Viola arsenica
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Dikotyledonen |
| Uerdnung | Malpighiales |
| Famill | Violaceae |
| Gattung | Viola |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Viola arsenica | |
| Beck, 1894 | |
|
| |
D'Viola arsenica ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung vun de Vioulen (Viola) aus der Famill vun de Viouleplanzen (Violaceae). Se gouf 1894 vum éisträichesche Biolog Günther Beck beschriwwen[1][2].
D'Aart ass am Süde vun Nordmazedonien endeemesch. Hiert Verbreedungsgebitt läit nëmmen an der Oflagerung Alšar (Allchar) op der Grenz mat Griicheland, 40 km südwestlech vun der Stad Prilep[3]. D'Biedem vun Alšar hu vill Arsen, Antimon, Thallium an anerer Schwéierelementer. Deemno ass d'Viola arsenica eng Extremophilenaart[4], an huet se d'Plaze mat engem grousse Gehalt vun Arsen léiwer (cf. de wëssenschaftlechen Numm)[5]. D'Aart ass awer net eemoleg an dëser Hiisicht : d'Viola allchariensis an d'Viola tricolor subsp. macedonica sinn och "Arsenophilen" a wuessen och an dësem Gebitt[4]. Arsen akkumuléiert gréisstendeels an der Wuerzel vun der V. arsenica[6].
De Stamm ass bis 20 cm héich[7]. D'Blieder sinn hellgréng, vun enger ovaler oder bal häerzfërmeger Form. D'Blumme si giel oder (rar) violett mat breete Bléiebleider. D'Planz blitt am Mee[8] oder am Fréisummer[7].
D'Chromosomenzuel : 2n=20[9].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://tropicos.org/Name/33800620
- ↑ Archive copy Archivéiert de 24.11.2021. Gekuckt den 13.10.2018.
- ↑ http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/e899211be938cf3975bd314f4eb215fe
- 1 2 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/24912236
- ↑ http://archive.li/E8RzJ
- ↑ https://www.researchgate.net/publication/254305412_Accumulation_of_arsenic_and_heavy_metals_in_some_Viola_species_from_an_abandoned_mine_Alchar_Republic_of_Macedonia_FYROM
- 1 2 http://encyclopaedia.alpinegardensociety.net/plants/Viola/arsenica
- ↑ 18 abt. 2 – Beihefte zum botanischen Centralblatt.
- ↑ http://tropicos.org/Name/33800620?tab=chromosomecounts
