref mat der Nationale 19 verbënnt. Iwwer d'Bréck féiert den CR357C. D'Bréck ass vun 2012 an et ass déi drëtt Bréck op där Plaz.

Déi éischt Bréck zu Méischtref war vun 1873. Et war eng Boubréck aus Hasteng mat fënnef flaache Béi. Déi Bréck war 64 m laang a gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert. Nom Krich goufen déi véier Opleeër an d'Widderlagere verstäerkt an drop koum eng stolen isostatesch Dunnebréck. Déi Bréck war 7,20 m breet. D'fräi Héicht iwwer dem Millekanal war 2,70 m an iwwer der Sauer waren et 4,10 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 17./18. Januar 2020 haten d'Gemeng Bettenduerf an de Syndicat d'initiatives Commemoratiouns-Feierlechkeeten organiséiert fir un d'Kämpf vun der Ardennenoffensiv op der Sauer am Januar 1945 z'erënneren. Am Kader vun dëser 75-Joer-Feier gouf d'Sauerbréck zu Méischtref nom Vincent J. Festa genannt, engem Zaldot vun der US-Arméi, deen den 20. Januar 1945 bei Stroossekämpf zu Méischtref säi Liewe gelooss huet.[1]

Bei der Bréck gouf eng Gedenkplack opgehaangen, op där dësen Text steet:

The "Moestroff" bridge is named in honor
and remembrance of
Vincent J. FESTA
Private First Class,
"G" company,
8th US Infantry Regiment,
4th US Infantry Division,
KIA[2](†) on January 20, 1945 in Moestroff
"Lest we forget"

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Armand Wagner, Auf Zeitreise - Laiendarsteller spielen Kriegsereignisse nach am Luxemburger Wort vum 20. Januar 2020, S. 34 an op wort.lu ënnert dem Titel "River Crossing" an der Sauer, 19. Januer 2020.
  2. KIA = killed in action: am Kampf gefall