Vox (Partei)
Vox | |
|---|---|
|
| |
| President | Santiago Abascal Conde |
| Generalsekretär | Ignacio Garriga |
| Gegrënnt | 17. Dezember 2013 |
| Ideologie |
Nationalismus Konservatismus |
| Politesch Positioun | Riets |
| Europäesch Affiliatioun | EKR (Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten) |
| Faarf | Gréng |
| Websäit | voxespana.es/ |
Vox (Latäin fir "Stëmm") ass eng national konservativ, rietspopulistesch an euroskeptesch Partei a Spuenien, déi am Dezember 2013 vu fréiere Membere vum Partido Popular (PP) gegrënnt gouf. Se refuséiert d'Autonomierechter vun de spuenesche Regiounen a beméit sech amplaz fir eng zentralistesch Verfassung; et refuséiert illegal Immigratioun a Neofeminismus. An de spuenesche Medien gëtt si heiansdo als Rietsextremist klasséiert.[1]
Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]De 16. Januar 2014 gouf Vox op enger Pressekonferenz zu Madrid offiziell virgestallt.[2] D'Grënn fir d'Spaltung no wieren déi mëll Manéier wéi d'PP mat der baskescher Terrororganisatioun ETA ëmgeet.[3] Donieft stoung och de Wonsch no engem zentraliséierte System a Spuenien am Virdergrond, deen am Géigesaz zum quasi-federalistesche System vun autonome Communautéiten a Spuenien aus 1978 géif stoen.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Memberen den 31. Dezember |
|---|---|
| 2016 | 3.496 |
| 2017 | 4.792 |
| 2018 | 23.843 |
| 2019 | 52.407 |
| 2020 | 62.374 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ (de) Wahl in Spanien: Sozialisten siegen ohne eigene Mehrheit. FAZ.NET (29.04.2019). Gekuckt de 26.01.2023.
- ↑ (es) Agencia ATLAS/Foto: REUTERS, Nace VOX, el nuevo partido de Abascal y Ortega Lara. eldia.es (16.01.2014). Gekuckt de 26.01.2023.
- ↑ (es) Abascal deja el PP y acusa a Rajoy de 'traicionar sus ideas'. ELMUNDO (25.11.2013). Gekuckt de 26.01.2023.