Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Juli

Vu Wikipedia

Letz zellebréit![Quelltext änneren]

De "Gebuertsdag" vun eiser Wiki kënnt ëmmer méi no, an och d'Artikelzuel vu 5.000 (déi eis d'Dier opmécht an de 'selekte' Club vun den "zeriöe" Wikien) ass gräifbar no.

Et gouf schon eng Kéier hei ugeschwat, mee ech wollt d'Thema e bësse konkretiséieren: wéi wier et mat engem klengen Iesse vun all deenen, déi d'Joer iwwer hei matgeschafft hunn, an zwar eng Kéier owes an deenen 2 éischte Wochen am August?

Wou[Quelltext änneren]

Ween e Virschlag fir e Restaurant huet, kann deen heihinner schreiwen (vläit och, wat et do Guddes gëtt:-) :

  • Caravelle, Bartréng (Cordon Bleu Crème Champignon)
  • .

Wéini[Quelltext änneren]

Méi quokelech kinnt et sinn, en Dag ze fannen, dee Jidderengem passt.

Wann der intresséiert sidd, schreift iech hei an, an hannendrunn déi Deeg, déi äech net ginn. Dann ass et méi einfach, en Denominateur commun ze fannen.

Ech fänken emol einfach un:

  • Zinneke: geet net de 7. an de 14.
  • User:Cornischong: geet "ëmmer"
  • Otets: geet net déi éischt Woch am August
  • User:Johnny Chicago: et geet net den 8.
  • User:JimHawk: geet u sech emmer ausser Freides a Samsdes
  • Briséis: an der Woch ëmmer, FR/SA/SO net, an am Prinzip bis elo och all Datum.
  • User:Alexandra: geet net de 6. , net den 12. oder 13. (een vun denen 2 Deeg net, wees awer nach net waatfireen) an net de WE vum 19.-21. soss all Dag am August (wann et owes ass)
Bis elo kommen nëmmen dräi Deeg a Fro: Dënschdes, den 9. oder Mëttwochs, den 10 oder Donneschdesden 11. --Cornischong 19:40, 11 Juli 2005 (UTC)
  • Ma da giff ech einfach emol virschloen, dass mer eis den Dënschden, den 9. fräihalen, wann et do keng weider Awänn ginn. Bis elo hu mer just eng Propos fir e Lokal. Aner Virschléi kënne gäer nach gemaach ginn (besonnesch, wann ee vläit kee (Schwénge)fleesch ësst oder allergesch op Champignonen ass). Wann net, giff ech soen, dass mer dat eng 10 Deeg virdrun definitiv confirméieren an och e Fräiwëllege fannen, dee reservéiert an déi genee Adress kënneg mécht.

--Zinneke 21:36, 11 Juli 2005 (UTC)

Lo hu mer jo en Dag, da feelt just nach eng Auerzäit. Sou géint 20:00 misst ech méi oder wéineger sécher disponibel sinn. --Otets 00:54, 12 Juli 2005 (UTC)

Fënnef dausend a siwen[Quelltext änneren]

5007; 5007; 5007; 5007; 5007. Am allgemenge Gedeessems mierkt anscheinend kee Mënsch, datt mer bei 5007 Artikele sinn ! --Cornischong 15:38, 11 Juli 2005 (UTC)

Ech hunn et gemierkt an et op en-wiki als Milestone agedroen. Hei hunn ech näicht gesot, well ech gemengt hunn, all Mënsch wéisst Bescheed. Wann ech richteg gezielt hunn, dann ass den Artikel "Heinrich Schliemann" vum JimHawk d'Nummer 5000. --Otets 15:54, 11 Juli 2005 (UTC)

heeyyy.... am dann mol Happy Bday, lb.wikipedia.org :) Gratuléieren dann natierlech de Grënner a Veteranen fir hier vill Aarbecht a deenen mer déi zuel iwwerhaapt an éischter linn ze verdanken hun ;) --JimHawk 16:12, 11 Juli 2005 (UTC)

Vive d'Lëtzebuerger Wikipedia :-) Daat mat de 5000 krut ech effektiv net mat, wou ech op der Arbecht gaange sinn, woren et der nach 4990 e puer Zerquëtschter (mee ech hu jo och net d'Haaptsäit andauernd nei gelueden). Vu datt mäi Chef muer och nach ëmmer op Geschäftsrees ass, wäert et weider e rouegen Dag bleiwen wou ech mech weider mat den englesche Kinneken (mäin neitste Fetisch) befaassen :) Mee wei ech och schon dem Cornischong sot, am Moment komme bei mir gréisstendeels Iwwersetzungen, well meng wonnerbar Geschichtsbicher no bestanener Licence all nach ëmmer a Kartongskëschten an der Garage stinn, an drop warden datt mäin neie Kummerschaf ukënnt fir anstänneg ageraumt ze ginn. Bei Ewen's zu Bäreldeng ass also eng jett lass, mee ëmmerhinn sinn ech jo mol nees am Land :) --Briséisβρισεισ 23:41, 11 Juli 2005 (UTC)


A wéivill Artikelen sinn nach nëmmen Skizzen, ass déi Euphorie net e bessen iwwerdriwen. Een de schons bal vun Ufank un derbäi ass, fir matzeschaffen.???

Wa mer bis 10.000 Artikelen hunn, da kënne mer jo mat Qualitéitsoffensiven ufänken. Mee bis dohi musse mer d'Maschinn als éischt un d'Rulle bréngen. Op deem Wee ass eis den 11. Juli e Meilestee gelongen. Grond fir houfreg ze sinn ass dat op alle Fall, fannen ech. Wonner brauchen eben e bësse méi laang. --Otets 01:41, 12 Juli 2005 (UTC)

Dat mat der Euphorie kann nawell stëmmen, well zënterhier huet kee méi en Artikel geschriwwen, dee méi wéi zwee Sätz huet, .... vun elauter Euphorie, ..... oder esou. --Cornischong 06:02, 12 Juli 2005 (UTC)

Wiki-Friess[Quelltext änneren]

Also: D'Friess ass en Dënschden, den 9. August 2005 um 19.3o am Restaurant "Sieweburen" am Rollengergronn.

Ech hoffen et ass nach net ze spéit fir sech unzemellen mä ech brauch heiansdo méi laang fir mech ze décidéieren. Marcus 09:01, 6 August 2005 (UTC)

Ech fléien spontan den 8. an d'Vakanz, en aneren Datum war Fligertechnesch net méiglech, also muss ech leider ofsoen :( --Briséisβρισεισ 13:06, 3 August 2005 (UTC)

Eng kleng Fro zu der Friess[Quelltext änneren]

Salut, Cornischong, due hues de genaue Rendez-Vous fir d'Friess an de Staminet gesaat.

Eng kleng Fro derzou, hues du och doru geduecht en Dësch fir d'Wikipedianer op de Siwebueren ze reservéieren

Merci schons am Viraus fir deng Arbecht Johnny Chicago 10:09, 3 August 2005 (UTC)

Hätt ech net besser, ech waarde nach "spontan" e bëssen, ier ech eis umellen? Well mat der Zäit kéint et emmerdant ginn, fir all gudden Dag d'Reservatioun z'änneren. --Cornischong 13:58, 3 August 2005 (UTC)

Wéi ech gesinn ginn et ëmmer manner Léit déi matginn, an elo sinn ech och nach di eenzeg weiblech Vertriedung..... :-) --Alexandra 15:01, 3 August 2005 (UTC)

============================================================================[Quelltext änneren]

WIKI - Friess / Lescht Warnung[Quelltext änneren]

En Dënschdeg, den 9. August 2005 steet am Restaurant "Sieweburen" (am Rollengergronn) um 19.30 owes op engem Dësch e "knallgiele" DIN A4 Kartong mat dem Wikipedia-Logo a mam Wuert "Wikipedia" drop. Deen Dësch ass et. --Cornischong 17:31, 4 August 2005 (UTC)

==============================================================================[Quelltext änneren]

WIKI - Friess / Allerlescht Warnung[Quelltext änneren]

En Dënschdeg, den 9. August 2005 steet am Restaurant "Sieweburen" (am Rollengergronn) um 19.30 owes op engem Dësch e "knallgiele" DIN A4 Kartong mat dem Wikipedia-Logo a mam Wuert "Wikipedia" drop. Deen Dësch ass et.

A wann ee Näischt fanne kann?!? =[Quelltext änneren]

Wann e Mensch op eis Haaptsäit kënnt (an esou misst jo all Story ugoen) an e kuckt sech gären un wat hei iwwer Lëtzebuerger Kierchen ze fannen ass (fir e ganz "praktescht" Beispill ze huelen), wat geschitt dann?!? Da klickt en emol op Relioun an e fënnt drësseg "bedeitend" Ausdréck rout. Mee vu Kierchen nix. Dat geet e bei Architektur klicken: Do ass guer näischt. An dann huet en es genuch! En Anere wéisst gär eppes iwwer englesch Kinneken: "Ganz einfach" denkt deen an e klickt op Geschicht, mee den hat nees Pech, well vun do aus kënnt e garantéirt net weider. Wann een "Tenor" agëtt, da kritt en erzielt: "Fir méi Informatiounen, kuckt $1". An esou weider.
Mer mussen dat sou séier wéi méiglech an de Grëff kréien, mengt de --Cornischong 09:10, 15 Juli 2005 (UTC)

Jo do froen ech mech dann esou lues op een net awer op déi däitsch Portal-Iddien zeréckgräife soll, wou een zu engem grousse Sammelbegrëff allméiglech Themen direkt fënnt...anerersäits gëtt et jo och d'Kategorien an déi gëtt et net fir näischt: Beispill englesch Kinneken - Uewerbegrëff Geschicht -> vun do aus kënnt en an d'Kategorie Geschicht - Do huet en zur Auswiel: Geschicht no de Länner (a ka vun do aus bei d'Brittesch Geschicht goen) oder d'Spart "Monarchie" vu wou en och hikënnt. Daat fannen ech perséinlech elo kee komplizéierte Wee. --Briséisβρισεισ 13:14, 15 Juli 2005 (UTC)

Ech ginn dem Cornichong honnertprozenteg Recht. Mä dat mat de Portale gëtt schrecklech vill Aarbech an mir hunn einfach net genug Léit dofir. Mä anererseits muss een einfach Prioritéite setzen. Wann iergendeen eppes sicht an et net fënnt firwat sech d'Méi da machen an iwwerhaapt schreiwen ??????????? Ech giff eng Rubrik proposéieren (fir den Ufank emol), déi et och op aneren Wiki'eë gëtt: Artiklen no Kategorien oder/an Artikelen no Themen an/oder Artikelen no Alphabet. --Alexandra 13:26, 15 Juli 2005 (UTC)

Wann ech op der Säit "Category:Musek" Sätz liese wéi "All Artikel op der lëtzebuergescher Wikipedia dee mat Musek ze din huet fannt dir op dëser Säit" oder op der selwechter Säit an der Mëtt ënner "Artikelen an der Kategorie "Musek"": "Et befanne sech 8 Artikelen an dëser Kategorie." (dat heescht an der Category "Musek" wieren aacht Artikelen). Dat heescht, mär mengen dat Een , deen op der Haapsäit op "Musek" klickt gesot kritt et géifen sech aacht Artikelen an der Wikipedia "befannen" iwwer Musek. An ech mengen, dat kann ee kengm zoumudden! --Cornischong 14:13, 15 Juli 2005 (UTC)

Wéi mengs de dat elo, datt een d'Kategorië kengem zoumudde kann ? Wéi wëlls du et man ? Ech ging jo soen, ech këmmere mech ëm d'Portal Geschicht, a ging souguer sou wäit goen, an vun der Haaptsäit net op den Artikel "Geschicht" linken, mee op d'ganzt Portal vu wou dee betreffenden dann an déi jeweileg Spart goe kann. Mee dat kann ech vu Kenntnisser hir scho mol souwisou nëmme bei "mengem" Fach man, a vum Zäitopwand guer net ze schwetzen. --Briséisβρισεισ 14:20, 15 Juli 2005 (UTC)

Do verstinn ech awer och elo net wats du mengs Cornichong? Mat denen 8 Artikelen ???? Wat giffs du da proposéieren? --Alexandra 14:37, 15 Juli 2005 (UTC)

Da mol nach e Beispill: Et wëllt ee wëssen, wien an deene leschte Joren an der Rallye zu Monte-Carlo gewonnen huet. Dee kennt awer net de genauen Titel vun der Course (an dat wëssen der net vill). Awer, wann en de genauen titel vun där Course aginn hätt, dann hätt e nach näischt fonnt. Dee fänkt u (op der Haaptsäit) mat dem Stéchwuert (ënner Sport an Hobby) "Sport". Da kënnt en op den Artikel "Sport". Do fënnt en ënner "Kuckt och": "Lëscht vu Sportaarten". Wann en dorop klickt, land e bei der "Lëscht vu Sportaarten". Ënner 7 ass de Mototorsport, e klickkt op 7 a fënnt "Formel 1", "Karting" an (Hallelujah!) Rallye. Wann en op de roude Rallye klickt ..... Ass dat Beispill méi kloer? An dobäi hätt deen nëmmen bräichten an der "sichen"-Këscht "Lëscht vun de Gewënner vun der Rallye Automobile Monte-Carlo" anzeginn, an en hätt et gehat. Well wann e "Rallye" agëtt, da kritt en "Fir méi Informatiounen, kuckt $1". Dat Beispill hei ass wéi di aner net erfonnt, mee duerchgetest. --Cornischong 16:53, 15 Juli 2005 (UTC)


ah, ech mengen, ech verstin... et ass mer bei engem aaneren Beispill opgefall: Gett een Benoit XVI. an, fennd een keen Resultat, gett een Benoît XVI (ouni punkt duerno) an, fennd een ebenfalls näischt...(nach e Beispill: et fennd een den Artikel Esch-Sauer net, wann een esch-sauer agett)... et fennd een réicht eppes, wann een den korrekten Numm vum Artikel kennt an deen och richteg schreiwt (also grouss a kleng schreiwung ass imens wichteg) Mat aaneren wieder: eis Sichmaschin ass "ze kriddeleg"! d'sichmaschinn dierft net op Grouss- a Klengschreiwung oppassen an och no wieder sichen an net no ganze Sätz. --JimHawk 17:20, 15 Juli 2005 (UTC)

Neen, et geet net em eng kriddeleg Sichmaschinn!!! Ech drécke mech esou kloer aus wéi méiglech. Ech ginn all eenzelne Schrëtt un! Et brauch een dach nëmmen déi Prozedur nozespillen! Ech hunn dat mat enger Dose Leit gemaach, déi mam Internet "gewinnt sinn", mee hei net weiderkommen. A besonnesch net WANN SE VUN DER ÉISCHTER SÄIT AUSGINN. (Dee Block riets ënner "Enzyklopedie"). --Cornischong 17:46, 15 Juli 2005 (UTC)

An dofir soen ech nacheemol...wann een op d'Kategorie klickt, da kënnt ee menger Meenung no nach séier u säin Zil (cf. Beispill mat den englesche Kinneken: Haaptart. Geschicht -> Kat. Geschicht -> Kat. Geschicht no Länner -> Kat. Brittesch Geschicht...do steet alles dran. E bësse klicke muss een ëmmer, et ka keen erwarden datt mer d'Artikelen all komplett op déi éischt Säit setzen. An d'Sichmaschinn ass wuel kriddeleg, mee dat ass d'Wikipedia selwer jo och. Den Artikel Paul Müller ass net de selwechten wéi den Artikel Paul müller. Un deem System kënne mir awer nix änneren. Ech ka just nacheemol proposéieren datt mer dat mat de Portaler versichen, mee do wäerten dann awer och nach eng jett méi roud Linken opdauchen. So mir waats du lo genee wëlls änneren :) --Briséisβρισεισ 23:15, 15 Juli 2005 (UTC)

Bis elo huet een ënnert dem Themindex vun der Haaptsäit eng Lëscht vun Artikele fonnt, déi nieft hirer Daseinsberechtegung als Artikelen och nach d'Funktioun vunn enger Zort Miniportal haten, d.h. esou breetgefächert wéi méiglech mat enorm villen interne Linken ze sinn haten. Dat war an ass och schéin a gutt. Dat eenzegt, wat net esou terribel ass, dat ass, datt nach vill zevill Linke rout sinn.
Ech hat mech virun e puer Méint dorunner versicht, mee iergendwann aus Einsamkeet déi Tâche opginn. De Prinzip vum Themenindex mat Portal-Artikelen, wéi mer se elo hunn, ass also ganz an der Rei, et muss een dat just méi ausbauen a gemeinsam virundreiwen.
Eng Lëscht vun Haaptkategorie géif ech just komplementär zum Themenindex ubidden, an net alternativ. Do sief dann och nach gesot, datt eis automatesch generéiert Lëscht vun net-kategoriséierte Kategorien scho woochelaang duerch e Bug eidel bleift. Wee rifft gären en Dev un?
--Otets 18:32, 17 Juli 2005 (UTC)

HTML an sou[Quelltext änneren]

Gudde moien... ech hun zwar schon am techneschen FAQ gelies, datt keen HTML benotzt gett (secherheetsrisiko an fir et den leid sou einfach wéi meiglech ze maan)... wollt dofir awer nach eng kéier extra nofroen, op et keng meiglechkeet gett, fir en klengen HTML-text an engem artikel anzefügen.

De Grond: ech wollt eng interaktiv Koart maan, sou zum Beispill eist Land, dat ennerdeelt ass... sou gesäit een Zum Beispill wou eng Buerg, Schlass, Ruin oder sou ass an duerch Dropklicken vum jeweilegen Symbol kennt een bei den artikel...

Falls dat net méiglech ass, dann kinnt ech dat mat enger Flash-Animatioun maan... problem: dat wier dann en .swf-fichier (kann een swf-roplueden an afügen wéi z.B.: .jpg, .gif...?) an de benotzer misst dann Macromedia Flash installéiert hun (wat hautdesdags zwar standart ass).

Wat haal där dovunner? --JimHawk 12:20, 15 Juli 2005 (UTC)

D'Iddi fannen ech schon emol super. Also HTML geet, "soll" eben net benotzt ginn wéinst maximaler Benotzerfrëndlechkeet, mee du kanns deng Kaart awer vu menger Säit aus secherlech mat HTML abauen. Wéiwäit Flash-Fichieren ënnerstëtzt ginn ass mir onbekannt. Do kéins de evtl. op enger méi grousser Nopesch-Wiki emol nofroen, déi méi technesch Spezialisten do sëtzen hunn. --Briséisβρισεισ 14:37, 15 Juli 2005 (UTC)

Ah, merci mol fir d'Äntwert ^^ ech giff et u sech ganz gär mat HTML maan... HTML kann eben all browser interpretéieren, do muss een näischt vun macromedia hun etc. gett et dann dofir en Tag? sou op deen genre wéi bei der gallery... am stil vun <html>blabla</html>? --JimHawk 14:43, 15 Juli 2005 (UTC)

Also ech wees datt ech ganz am Ufank op der fr-Wiki aus Reflex Saache mat Html geschriwwen hunn, mat de ganz normalen Tags, bis do ee mer ganz frëndlech op d'Schëller geklappt huet a gemengt huet "schreiw net <b>, daat versteet keen, maach 3 Apostrophen :) Mee technesch gesi klappt et. --Briséisβρισεισ 23:17, 15 Juli 2005 (UTC)

E Portaltest[Quelltext änneren]

Kënnt der mer mol är Meenungen zum Testportal Geschicht soen ? Ech hu mëttlerweil erausfonnt wéi déi Saach leeft, et ass usech zimmlech einfach et opzesetzen, an d'Ännerunge vun den diverse Sparte lafe wéi op der Haaptsäit andeems een op "änneren" klickt.

All Kommentar erwënscht.

--Briséisβρισεισ 10:55, 19 Juli 2005 (UTC)

Mäi Pefferkär:

  1. Souwuel optesch wéi och funktionell ganz gutt geroden. All Komplimenter!
  2. Mee à terme sollte Kategorien an Artikelen net gemixt ugebuede ginn (am Moment feelen eis vläicht genuch Artikelen, fir alles direkt dorobber ëmzestellen).
  3. Dat gëtt nach vill Oarbecht, well am Themenindex vun der Haaptsäit si momentan 45 Stéchwierder, déi all op en eegent Portal woarden.
  4. Wa mer bis all Themenindex-Portaler hunn, da musse mer verschidden Themenindex-Artikelen ëmschreiwen/eliminéieren, déi ebenfalls soss näicht anescht wéi Linklëschte sinn.

--Otets 11:43, 19 Juli 2005 (UTC)

Jo also de Contenu ass am Moment nach "ze bearbechten", wollt mol iwwerhaapt eppes drasetzen zu opteschen Testzwecker an als Iddi wat ech mer an de verschiddene Sparte virstellen. Je no Thema fannen ech awer Themenindexartikele gudd, wann se explizit genuch sinn fir d'Thema selwer ze erklären, an net nëmme Linklëschte sinn.

--Briséisβρισεισ 16:30, 19 Juli 2005 (UTC)

Virschlag fir e Presse-Communiqué[Quelltext änneren]

Moien,

wat haalt Der dovunner, e klenge Pressecommuniqué zum 1. Joresdag vun der Grënnung /5.000sten ze verschécken? Elo am Summer missten d'Zeitunge sech iwwer alles freeën, wouriwwer et eppes ze schreiwe gëtt?

Hei emol eng Propose, en éischten Entworf, wou natierlech jiddereen dran ännere goe kann. Falls mer d'accord sinn, en ze verschécken, misst ech allerdings der Prakteschkeet halwer op Är Mathëllef zielen, wat dat 'Logistescht' ubelaangt. Do sinn ech e bësse wäit ewech vum Schoss. Och misst natierlech eng Kontaktadress do stoe fir d'Journalisten.

--Zinneke 15:41, 19 Juli 2005 (UTC)

Eng gutt a luewenswäert Iddi. Reklamm kann ni schueden. Just eng Niewewierkung vum Summerlach: da sinn och manner Lieser doheem. Eppes anescht: Eenzeg Conditioun: et sollt op Lëtzebuergesch sinn. - et ka bal kee feelerfräi Lëtzebuergesch schreiwen, dofir froen ech mech op sech duerch déi (natierlech richteg) Präzisioun net vill Leit ofschrecke loossen. --Otets 17:56, 19 Juli 2005 (UTC)

Fannen et och eng ganz flott Iddi :) hun och soss neischt weideres um artikel auszesetzen ^^ --JimHawk 18:09, 19 Juli 2005 (UTC)

Fannen ech eng super Idee. Ech giff awer z.B. desen Deel erausloossen: Och wann dës am Moment nach eng 100 Mol manner Artikelen huet - Kléngt wéi wa mir eis willte rechtfertegen dass nach net méi Artikelen geschriwwe goufen. Fir de Recht: Eng wierklech gudd Initiative --Alexandra 18:15, 19 Juli 2005 (UTC)


Communiqué[Quelltext änneren]

Titel:

Wikipedia op Lëtzebuergesch: No engem Joer scho 5.000 Artikelen!

Chapeau:

Just e puer Deeg virun hirem éischte Gebuertsdag, den 21. Juli, huet d’Wikipedia op Lëtzebuergesch dee 5.000sten Artikel kënne feieren.

Wat ass Wikipedia?

D’Wikipedia ass eng Online-Enzyklopedie an dosende vu Sproochen, un deer jidderee selwer matschaffe kann. Déi engleschsproocheg Wikipedia z.B. huet iwwer 630.000 Artikelen. Zanter engem Joer gëtt et och en Ofleeër op Lëtzebuergesch, deen am Gaang ass, sech lues a lues zu enger Quell fir Wëssen iwwer Lëtzebuerg (an driwwer eraus) ze mauseren. Vu Molerei bis Geschicht, Geographie bis Politik, Film bis Ornithologie gehéiert alles dran; an alles ka mat Hyperlinke verbonnen ginn.

Wat war lass mat mysteriéise „Marienerscheinungen“ op der Keeler Léif’frächen? Wat ass e „Gielemännchen“? Wat fir Lëtzebuerger Moler hunn 1927 d’Sezessioun gegrënnt? Wéini ass déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg erauskomm? Wouhier huet „Zowaasch“ säin Numm? Wie war de Jean Linden? Wat war d’“Maulkuerfgesetz“? A wat fir Filmer huet den Thierry van Werveke matgespillt? Wat fir Politiker hunn deeselwechten Dag Gebuertsdag wéi de Fernand Boden? All dat an nach vill méi kann een an der Wikipedia fannen ... oder selwer schreiwen, wann et deen Artikel nach net gëtt, oder wann ee méi weess wéi dat, wat bis ewell do steet.

Jidderee ka matmaachen!

De Succès vun der Wikipedia baséiert virun allem op dësem Fait: Jidderee kann, mat zwee Mausklicker, en Tippfeeler verbesseren, e Saz oder e Kapitel ëmänneren an ausbauen, oder en neien Artikel crééieren. A well dat esou einfach geet, hu Feeler an Dommheeten ni laang Bestand, si ginn einfach erëm vum nächsten ewechgemaach.

Grad zu Lëtzebuerg hu mer de Problem, datt et zwar immens vill Artikelen a Publikatioune zu deene verschiddensten Theme ginn, déi awer a klengen Oploen erauskoumen an dacks vergraff sinn, oder awer an enger Zäitschrëft oder Zeitung erauskoumen, déi net onbedingt bibliographesch indexéiert gouf. An da gëtt et se dacks just a gedréckter Form. D’Wikipedia bitt d’Méiglechkeet, dëst Wëssen iwwert den Internet zougänglech ze maachen, an et mat aneren Themen (oder Artikelen an anere Sproochen zum selwechten Thema) ze verbannen.

Wann naturgeméis de Schwéierpunkt elo mol drop läit, Artikelen iwwer Themen ze schreiwen, iwwer déi et soss net vill (oder näischt) am Internet gëtt, sou steet et jidderengem fräi, iwwert säin Intressegebitt ze schreiwen, sief et d’Schachspill, d’Auteuren, déi de Georg-Büchner-Präis kritt hunn, d’Ronnschwanzséikou, mathematesch Formelen oder d’Orakel vun Delfi. Eng Enzyklopedie ëmfaasst, wéi hiren Numm et seet, alles.

Virwëtzech? Luusst emol eran a maacht mat!

http://lb.wikipedia.org


Merci fir Är Commentairen! Ech hunn déi 2 Ännerungsvirschléi mat erageholl an en Titelvirschlag gemaach. Elo kënnt de spannende Moment: Wee kann dat - méiglegst un déi richteg Leit - verschécken??

Wéi gesot: vun "hannert de 7 Bierger" kann ech mech net vill nëtzlech man; et misst ee sinn, deen déi 8-10 relevant Zeitungen a Magazinen (+ Radio an Tëlee) kontaktéiert, freet, wee fir "Internetgedéngels" oder Kulturthemen zoustänneg ass, an hir Fax-Nummer oder E-mail kënneg mécht. An da bleift nacht just, deen Text an e Word-Doc. mam Pësel-Logo als Entête ze pechen an duerch d'Piipsmaschinn rëtschen ze loossen. Ah jo, e 'Fräiwellegen' als Kontaktpersoun (fir Réckfroen) misst och do stoen...

freet erwoardungsvoll de

--Zinneke 14:13, 20 Juli 2005 (UTC) , dee gutt schwätzen huet.

PS: op der Talk:Haaptsäit stéing schon d'Adress vun engem méiglechen Destinataire.

Dee vum zweeten RTL, dat war e Stagiaire. Ech selwer sinn a Kontakten net grad deen Held. Den Owend kënnt de Cornischong jo vum Tour erëm, mol kucken op dee kee kennt. --Otets 15:47, 20 Juli 2005 (UTC)

De Communiqué ass fort un d'Wort, d'Tageblatt, de Journal, d'Zeitung an un d'Woxx. --Cornischong 08:42, 21 Juli 2005 (UTC)

Huet een an enger Zeitung eise Kommuniqué gesinn?? --Cornischong 09:24, 23 Juli 2005 (UTC)


Ech kéint emol beim RTL uklappen, kennen do e puer Leit aus dem "Internet-Departement". --Briséisβρισεισ 06:08, 21 Juli 2005 (UTC)

Eis Wiki an der Weltpress[Quelltext änneren]

http://www.main-spitze.de/rhein-main/objekt.php3?artikel_id=1983635