Welternierungsprogramm

Vu Wikipedia
Logo vum WFP

De Welternierungsprogramm (eng.: World Food Programme, kuerz WFP, fr.: Programme alimentaire mondial, kuerz PAM) ass eng Agence vun de Vereenten Natiounen (UNO) an déi gréisst humanitär Organisatioun op der Welt. Si organiséiert d'Liewensmëttelhëllef a Kriselänner a schafft mat de lokale Communautéiten zesummen, fir d'Nutritiounswäerter ze verbesseren an d'Bevëlkerung méi resilient ze maachen.

De Sëtz vum WFP ass zu Roum.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1961 hunn d'FAO an d'UNO-Vollversammlung parallel Resolutioune gestëmmt, mat deenen de Welternierungsprogramm fir eng Testphas vun dräi Joer grënnt ginn ass. Schonn d'Joer virdrun hat den US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower virun der UNO-Vollversammlung proposéiert, datt eng Method sollt entwéckelt gi fir Liewensmëttelhëllef iwwert d'Vereent Natiounen ze liwweren. Am Februar 1962 war déi éischt Sessioun vum intergouvernementale Comité, deen den WFP deemools geleet huet. Am September 1962 hat déi nei Organisatioun mat der éischter Katastroph ze kämpfen, engem Äerdbiewen am Iran, an duerno am Oktober mat engem Hurrikan an Thailand.

Am Dezember 1965 ass entscheet ginn, de Welternierungsprogramm weider bestoen ze loossen.[1]

2016 huet de World Food Programme 82,2 Millioune Leit gehollef.[2]

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

2016 hat de Welternierungsprogramm e Budget vu bal sechs Milliarden US-Dollar.[2] De bei wäitem gréisste Bailleur waren d'USA (2 Milliarden USD), virun der Europäescher Unioun (895 Milliounen USD), Däitschland (885 Milliounen USD) an dem Vereenegte Kinnekräich (356 Milliounen USD). Mat enger Kontributioun vun 9,15 Milliounen USD war Lëtzebuerg 2016 den 29-gréisste Geldgiewer vum WFP.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Welternierungsprogramm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geschicht vum WFP um Site (gekuckt den 3. Oktober 2017)
  2. 2,0 2,1 World Food Programme - The Year in Review 2016
  3. Contributions to WFP in 2016 as of 09 July 2017 Gearchiveerd op 11 October 2017. Gekuckt de(n) 15 October 2017.