La Voix du Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Voix du Luxembourg)

La Voix du Luxembourg war eng franséischsproocheg Lëtzebuerger Dageszeitung, déi bei den Éditions Saint-Paul vum 2. Oktober 2001 bis den 30. September 2011 erauskomm ass.

Ënner deem Numm gouf et scho vun 1972 bis 1978, an dann erëm vun 1999 un, e Supplément am Luxemburger Wort.

Déi kleng frankophon Redaktioun ass mat där vum franséische Point24 zesummegeluecht an och dat franséischt Wort.lu gëtt vun hinne gemaach. Nodeem d'Voix opgehalen huet, sollten de Point24 an d'Internetsäit ausgebaut ginn.[1],[2] De Point24 huet et allerdéngs just e gutt Joer méi laang gepackt.

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Oplo[änneren | Quelltext änneren]

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:[3]

0004/2008000 0002/2009000 0004/2009000 0002/2010000 0004/2010000
4.575 4.438 4.336 4.234 4.215

Lieserstatitik[änneren | Quelltext änneren]

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 6,8 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'Voix gelies. 2006/2007 waren et der 6,50 %; 2007/2008 6,60 % an 2008/2009 5,10 %.[4] D'Zuele fir 2010 goufen net public gemaach.[5] 2011 waren et 6,20 %[6].

Pressehëllef[änneren | Quelltext änneren]

2011 huet d'Voix 488 357 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "D'Zeitung 'La Voix' gëtt Enn September agestallt." rtl.lu - 19.08.2011, 18:30 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.08.2011, 18:03
  2. Saint-Paul Luxembourg redéfinit son offre pour le public francophone wort.lu 22.08.2011 14:51, fir d'lescht aktualiséiert 22.08.2011 15:28
  3. Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.:"Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
  4. [1] Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  5. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  6. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  7. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.