Vlaams Belang

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Madouplein 8
1210 Sint-Joost-ten-Node
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 14. November 2004
Memberen: 17.255 (2014)[1]
Ideologie: Flammänneschen Nationalismus
Nationalkonservatismus
Rietspopulismus
Separatismus
Euroskeptizismus
Faarwen: Schwaarz a Giel
Europäesch Affiliatioun: Beweegung fir en Europa vun
den Natiounen an de Fräiheeten
Websäit: www.vlaamsbelang.org

Vlaams Belang (kuerz: VB, hollännesch fir Flammännesch Intressien) ass eng belsch rietspopulistesch bis rietsextrem politesch Partei. Si vertëtt de flammännesch Nationalismus an ass a Flandern an an der Haaptstadregioun Bréissel etabléiert. VB ass 2004 aus dem Vlaams Blok ervirgaang, nodeems deen am selwechte Joer wéinst Rassismus verurteelt gouf.

Vun de meeschten anere belsche Parteie gëtt si ausgegrenzt a blockéiert, wat ee Grond ass firwat si nach ni en exekutiivt Mandat gestallt huet. 2016 hat VB an der belscher Chamber 3 vu 87 flammännesche Sëtz, am Belsche Senat 2 vu 35 Sëtz, am Flammännesche Parlament 6 vun 124 Sëtz an am Europaparlament 1 vun 12 flammännesche Sëtz.

Zënter 2009 huet Vlaams Belang wéinst dem wuessende Succès vun der méi gemässegter Nieuw-Vlaamse Alliantie (N-VA) mat Stëmmeverloschter ze kämpfen.

Parteicheffen[änneren | Quelltext änneren]

D'Cheffe ("Partijvoorzitter") vu VB waren:

  • 2004-2008: Frank Vanhecke]
  • 2008-2012: Bruno Valkeniers
  • 2012-2014: Gerolf Annemans
  • 2014-elo: Tom Van Grieken

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vlaams Belang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Redactie (online): Open VLD heeft de meeste leden en steekt CD&V voorbij (30. Oktober 2014)