Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Februar

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Januar - Februar - Mäerz - Abrëll - Mee - Juni - Juli - August - September - Oktober - November - Dezember

Wiktionary[Quelltext änneren]

@ Alleguer, Moiën,

Ass och z.b. dru geduecht ginn sou en Wierderbuch op Letzebuergesch ze starten, ech hun z.B. dat vun Jacqui Zimmer, aus der Sankt Paulus Dréckerei, awer heinansdo wier ech frou och nach aner Wierder kënnen ze fannen. Mat beschte Gréiss Bimbam 13:20, 30 Jan 2005 (UTC)

E schéine Gudden. Ah, ah, dat ass de "Virschlag vum Dag". Fir d'éischt emol: Das Wierderbuch bum Jacqui Zimmer kennen ech guer net. Dat gréisste, wat et bis elo gëtt, ass d' "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" Redaktioun: Liette Derrmann-Loutsch. Bei deem gëtt emol keen ernimmt, deen et erausginn huet (!). Dat huet "35000 Stichwörter & Wendungen", ass vun 2004, huet nëmmen eng Richtung D --> L. Dann emol zu denger Fro: D'Iddi ass natierlech groussaarteg. Technesch misst dat och ze maache sinn. Wa mär mol zu genuch (genuch: wat ass dat!??) Leit wieren, wier dat eng kolossal Iddi. Mee de Problem vun engem Lëtzebuerger Wierderbuch ass net nei! Wann d'Editions Saint-Paul dat ernimmtent Buch net erausbruecht hätten, dann hätte mer net ganz vill. Vu "staatlecher Säit" wibbelt et schon eng Zäitchen, mee do mussen nach "Poste" geschaafe ginn an da muss dat nach de laange Wee duerch d'Institutioune goen, an ..., an ... Wéi déck et mat der "Nationalsprooch" ass mierkt een an de Schoulen. Wann ech materliewen, datt eenzel Gemengen net wëssen, wéi se heeschen (kuck emol op der Websäit vu Biermereng!), wa mer äis krepéieren, fir d'Uertschaftsnimm erauzefannen (Féitz - Féiz; Woltz - Wolz), da gëtt ee sech bewosst, wou mer dru sinn. Also nach eng Kéier: Wa mir zu zweehonnert Leit wieren, hätte mer dat schon un d'Rulle bruecht. Mee dozou feelen der nach e puer. Leider. Mee, begruewe gëtt d'Iddi net. Wat mengen d'Optimisten?? --Cornischong 14:14, 30 Jan 2005 (UTC)

Ma et gëtt jo de Wiktionary (kuckt heizou eventuell den däitsche Modell well bei eis steet nach nix), dee kéint een ausbauen. Den "Hoken" un der Saach deen ech gesinn ass, datt mer knapps eng WikiPEDIA hunn, an et eis am Moment nach definitiv u Leit feelt fir Schwësterprojeten wéi Wiktionary, Wikisource etc. Wann de Besoin extrem do ass, kann ech NO mengen Examen (also nom 3.2.2005) gären emol e Kader dohinnersetzen, alles Weideres misst een da kucken. --Briséis 17:13, 30 Jan 2005 (UTC)

De Kader fir de Wiktionary op Lëtzebuergesch steet (zwar nach op wackelege Féiss, mee e steet). Well nach kee vun eis Adminsrechter do huet, genee souwéineg wéi bei Wikiquote, Wikispecies an deem ganze Rescht, ass den Interface nach net iwwersat. Ass awer schon emol ugefrot. Genee wéi bei Commons (cf. Message heidrënner) ass de Kader also ginn, defouléiert Iech no Häerzensloscht:-) --Briséis 11:34, 8 Feb 2005 (UTC)

WikiCommons op Lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Wéi verschiddener vun iech vläit scho wëssen, gëtt et esou eppes fäines wéi d'WikiCommons endlech. Dëst ass eng Plaz wou Biller a Mediendateie kënne stockéiert ginn, fir datt een se net extra op all eenzel Wikipedia eropluede muss (gaaaaaanz praktesch). Ech hu mech de Mëtten e bësse gelangweilt an emol eng Lëtzebuerger Versioun gemaach déi HEI ze fannen ass. Op dir elo Biller eropluede wëllt oder net ass jiddferengem fräigestallt, mee da wësst der wou der emol kucke kënnt wann der e gudd Bild sicht. Genee Modalitéiten zum wéi, waat wou fannt dir selbstverständlech op der Commonssäit selwer. Ech wäert mech dann demnächst och einfach emol ameséieren, déi aner Projeten op Lux dohinnerzestellen, a fir de Fall wou een sech derfir interesséiert, ass de Kader ginn, fir sech ze defouléieren.:-) --Briséis 23:43, 4 Feb 2005 (UTC)

Literatur zum Thema[Quelltext änneren]

Do gëtt et awer Zäit, datt mer eis Eens ginn: Et ass eng delikat Saach, bei de Bibliographien de Virnumm net auszeschreiwen, de Verlag net unzeginn, bei eisen ëstleche Noperen mengen der alt nach ëmmer d'ISBN wier eppes Nëtzleches (obwuel et idiotesch ass, well bei all nei Editioun ännert se, bei all Verlagswiessel ännert se, a bei verschiddenen Editiounen Täschebuch, gebonnen ännert se och); mär kënnt d'Majusculiséierung vun de Familljenimm ganz befriemend vir (Grënn: D'Accenten loossen sech net gutt schreiwen, de ß gëtt et net an et muss een dee kleng schreiwen, well een op kee Fall de Numm ännere kann) an et ass zimlech seelen. A wann ech schon dobäi sinn. Et gëtt dacks grousse Sënn, fir d'Bibliographie ze kommentéieren, well: Eng Lëscht hëlleft dem Lieser, dee gären eppes domat ufänke well, iwwerhaapt näischt. Wann dee net wees, wat do ugebuede gëtt, kann en näischt domat ufänken. Bei der de fënnt een heiandsdo eng Lëscht vun enger topeger Längt, déi näischt abréngt (Beispill: "Psychoanalyse": do stinn e.a. Freud Texter, déi als Bicher virgestallt ginn; bei engem gëtt d'Joer vun der Originalausgab uginn, bei deenen aneren net. Dem C.G.Jung seng Wierker stinn iwwerhaapt net do. Beim Stéchwuert Sigmund Freud steet bei der Wierker näischt.) Ech ernimmen dëst Beispill, well haut do diskutéiert gouf, ob esou eng grouss Litlëscht ubruecht ass. Mam Resultat datt der e puer se einfach wëlle kierzen, wat natierlech debil ass. Bei de Fransousen ass dat Ganzt nach vill méi aarmeséileg, déi këmmeren sech am Prinzip iwwerhaapt net ëm Buchtitelen. A bei den Anglophinisten ass et net besser. Ouni eng raisonnabel Bibliographie (!!) daacht de ganze Buttek näischt, mengen ech emol an aller Bescheidenheet. Nach zu menger ganz vill Loscht fir d'Messagebliedercher duerchzekucken. Lo hunn ech mech mol um Rimm gerappt, fir de Sorge weiderzedrécken an e puer Anerer unzefänken, well ech mengen, wann een (??) net mat der Saach vum 2. Weltkrich ufänkt, dann hänkt dat an der Loft, wéi schon zevill Aneres, wéi d'Biologie, wou ech mer e bësse méi erwaart hat wéi e Koup Hallefartikelen, déi net zesummenhänken a besonnesch d'Systematik, déi elo avortéiert ass. -- Ech hale léiwer emol op a wanderen an d'Heia. --Cornischong 03:00, 8 Feb 2005 (UTC)


Versiche mer emol op all Punkt eenzel anzegoen:-)

  • De Familljenumm grouss: Daat ass en "Tick" vu mir, deen ech hei am Fransouseräich agetriichtert krut, datt een eben den Numm grouss schreiwt. Well ech daat esou gewinnt sinn, hun ech daat dann emol hei op dëser Plaz poulriit esou weidergefouert.
  • Kee Virnumm: Do hunn ech perséinlech heiandso de "Problem" datt ech ze faul si, fir deen nozekucken:-) Daat kënnt nämlech dohier, datt ech oft wees "ah jo, daat ass e Buch vum Bély, an deen ass eng Referenz" mee de Virnumm fällt mer dann net ëmmer an. (Bon de Bély ass e schlecht Beispill well deen heescht Lucien, daat wees ech, well et ass ënner anerem mäi Proff) Ech versprieche mech ze besseren:-)
  • Wéilaang soll eng Bib sinn?: Ech perséinlech setze schon des ëfteren eng oofgespeckte Versioun heihinner, well ech mer denken, datt den Ottonormalverbraucher net unbedingt an d'Extrem-Fachliteratur, déi och nach en Heedegeld kascht, kucke geet, mee wahrschéinlech éischter e méi generellt Buch virzitt. De Problem bei der Extrem-Fachliteratur deen ech do gesinn ass jo och deen, datt wann ee "Laien" daat ging kucken, da ging en net vill verstoen, well zevill "Supposé-Connu" dran ass.
  • Verlag, ISBN...: Ech sinn e Faulpelz:-) Méi soen ech dozou net:-) De Verlag sollt natierlech schon do stoen. Waat d'ISBN ugeet, déi ass fir mech an deem Fall sënnvoll, wou ech jo déi ISBN uginn, vun deem Buch vun deem Joer vun deem Verlag waat ech benotzt hunn. Anerefalls wir de Verlag selwer jo och Quatsch wa verschidde Verläg e Buch editéiert hunn, an ech benotzen d'Versioun zB vu PUF an den Noper déi vun Armand Colin.
Meng Pefferkären:-) --Briséis 11:46, 8 Feb 2005 (UTC)

Gudde Mëtteg,

Ier meng Mëttegpaus eriwwer ass, och en Tour un der Peffermille vu mär:

Eng Bibliographie kann zwee Sënner hunn: 1) dat beleeën, wat am Artikel behaapt gëtt (woubäi duerchaus fir eng Ausso vun engem Saz e ganzt Buch hirhale kann);
2) engem Lieser, dee vierwëlzeg gin ass, domatter weiderhëllefen, méi iwwer dee Sujet gewuer ze ginn.

Ech giff mengen, dass eis Lieserschaft (!) virun allem um intressihalbe Verdéiwe vun engem Sujet intresséiert kinnt sinn. Dofir sinn a mengen Aen 'weiterführende Literaturhinweise' (dh méigslechst Standardwierker a keng vergraffe Bicher) am sënnvollsten -- et sief dann, et sinn ausnahmsweis héich kontrovers Sujetën, wou d'Iwwerpréiwe vun eenzelnen Aussoe geneestens muss zeréckverfollegt kënne ginn. Formell sinn ech och fir méiglegst vill Prezisioun (Virnumm a Verlag, falls bekannt), well ech aus eegener Erfahrung weess, dass eng Beschreiwung wéi: "d'Buch huet e gringen Deckel, ech menge, dem Auteur säi Virnumm ass iergend eppes matt 'Michel'" net ëmmer immens hëllefräich ass ;-)

D'ISBN-Nummer kann nëtzlech sinn, wann een a Bibliothéikskataloge bibliographéiert, dofir giff ech déi och dohinner setzen. --Zinneke 13:21, 8 Feb 2005 (UTC)

Hmm... gudden Owend, also folgendes krute mer zu Strossbuerg am 1. Joer agetrichtert iwwert getippten (net handgeschriwwen !!) Bibliographien: Numm, Viernumm, Titel vum Buch - Subtitel vum Buch, Editiounsplatz, Editeur, Joer vun der Editioun. Sou a méi gehéiert do zumindest der Meenung vun eise Proffen (vun deenen ech hoffen datt se eis net ver*****t hunn) no net dohinner. A jo an nach eppes: den Titel vum Buch ass net den Aufreisser deen um Deckel steet mee dat wat bannendranner steet. Vue que datt do oft den Titel vum Buch 2 bis 3mol widderholl gëtt sollt et déi lescht vun de Widderhuelunge sinn (ob et di richteg ass erkennt een och oft dodrunner datt do d'Subtitelen all stinn). A jo: ISBN mecht kee Sënn. A wa mol sollt e Passage vun enger Éditioun zuer anerer erausgeholl gi sinn huet dann huet dat oft genuch e Sënn. Wann et trotzdem net anescht geet sollt dohinner geschriwwe gi wéi eng Éditioun et war (3., 4., etc...)

Aner Fro: wéi grouss soll se sinn ? Tjo do gesinn ech et e bësse wéi den Zinneke. Déi meeschte Lieser dei mer hunn, wa mer der hunn, wäerten eis jo wuel gleewe wat mer do schreiwen ;), deemno sollt se richtegerweis weider Recherchen erméiglechen. Vergraff sollten déi Dénger natierlech net sinn, waméiglech. Eng Bibliographie kann och ze laang sinn, leider. Do ass et besse wéi mat de Weblinks, woubäi do allerdéngs vill vill méi fréi muss beschränkt ginn, well do sinn 100 Links net erwënscht.

Dat ass lo meng Meenung, wien se net akzeptéiert hunn ech nix dogéinter, schliesslech si mer jo an enger Demokratur oder ? --Karlthegreat Diskussioun 23:45, 9 Feb 2005 (UTC)

Gutt Hallefnuecht. Ech ka mech de Stroossbuerger nëmmen uschléissen. Besonnesch déi Saach mat ISBN. Mee do ass nach eng Saach, déi de Karthegreat net ernimmt huet, déimech awer intresséiert. Dat ass d'Majusculiséierung vun de Familljenimm. Ech hale mech just drun, well dat kann, bei Nimm mat Accenten zu "spezielle" Situatioune féieren. --Cornischong 00:39, 10 Feb 2005 (UTC)

Dach hunn ech ernimmt. Wanns de genau kucks hunn ech geschriwwen: Numm, Viernumm, ... ;) also nix Groussbuschstawen. Gesäit een zwar heiansdo suguer a gewësse Bicher mee dat nëmme ganz seelen an et deet immens wéi an den An. --Karlthegreat Diskussioun 21:03, 10 Feb 2005 (UTC)

Ma da kënne mer gären e "Geléierte-Sträit" ufänken, d'Sorbonne a Metz soe GROUSS =) Des weideren soen d'Fransousen, datt nom Auteur e Komma kënnt, d'Preise soen en Doppelpunkt. Ergo: all Land/all Uni huet hir eege Gesetzer. Et gëtt eigentlech keng allgemeng Regel a jiddferee mecht et esou wéi en et geléiert gouf (dofir hunn ech jo den Tick mam GROUSSschreiwen). Mir missten eis da just op eppes eenegen. --Briséis 23:11, 10 Feb 2005 (UTC)

E Virschlag:

  • Familljenumm, Numm, Titel, Verlag, Stad, Joer. (Fir Bicher)
  • Familljenumm, Numm, "Titel vum Artikel", in Titel vum Haaptwierk, Verlag, Stad, Joer. (Fir Artikelen)

Da wëll ech nach eppes zu de sougenannte Beleger zur Bibliographie soen: waat soll ech dann do fir Beleger bréngen, eng eragescannte Versioun vum Cours vu mengem Prof dee mir seet ech soll et esou maachen ?:-) Soot elo einfach jo oder nee, ech hu probéiert mat mengem Virschlag eng Synthes vun alle Virschléi an eegene Praktiken ze maachen, an da kënne mer d'Thema endlech ofhaken an an d'Archiv setzen. --Briséis 19:08, 21 Feb 2005 (UTC)

ok

  • Familljenumm, Numm, Titel, Verlag, Stad, Joer. (Fir Bicher)
  • Familljenumm, Numm, "Titel vum Artikel", in Titel vum Haaptwierk, Verlag, Stad, Joer. (Fir Artikelen)

Tipp, topp. Alles an der Rei, an ee Problem manner op der Welt. --Cornischong 20:50, 21 Feb 2005 (UTC)

Skizzen - Nei, optimiséiert an iwwerhaapt:-)[Quelltext änneren]

Sali

Nodeems ech faule Batz all 2. Kéier vergiess hunn, eng Skizz och an d'Lëscht vun de Skizze bäizesetzen, hun ech mer elo e Beispill un de Fransouse geholl, déi daat ganzt vill méi einfach besser gudd optimiséiert hunn, a waat einfach nëmmen Arbecht erspuert. An zwar hunn ech d'Template {{Skizz}} esou geännert, datt eise wonnerbare Wiki-System elo automatesch bei all Artikel wou een dee Message hischreiwt, den Artikel an d'Kategorie Skizze setzt -> Kategorie:Wikipedia:Skizzen. (Am Moment steet zwar do quasi nix dran, mee daat läit wuel dodrunner datt ech méi schnell sinn, wéi dem Server léiw ass, an daat nach e bëssen dauert bis och deen daat matkritt huet). Dee Moment hu mer 100%eg ëmmer all d'Skizze beieneen a mussen eis keng Gedanke maachen. Ausserdem, soubal een de Message {{Skizz}} nees aus dem Artikel eraushëllt, verschwënnt dësen automatesch aus der Kategorie also aus der Skizze-Lëscht.

Voilà:-)

An elo ab an d'Klapp, muer gëtt e laangen Dag:-)

--Briséis 22:31, 13 Feb 2005 (UTC)

Halli. Tipp topp. An dat haut, wou ech mol eng Kéier dru geduecht hat:-) --Cornischong 22:52, 13 Feb 2005 (UTC)

Umierkungen zum aktuellen Tounfall[Quelltext änneren]

:Dës Diskussioun hunn ech vun der Artikel vun der Woch-Säit heihinner geréckelt well do esou eng Diskussioun nix ze sichen huet, wou iwwert en Artikel soll oofgestëmmt ginn, mee heihinner gehéiert, wou all Mënsch matdiskutéiere kann.

Umierkungen

Een ass "méi wéi nëmmen dofier", en Aneren ass "einfach schon nëmmen dofier well endlech emol en aneren d'Initiativ ergraff huet" an den Drëtten verdréit "daat Filet Américain's Bréidchen" net méi op der éischter Säit. Et liicht mer net ganz an, wéi dat eis soll weiderbrénge mat dem "Zweete Weltkrich"-Artikel. --Cornischong 21:38, 13 Feb 2005 (UTC)

Ka meng Begrënnung och ewesch huelen nees ... ännert awer näischt u mengem Vote. DEE BLEIWT.--Karlthegreat Diskussioun 21:58, 13 Feb 2005 (UTC)
Umierkungen iwwer deen neien Tounfall, deen hei anscheinend agerass ass: Soll ech mech iwwer déi nei Tounlag hei wonneren oder ass en déiwere Sënn hannendrun, dee mär am Moment net zougänglech ass?
"DEE BLEIWT.--": Sou wäit wéi ech d'Internet-Sprooch begraff hunn, soll dat doten Gejäitz bedeiten. Bis haut konnte mer ouni dat auskommen. Sinn ech engem op d'Féiss getrëppelt? Oder wat soll dat? --Cornischong 22:44, 13 Feb 2005 (UTC)
Bon ... also ech versiche mech sou kuerz wéi méiglech ze halen, wat mer wuel net gelenge wäert..., an d'Diskussioun ass duerno fir mech eriwwer well ech sinn net hei fir eng Dauerdiskussioun mat allméiglechem Gezoffs ze ernieren oder suguer unzefänken. Eng Kéier geet duer an déi Kéier ass eriwwer. Folgendes: Op der éischter Säit steet en Artikel als Artikel vun der Woch, an dat sollt eigentlech och dat heeschen. Wéi mer den éischte Samschdech vun der Chrëschtvakanz bei eisem Kinosspezialist waren, huet d'Briséis eis drop opmierksam gemaach et wier kee vun eis sech d'Méi gemaach (wëll heeschen et hätt keen d'Loscht ëppes ze proposéieren respektiv Ahnung wou a wéi d'Proposéiere géif goen) en aneren Artikel opmanst mol ze proposéiere wann hat mol wochelaang net do ass. Ech hu mer geduecht, an ech hunn alt emol gemengt déi aner Leit géifen sech och sou eppes denken, datt et net schlecht wier sech dann och mol selwer "um Rimm ze rappen" (Zitat Emil Haag...). Dommerweis war ech dunn e puer Wochen méi oder wéineger ausser Gefecht, wéinst e puer Examen. Den Artikel huet mëttlerweil gewiesselt, Mee net oft a scho laang net méi a wéi sou ëmmer ouni Erfolleg, well den Haaptschreiwerling a Spezialist an däer Hisiicht net (méi ?) do ass. Bei mengem Retour freet mech een op ech wéilt matmaache beim Monumentalartikel iwwert... ja genau iwwert den Zweete_Weltkrich. Ech konnt nach net direkt eng Äntwert gi well ech mol nach um Noschaffe vun diversen aneren Affäre war an nach ëmmer sinn. Méng Iddi dunn, an och eng Art a Weis fir eng Äntwert ze ginn: Den Artikel heihinner sëtzen. Et ass en Thema dat sëcher méi attraktiv ass wéi en australesche Koup Gestengs (e schéinen allerdéngs) oder eng Figur dei an engem x-beliebege Comic matspillt. Ech wosst a weess allerdéngs datt ech am Moment allerhand vill Saachen ronderem hänken hunn an domatter mengen ech net d'WP, déi mer bis Mëtt Abrëll eng jett Kappzerbrieches wäerte bereeden, vum Faktor Uni mol ganz ofgesinn. Dowéinster och dann de Rescht vum Kommentar, dat wier dann och méi oder wéineger d'Äntwert op déi dote Fro gewiescht. D'Kommentare vun deene zwee anere sinn deenen hir Saach. Vläicht war mäi Kommentar een zevill op jidferfalls, schéngt et mer sou als wier do een net domatter zefridde gewiescht. Mäin Hiweis dropper datt och ouni Kommentar mäi Vote gläich bleiwe géif, huet en "Aufschrei" hannert sech gezunn deen ech zimmlech iwwerzunn fannen. Datt d'Groussschrëft do war fir ze betounen an net fir ze jäitzen ass kengem opgefall oder etwa dach ? Hätt ech solle mat nee stëmmen ? Op jidferfalls ass mol schon direkt schaarf geschoss ginn ouni datt eng Krichserklärung ze gesi war, respektiv et ass geschoss ginn ouni op d'Reaktioun vum "Géigner" (wa mer schon am gudden ale System vun "immer feste druff" sinn) ze warden. E Beweis gefälleg ? Hei ass en. Ech fannen dat ganz fein et ass mer net mol Zäit geloss ginn eppes zréckzeschreiwen a schons muss ech sou eppes gesinn. Ech wier frou wann déi Zeile géingen entschärft ginn, respektiv sou Saachen ënnerlooss ginn an Zukunft (hei sollte mer eis all ugesprach fillen) well et dréit net grad zu engem gudde Klima ënnert deene puer Mohikaner bäi déi iwwerhaapt sech hei weisen. Et gëtt an där ganzer Geschicht hei absolut kee Grond aus der Haut ze fueren (falls ee sollt mengen et wier bei mier vierdrunner oder elo de Fall gewiescht: nee et war net de Fall an ech soutz wéi ëmmer um Stull) respektiv sech mat Bulli ze beheie wéi eis Frënn vun der anerer Säit vun der Musel oder, fir eis Leit hei am Franzeland, vum Rhäin dat a gewessen Ofstëmmunge sou maachen (War do net eppes mat de Kandidaten an dem Historiograf an nach sou Koryphäen ? Nee an och hei soll sech do kee vun eis do ugeschwat fille scho guer net deen deenen do oft d'Wourecht seet ;) ).
Ah an nach eppes. Mier ass do viergeworf ginn ech géif den Tounfall als éischte komplett wiesselen an dat ouni Grond. Ech géif dat och nach gleewe mee dat heiten stéiert mech dobäi e bëssen. Ech weess do huet een sech vill méi gemaach fir schlussendlech alles richteg dohinner ze stellen, mee kann dee betreffenden zumindest de leschten Hallefsatz eraushuelen ? Dat wier, zesumme mat dem Ofstëmmen iwwert deen Artikel em deen et hei geet, immens fein, merci villmools.
--Karlthegreat Diskussioun 01:51, 14 Feb 2005 (UTC) P.S.: Kee P.S., Thema ass, trotz enger eigentlech néideger vill méi laanger Äntwert, fir mech duerch:)

Irland an aner Länner vun der Welt[Quelltext änneren]

An de Stamminet geréckelt vu menger Diskussiounssäit, --Briséis 10:28, 21 Feb 2005 (UTC)
Moinsen, e Kompromëss: Irland_(Republik/Land) an Irland_(Insel) (Klengen Tipp: Den Artikel iwwert de Staat Lëtzebuerg_(Land) ). Nach e klengen Hiweis: Op der Lëscht vun de Länner steet Osttimor an Timor Leste. Ech hat Timor Leste dohinner gesat well dat nu mol eben déi offiziell Bezeechnung ass vun deem Staat, mengen se zumindest an der däitscher Wikipedia. Op jidferfalls muss eng vun deenen 2 Méiglechkeeten aus der Lëscht eraus soss gesäit dat éieren doof aus:). Mat deem ominöse Malteseruerden weess ech och net sou richteg wéi een dat léise soll. Du hues do deen einfach mol erausgeholl mat dem Argument de Spiegel géif deen net rasetzen also finito. Mat deem Argument däerfe mer och net d'Westsahara oder wéi déi Wüstenei och ëmmer heescht drannersetzen, wat jo och de Fall ass. Mee do stellen ech mer d'Fro op de Spiegel d'absolut Wourecht ass. De Problem ass: ech hunn en Atlas vun Hachette, e groussen décke schwéieren, an do trennen déi eben Marokko an déi Régioun, just ebe mat enger gestrëchelter Linn. D'Saach ass diskutabel bis zum es geht nicht mehr. Ech schloen dofier 2 Saache fir: éischtens dës Diskussioun an de Stamminet ze transplantéieren an zweetens et wéi eis Noperen ze léisen andeems mer déi diskutabel Fäll (an där ginn et masseg) ënnert d'Lëscht schreiwen an dat mat enger kuerzer Erklärung jeweils--Karlthegreat Diskussioun 01:41, 21 Feb 2005 (UTC)

Et ass mir prinzipiell egal op mer daat elo Irland (Republik) oder Republik Irland nennen (mee doot MECH dann net erëm all d'Linken änneren op all Säit wou bis elo Republik Irland steet, well dorobber lafen esou Ännerungen ëmmer eraus). Fait ass opallefall datt et muss getrennt gi vun der Insel. Waat d'Lëscht vum Spiegel ugeet: déi eng soe mer datt daat d'total Referenz ass, déi aner zweifeln drun...gidd Iech eenz. --Briséis 10:36, 21 Feb 2005 (UTC)
Et wäert mat de Lännernimm esou goe wéi mat den Uertschaftsnimm hei am Land oder mat de bibliografeschen Donnéeen. Esou laang mer eis un eng "Linn" halen (ob dat de Spiegel, de Josy Braun, oder de Pressdossier vun der UNO ass, déi alleguer keng "total Referenz"e sinn, well et esou eppes net gëtt!) ass d'Welt an der Rei. Mee kucke mer mol déi Fäll:

Bei den Uerschaftsnimm huet nach Een sech d'Méi gemaach, fir eng Linn ze fannen (bei dem "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise"); do war alles an der Rei bis dass dee geschriwwe krut (bei enger Uertschaft) "keng Sau" géif déi esou schreiwen. Doropshin huet deen dat léiwer si gelooss. An dobäi ass et och bliwwen, well keen Aneren wollt sech nach d'Féngercher domat begladderen, wat och ze verstoen ass.
Mat de bibliografeschen Eenzelheeten koum et dozou, datt der geschriwwen hunn zu Déngenskierchen géifen se dëst soen an zu Néierewou géingen se dat maachen (dat Ganzt natierlech ouni en Hauch vu Belegen!!). Dat huet net mat sech bruecht, dass Jiddfereen et op seng raisonnabel Manéier schreift, mee dass kaum ee gären d'Bibliografie ausfëllt.
D'Lännernimm: Jo, ech hat engem (mer nenne jo neierdéngs keng Nimm méi!!) virun enger Zäit gesot, mer sollen einfach d'Nimm huelen, wéi de SPIEGEL-Länderlexikon se ugëtt, da spuere mer eis en etlech Nerven an Zäit. De Karlthegreat hat viru Kuerzem eng "Lëscht vun de Länner" gemaach, déi och am Prinzip an der Rei war (wéi komplizéiert dat Thema ass, kann een an der franséischer Wikipedia nobliederen). Ech schreiwen "am Prinzip", well do waren nach déi Rëff, déi net opzekraze sinn (Westsahara, ...), dann déi komplizéiert Froen (Hellege Stull, Vatikanstad, Vatikanstaat). Fir de Malteseruerden ass et ganz einfach; e Bléck an d'Memberslëscht vun der UNO geet duer. A mat Ost-Timor ass et och einfach, wann een e Bléck an hir Konstitutioun gehäit, an zwar an déi engleschsproocheg.
Um Enn nach e positivt Beispill vun Arrangement: Et hat Een d'Fro opgeworf, wéi et mat der Transkriptioun vu japaneschen, russeschen o.ä. Nimm wier. Banne kuerzer Zäit ware mer eis eens: mer halen eis un d'Transkriptiounen vum DUDEN. Ite missa est. --Cornischong 13:16, 21 Feb 2005 (UTC)


Zu Irland stëmmen ech zou: Eng "Republik Irland" gëtt et am Fong net, dofir giff ech och ideal fannen, analog zu Lëtzebuerg, eng Homonymiesäit schafen, matt Verweis op "Irland (Land)" an "Irland (Insel)" (a Queeschreferenzen, wou néideg) Dee Moment kinnt een Ulster/Nordirland och besser ënnerdag kréien.

Eng Grimmel aus der Peffermillen zu den Transkriptiounen: *Eng* Aussnahm giff ech vun der Duden-Linn proposéieren: Do, wou am däitschen e "J" geschriwwe gëtt (deen "i" ausgeschat gëtt), giff ech hei den "Y" proposéieren (wéi am franséischen oder engleschen: kuckt Yuschtschenko. De "J" giff ech fir déi Nimm loossen, déi och esou ausgeschwat ginn (also matt engem "J" wéi a "Jemp"). Wier do jidderee matt d'accord ze kréien? Oder ass dat d'Fënster opman fir eng Hällewull vun Ausnahmen, wou härno erem kee weess, wat dann elo gëllt?? Zinneke 13:43, 21 Feb 2005 (UTC)

Zu den Transkriptiounen: Wann ech am Metzler Komponisten Lexikon e Komponist fannen, deen "Cajkovskij, Petr Il'ic" (déi zwéin "c"en kréien nach en ëmgedréiten Hittchen!) heescht, da ginn ech de Geescht op. - - Mat anere Wierder, ech schléisse mech gären enger raisonnabler Léisung un, déi ze verkraaften ass. --Cornischong 14:35, 21 Feb 2005 (UTC)

Aus éischt zu Irland: Den Artikel zum Land steet elo op Irland (Land). Republik Irland gouf geläscht. Zu der Bibliographie -> kuckt uewen. --Briséis 19:00, 21 Feb 2005 (UTC)

Dat ass gutt, dass deen elo als "Irland (Land)" leeft. A Merci fir d'Aarbecht. Nach e Neurotikum manner op der Welt! --Cornischong 21:05, 21 Feb 2005 (UTC)

Nach eppes zum Thema "Literatur"[Quelltext änneren]

Déi ass e bësse séier geläscht ginn déi Diskussioun. Also festgehal hu mer jo lo folgendes:

  • Familljenumm, Numm, Titel, Verlag, Stad, Joer. (Fir Bicher)
  • Familljenumm, Numm, "Titel vum Artikel", in Titel vum Haaptwierk, Verlag, Stad, Joer. (Fir Artikelen)

Wou dat lo histoë kënnt weess ech net. Am Stamminetsarchiv geet wuel kaum een et kucken.
Vierun net allzelaanger Zäit ass mer do bei deenen aneren da heiten an de Grapp gefall: Klick. Meng Iddi: Vläicht wier et net schlecht sou eppes och fir eis ze hunn. Wa mer schon sou eppes hu sollten, hunn ech et ob jidferfalls nach net gesinn ...--Karlthegreat Diskussioun 21:24, 23 Feb 2005 (UTC)

Mir hunn daat heiten Wikipedia:Typographie, wou esou Saachen dropstinn. --Briséis 22:06, 23 Feb 2005 (UTC) Ausserdem gouf d'Diskussioun net geläscht mee si steet am Archiv. --Briséis 22:16, 23 Feb 2005 (UTC)

Hihi dat weess ech och. Schliesslech hunn ech jo och nach geschriwwen: Am Stamminetsarchiv geet wuel kaum ee kucken. ;) @Topic: Jo ok. Meng Fro nom Upassen huet sech schon erleedegt éiert ech se gestallt hunn. Och gutt:) --Karlthegreat Diskussioun 22:36, 23 Feb 2005 (UTC)