Wallissenaffär

Vu Wikipedia

Wallissenaffär war den Numm vun enger angeblecher Parteispendenaffär zu Lëtzebuerg, iwwer déi 1994 eng parlamentaresch Spezialkommissioun enquêtéiert huet, an déi sech 1984 zougedroe soll hunn. Si huet sech awer als net stéchhalteg erwisen.

Wourëms goung et?[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 1994 huet den deemolegen ADR-Deputéierte Robert Mehlen um Kongress vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband behaapt, d'Bauerenzentral hätt Lëtzebuerger Parteie Sue gespent. Ë. a. hätt de Marc Fischbach, dee kuerz drop CSV-Minister gouf, 1984 am Chalet Mierscherbierg eng Wallis mat bal 2,5 Millioune Frang dra kritt gehat.[1]

Doropshi gouf den 1. Februar 1994 eng Enquête-Kommissioun an der Chamber opgestallt, fir der Saach op de Fong ze goen. Hir Missioun war et "d'enquêter sur les sources de financement des partis politiques et leurs campagnes électorales". Si koum néngmol zesummen. Et huet sech séier erausgestallt, datt dee Chalet eréischt 1985, also dat Joer drop, opgaange war. Ausserdeem huet déi Persoun, déi dem Marc Fischbach déi ominéis Wallis iwwergi gehat sollt hunn, dat kategoresch dementéiert. D'Bauerenzentral huet vu „béiswëllege Ligen“ vun der ADR geschwat.

Den 18. Mäerz 1994 sot de President vun der Enquêtëkommissioun Lucien Weiler, de Robert Mehlen hätt ewell ausgesot, hie wier falsch verstane ginn; seng Ausso wier just eng "Hypothees" gewiescht, an hien hätt ni wëlle behaapten, datt d'Bauerenzentral Parteispende bezuelt hätt. D'Enquêtëkommissioun huet doropshin hir Aarbecht als ofgeschloss deklaréiert, an der Chamber recommandéiert, dee ganzen Dossier un de Parquet weider ze ginn. Dem Mehlen a senger Partei huet se eng irresponsabel Haltung virgeworf, well s'eng verleumderesch Geschicht an d'Welt gesat hätt.

2014 huet de Robert Mehlen an engem Schreiwes un RTL preziséiert, hien hätt um FLB-Kongress sënngeméiss d'Fro opgeworf gehat, wéisou d'CSV der Baurenzentral, "heiansdo géint all Verstand an souguer dat geltend Recht" ëmmer de Réck gestäipt huet, an "ob do net Parteispende kéinten am Spill sinn".[2] Hie schrouf weiderhin, datt d'Zeien, allebéid fréier Clerce vum Här Fischbach, sech leider am Datum geiert hätten, mä datt deen ee vun hinne bei senger Ausso bliwwe wier, an deen anere sech suizidéiert hätt zum Zäitpunkt, wou déi Wallisse-Saach am FLB-Comité thematiséiert ginn ass. De Rapport vun der Police judiciaire géif och soen, datt d'Fra vum Patron vum Chalet Mierscherbierg bestätegt gehat hätt, datt dee Clerc déi Saach vun der Walliss ëmmer erëm am Chalet erzielt hätt. Och aner Zeien hätten dat confirméiert.

Hien huet de Fait, datt hie wéinst sengen Aussoen ni wéinst Calomnie oder Diffamatioun oder op d'mannst Schuedensersaz ugesicht gi wier, als Beweis ausgeluecht, datt un den Aussoen zu der Walliss eppes dru gewiescht wier, an datt de politesche Géigner mat Hëllef vun der Chamber-Majoritéit e politesche Prozess inszenéirt gehat hätt.

Wéi och ëmmer: D'Enquête iwwer Parteispenden war mat der Konklusioun vun der Enquêtekommissioun séier nees zou. Och dat eigentlecht Theema vum Mehlen senger Ried bei der FLB, nämlech d'Kritik datt d'CSV der Baurenzentral jorelaang de Réck gestäipt huet, war domat nees vum Dësch.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Den Topos vun der Walliss gouf dat Joer an engem Superjhemp-Band thematiséiert, nämlech dem Album D'Geheimnis vun der Waliss.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Source, wou net anescht uginn: Eric Ewald: "Walissenaffär: Viru genee 20 Joer gouf deen Dossier zougemaach." rtl.lu, 19.03.2014, 11:55:09.
  2. Schreiwes vum Robert Mehlen un d'RTL-Redaktioun vum 18. Mäerz 2014.