Volta (Moundkrater)
Ausgesinn
![]() De Moundkrater Volta lénks uewen (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 53°54'0"N, 84°46'12"W |
---|---|
Duerchmiesser | 128,14 km |
Déift | 3580 m[1] |
Selenographesch Längt | 88° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Alessandro Volta |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ03 |
De Volta ass en Aschlagkrater um extreem westleche Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir wéinst der Libratioun heiansdo vun der Äerd aus net ze gesinn oder wann, da staark verzunn. E läit westlech vum Oceanus Procellarum, nërdlech vum Galvani an nordwestlech vum Repsold. De westlech Rand gëtt deelweis vum méi klenge Krater Regnault iwwerdeckt a beréiert de Rand vum Stokes.
De Kraterrand ass relativ staark erodéiert.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
B | 54,49° N, 83,46° W | 9 km | [1] |
D | 52,52° N, 83,03° W | 21 km | [2] |
De Krater gouf am Joer 1964 vun der I.A.U. nom italieenesche Physiker Alessandro Volta genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Volta op The-Moon Wiki
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.