Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Abrëll

Vu Wikipedia

Opruff un d'Knipsographen[Quelltext änneren]

Mär hunn nach net déi gréisste Wikipedia, mee mer hunn eng vun deene beschtillustréierten doruechter.
Mäin Opruff riicht sech un déi mat engem digitale Fotoapparat: Maacht Fotoen fir eis Artikelen. Jiddereen no senge Méiglechkeeten. Kuckt Iech d'Artikelen un: Et sinn der déi nach keen uerdentlecht Bild hunn.
Watfir Fotoen feelen nach?

  • De Kino Kursall zu Rëmeleng
  • D'Brauerei Bofferding zu Käerjeng
  • D'Brauerei Simon zu Wolz
  • Eng gutt Iwwersiicht vun Esch-Uelzecht
  • De Kino Sura zu Iechternach
  • E gudde Batz vu Gemengen-Artikelen
  • ..............

--Cornischong 01:59, 3 Abr 2005 (UTC)

Ech melle mech fräiwëlleg fir de Kino Kursall zu Rëmeleng. Just ee Problem: wëllst du e vu baussen oder vu bannen? Vu bausse verschwënnt d'Entrée hallef hannert der Reklamm fir de Kebab niewendrunn, a vu banne weess ech net op se mech do eng Foto maache loossen. --Otets 23:08, 3 Abr 2005 (UTC)

Nach eng aner, méi generell Fro: wann elo een e super Photograph ass an am Viraus Biller mécht, awer fir déi entspriechend Artikelen net gaangs Loscht, Zäit oder Talent huet, soll e seng Photoen iewer alleguerten direkt eroplueden an hoffen, datt e spéideren Artikelschreiwer sech d'Lëscht vun den onbenotzte Biller ukuckt (wat net onbedingt ëmmer de Fall wäert sinn), oder besser woarden, bis datt den Artikel geschriwwen ass, an dann eréicht seng Biller dofir kontribuéiert (wou d'Gefor ass, datt en aneren an deer Zäit dat selwescht Bild maache geet, an esou einfach Zäit verbëtzt gëtt)? Dës kniwwleg Fro gouf gesponsert vum Otets 00:03, 4 Abr 2005 (UTC)

Vu bausse gëtt eigentlech ëmmer e Sënn. Mee do gëtt et dacks e Problem. Dee vu Iechternach heut bausse net vill Opweises, virum Orion zu Ëlwen gëtt zënter Méint ëmgebaut (eolo ass d'Schëld vum Kino kaum ze gesinn; dee vu Beetebuerg ass kaum ze fotographéieren, de Prabbeli ass als Kino net z'erkennen. De Rëmelenger Sal misst ee fotographéieren vum Ecran aus, wéinst dem Balkon (e Phänomen, dat ëmmer méi seele gëtt. Wat onbedéngt "photogen" ass, d'Keess!! Virun e puer Méint hat ech dem Här Massard e Mail gemaach, fir Eezelheeten iwwer dee Kino ze kréien ..... ech krut emol keng Äntwert. Dat wëll awer näischt heeschen. Wann s de an de Kursaal gees, da probéier fir hir "technesch" Eenzeheete matzekréien.
Zu deeër aner Fro. Dat Bescht, wate mer maache kéinten, dat ass eng Zort Lëscht, watfir Fototen eis "direkt" feelen, dat heescht, zu deene mer schon en Artikel hunn. Esou wéisste mer zu all Moment,u wat et feelt; an an der Lëscht kéint jiddfereen hannert d'Foto schreiwen, datt hien sech géif drëm këmmeren. Esou kéime mer laanscht Doubletten, a mer hätten eng Iwwersiicht.
Iwwregens ..... esou eng Saach kéint een och mat den Artikele maachen!!!! Wann Ee wëlles huet, een ze schreiwen dann hätt e villäicht besser, hie mellt dat un, net datt en Aneren am selwechte Moment un deemselwechte schreift!? - - Nach zu de Biller "op Reserve". Wann Een eng Foto gemaach huet vun "Eppes", vun deem et nach keen Artikel gëtt, da ginn zwee dräi Sätz duer a mer hunn eng zolidd Skizz. (Well den Text léisst sech doheem an der Fotell schreiwen, bei de Fotoen muss een sech hiewen. --Cornischong 06:35, 4 Abr 2005 (UTC)

Hola, majo wollt mech dann och direkt mol umellen, fir eng Photo vum Kinosch an dem Ariston ze maan (vum Ariston hun ech jo schon mol eng Skizz geschriwwen ^^), sou eng Lëscht vu fotoen déi gebraucht gin, ass eng tiptop-Saach, grad wann een bei sou engem herrleche Wieder wéi an de leschten Deeg näischt ze din huet ;) --JimHawk 07:15, 4 Abr 2005 (UTC)

Tipptopp, dann hu mer dat mol un d'Rulle bruecht. --Cornischong 07:28, 4 Abr 2005 (UTC)


Audio template[Quelltext änneren]

Hi, I am making audio recordings of the pronunciation of words. Example; Media:Nl-be guy verhofstadt.ogg To include this in a good way in your wiki I need to know what your audio template is and how it works. When I know it i, and many others, can put it directly inside articles on yourr wikipedia.

Can some one please put your audio template on this page;

Greetings, nl:gebruiker:Walter

Un all: ech kucken daat haut, Donneschden, soubal ech vun der Uni rëmsinn. --Briséisβρισεισ 23:40, 13 Abr 2005 (UTC)

Wei funktionéiere Redirects?[Quelltext änneren]

Salut,

Wollt mol wessen wei redirects funktioneieren. Hun den neien TCP-Eintrag ugefaangen mee ech wosst net wei ech redirect'ioneieren sollt. Dorophin hun ech en neien Eintrag mat der TCP-oofkierzung gemaach fir den Link op den vollen Numm ze maan. Daat ass jo neierdengs verbessert gin (hei nach emol merci).

Wei kann ech redirects op bekannten Oofkierzungen maachen? Et muss een jo net bei all neien Eintrag zousätzlech Aarbecht maachen vir daat erem ze verbesseren.

Merci am viraus

Majo, en Artikel opmaache mam Numm vun der Ofkierzung (einfach d'URL aginn: http://lb.wikipedia.org/NummvunderOfkierzung), an doranner just

#REDIRECT [[Titel vum eigentlechen Artikel]]

schreiwen. Säit späicheren, a fäerdeg. --Otets 11:12, 22 Abr 2005 (UTC)

Lëtzebuerger Sprooch schreiwen...[Quelltext änneren]

Salut,

Wollt mol froen ob et keen Tool gëtt fir letzebuergesch Grammaire kontrolléieren ze loossen. Et ginn nämlech vill Wierder wou een net wees wéi se richteg geschriwwe ginn. Och ginn ech mat deenen Accenten net grad gutt eens. -- Sulfura

Äntwert: hei. --Otets 20:27, 22 Abr 2005 (UTC)


FONKELNEI!! GRAMMAIRE DE LA LANGUE LUXEMBOURGEOISE ass eraus FONKELNEI!![Quelltext änneren]

Déi FONKELNEI Grammaire de la Langue Luxembourgeoise, déi vum "Service le la formation des Adultes" vum Erzéiungsministère editéiert gouf, ass vun elo un an de Bicherbutteker fir 12 € ze kréien. D'Ausgangssprooch ass Franséisch. D'Buch huet 155 Säiten an 't ass verdäiwelt vill dran. --Cornischong 10:05, 30 Abr 2005 (UTC)