Weimeschkëppchen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Weimeschköppchen)
De Brucherbierg a riets d'Weimeschkëppchen

D'Weimeschkëppchen ass déi lescht Kopp an der Rei op der nordwestlecher Säit vu Keel, also dee leschten Ausleefer vun der Cuesta vum Loutrengesche Plateau. Seng héchst Plaz huet 391 Meter (NG-L). Déi Koppen a Bierger ronderëm Keel an Téiteng ware fréier net sou mat Beem bewues wéi haut. D'Natur huet sech mat de Jore bal alles zeréckgeholl, wat fréier d'Landwirtschaft an duerno d'Biergaarbechter ofgerappt haten.

Kee Wonner, datt et haut en Naturpark ëstlech vu Keel an Téiteng gëtt. D'Weimeschkëppche läit tëscht Schëffleng a Keel an huet ee Geheimnis, wat nach net genuch ënnersicht ass: Et gëtt do eng al Siidlung vun de Kelten. Et sinn och Verdeedegungsremparte fonnt ginn.