Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Juni

Vu Wikipedia

Etymologie[Quelltext änneren]

Ech si säit längerer Zäit op der Sich no engem Buch, wat d'Etymologie vun eiser Sprooch behandelt. Esou eent ass allerdéngs nët opzefannen. Dofir géif ech proposeieren an der Enzyklopedie ënnert der Kategorie Kultur an Humanwëssenschaften d'Kategorie Ethymologie vun der Lëtzebuerger Sprooch bäizefügen. Ech wees allerdéngs nach nët wéi daat geet. :-)

Gudde Moien. Merci fir d'Matdeelung. Mär kommen haut nach dorops zréck. (Et ass schonns e bësse spéit :-) Et wier villäicht besser, wanns de dech géifs "aloggen"; da kann ee sech besser ënnerenee verstännegen (an et weess een, mat weem een et ze dinn huet) A well dat am Fong anonym geet, brécht et Kengem en Zack aus der Kroun:-) Merci. --Cornischong 01:50, 2 Jun 2005 (UTC)

Bei der Etymologie geet et net direkt em d'Sprooch, mä ëm eenzel Wierder. " Wissenschaft von der Herkunft, Geschichte u. Grundbedeutung der Wörter; b) Herkunft, Geschichte u. Grundbedeutung eines Wortes.", zielt eis den Duden.((c) Dudenverlag ). Lëtzebuerger Wierder loossen sech meeschtens (et gëtt natierlech ganz komplizéiert Fäll) zréckféieren op däitscher, franséischer, griichescher a laténgescher. Wat net esou evident ass, dat si Wierder aus méi exotesche Sproochen. Mee dee Problem weist sech och an anere Sproochen. Wann an Däitschland Ee sech Gedanke mécht wou säi Wuert "Schach" hirkënnt, da muss e schonns méi wäit siche goen. E grousst Wierderbuch këmmert sech normalerweis och ëm den Origin vun de Wierder. Mär sinn am Moment ganz schlecht dru mat Dictionnairen. Dee Beschten ass nach ëmmer D'"Luxemburger Wörterbuch" vun 1950 an duerno. Mee déi Bicher si vun der Schreifweis hier, total iwwerlieft (an och net méi am Handel)! Et gëtt zënter enger Zäitchen un engem neie Lëtzebuerger Dictionnaire geschafft, mä do ass nach mat vill Joren ze rechnen. Bannent der Lëtzebuerger Wikipedia ass et natierlech fäin, fir dorop anzegoen. Jiddfereen ass jo invitéiert fir matzemaachen. Mär kënnen zuguer ufänken, an dat bannent eisem Kader, eng etymologesch Wierdersammlung ze maachen. Also, pak mat un! Fänk en Artikel un "Lëscht vun Originnen vu lëtzebuergesche Wierder" ! (Wann s de Problemer hues, wéi dat an der Wikipedia "gemaach" gëtt, fäert net fir ze froen.) --Cornischong 08:32, 2 Jun 2005 (UTC)

Hmmm, dat ass menger Meenung no näicht fir d'Wikipedia, mä éischter eppes fir de Wiktionnaire. --Otets 14:17, 2 Jun 2005 (UTC)

Wiki de 7. Juni offline[Quelltext änneren]

En Dënschden, de 7. Juni 2005, gi géint 9:00 Uhr MESZ d'Wikipedia-Server an en neie Serverraum transportéiert. Aus dësem Grond wäerten all Wikimedia-Projete fir en onbestëmmten Zäitraum net erreechbar sinn.
Mer mussen dofir moar de mueren alleguerte ganz fréi opstoe fir nach eppes ze maachen, oder mer hu fir e gudden Deel vum Dag Wikivakanz. --Otets 15:26, 6 Jun 2005 (UTC)

Uertschaftsnimm, déi allerlescht[Quelltext änneren]

Bei [[1]] heeft sech nees e Problem mat den Uertschaftsnimm un. No dem Gedeessems mat "Wormer" an "Ëtteng" geet et elo ëm d'Nimm vun Uertschaften, déi fréier zu Lëtzebuerg gehéiert hunn, wéi an dësem Fall "Bitburg" an "Dudeldorf". Wat seet d'Vollek? --Cornischong 09:19, 13 Jun 2005 (UTC)

Ech giff soen dass mir di aktuell Nimm benotzen. Och wann se fréier zu Lëtzebuerg gehéiert hunn, elo machen se et jo net méi. Am Text kann een jo trotzdeem e kléngen Hiweis op de lëtzebuergen Numm machen wann ee wëllt. --Alexandra 09:27, 13 Jun 2005 (UTC)

--- Menger Meenung no ass fir d'éischt emol d'Fro, ob eng Uertschaft emol zum Herzogtum/Grofschaft Lëtzebuerg gehéiert huet, irrelevant. De Critère sollt sinn, wat dee geleefegsten Numm fir eng Uertschaft ass (Et geet jo drëms, en Artikel och kënnen ze "fannen"). "Paräis" oder "Bréissel" sti jo och ënnert deene Nimm, ouni dass do emol e Lëtzebuerger Dück Här a meeschter gewiescht wier (bon, iergend e Wenzel oder Sigismund woar eng Kéier kuerz Herzog vum Brabant, mä dat loosse mer emol hei op der Säit).

De Probleem läit deemno an der Fro "Wat ass 'geleefeg'"? "Diddenuewen" gëtt allgemeng, giff ech mengen, verstanen (an och esou an de geschwatene Medie gebraucht, cf "Diddenuewener Strooss" an der Stad)), och wa séchelech eng jett Leit selwer "Thionville" soen. Bei Kettenuewen an Ëtteng ass et 't selwecht. Et ass deemno vëlleg an der Rei, dass déi Artikelen esou heeschen, an e "Redirect" vum franséischen Numm dohinner ëmleet.

Bei "Béib(e)rech" zécken ech schon éischter. Hei misste mer einfach wëssen, wéi d'Leit aus dem Nord-Oste vum Land dozou soen (Huet een eng Tatta zu Uewereesbech déi ee kinnt froen?;-). Wann och do jiddweree "Bitburg" seet, da soll deen Artikel och esou heeschen, quite dass an der Aféierung steet, dass "den ale Lëtzebuerger Numm asw." An deem Fall wier de Redirect éischter vu 'Béibrech' op 'Bitburg' ze man... --Zinneke 09:55, 13 Jun 2005 (UTC)

Dee leschten, deen ech gefrot hunn, deen ass aus dem Nord-Oste vum Land an dee wëllt wëssen, datt et Béibrech genannt gëtt. Deen ass awer just dohinnergeplënnert (wat awer och nach egal kéint sinn). Mat engem Redirect léisst sech jo souwisou alles aneres reegelen. --Otets 11:08, 13 Jun 2005 (UTC)


"Die Software der Wikipedia wird in den nächsten Tagen auf eine neue Version aktualisiert (MediaWiki 1.5). Während der Umstellung ist mit schlechter Verfügbarkeit der Wikipedia zu rechnen." liesen ech op enger auslännescher Wikipedia. --Cornischong 11:51, 26 Jun 2005 (UTC) Eenzelheeten hei: http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:MediaWiki_1.5 GAnz vill Eenzelheeten hei: http://cvs.sourceforge.net/viewcvs.py/*checkout*/wikipedia/phase3/RELEASE-NOTES?rev=HEAD

1.5 Kommentaren[Quelltext änneren]

Méi eng Merde wéi d'Versioun 1.4, deeër hir Nowéien eis bis haut emmerdéieren, wäert et hoffentlech net sinn. Amen. --Cornischong 11:56, 26 Jun 2005 (UTC)

D'1.5. schéngt den Annoncen no jo awer méi Verbesserunge wéi Verschlëmmbesserunge mat seh ze bréngen. Bäi deer Geleeënheet däerfe mer net vergiessen, den Artikel "MediaWiki" ze updaten, well do liesen ech ëmmer nach "D'aktuell MediaWiki Versioun ass d'v.1.2.3.". Fir déi méi spéit gebueren: wat ass dann esou schlecht un der 1.4 gewiescht? --Otets 12:50, 26 Jun 2005 (UTC)

En aktuelle Problem (zënter gëscht): bäim Aloggen a bäi der Preview-Funktioun ass d'Benotzeruewerfläch op eemol op Englech, obuwel "lb" a menge Preferenzen aginn ass. Wat ass do lass, weess een eppes méi oder huet een aneren deeselweschte Problem? --Otets 17:38, 26 Jun 2005 (UTC)

Ech hunn deeselwechte Problem (Mat der Sprooch), gëschter war ech op eemol ausgeloggt, an zënter enger Woch spréngt bei mär de Windows "debugger" un, wann ech eppes ofgespächert hunn. Dann huet mäi PC et zwar ofgespäichert, mä den Internet Explorer ass "fort" an ech muss en erëm starten. --Cornischong 19:01, 26 Jun 2005 (UTC)

Se si schonn amgaang Tester mat verschidden Deeler vu MediaWiki 1.5 ze maachen. Dat ka jo nach lëschteg ginn. --Otets 19:10, 26 Jun 2005 (UTC)

Et schéngt wéi wa mer d'Versioun 1.5 elo definitiv drop hätten ([2]). D'Sprooch vun der Benotzeruwerfläch spréngt awer trotzdeem nach ëmmer vu Lëtzebuergesch op Englesch... --Otets 5 Juli 2005 16:34 (UTC)

Ech si virgëscht bäi den Devs intervenéiert wéinst deem Sproochebug. Anscheinend haten d'Spuenier deeselweschte Problem. Se schéngen dat mëttlerweil awer an d'Rei bruecht ze hunn, well ech konnt de muere kee Bug méi feststellen. --Otets 8 Juli 2005 10:40 (UTC)

Eenheetlecht Format fir d'Linktitelen[Quelltext änneren]

Hei aus dem Archiv déi viirecht *Diskussioun" fir déi Kommentaren ënnendrënner besser ze verstoen:

Links Eng Fro iwwert d'Linktitelen an eisen Artikelen. De Standard war jo u sech ëmmer:

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Dee fannen ech och immens nëtzlech. Just, wa mer nëmmen intern oder nëmmen extern Links hunn, da géif ech virschloen, den Titelindex net onnéideg opzebauschen a falschen Hoffes op risegrouss Linksammlungen opkommen ze loossen déi et guer net gëtt an och net gi wäert. An esou engem Fall géif ech da just schreiwen: == Kuckt och == fir intern Links == Weblinks == fir extern Links

Déi kéint een elo och "Intern Links" oder "Extern Links" nennen, oder d'Weblinks just "Links" (resp. "Link", soulaang just een do steet). D'Haaptsaach ass, d'Visiteure wëssen intuitiv, wat woufir steet. Wat mengt d'Communautéit? --Otets ♣ 10:25, 19 Mee 2005 (UTC)

[Änneren] Gelinks Wat seet eis Schreifweis? Ma déi zielt eis, datt d'Méizuel vu Link (dat Wuert steet dran!) Linken ass. A wat zielt eis de Langenscheidt zum "linken": "lin|ken <sw.V.; hat> [zu link] (ugs.): täuschen, hereinlegen: jmdn. l." Dat mag e bësse mat den Hoer erbäigekromt sinn, awer et huet e "komesche" Bäigeschmaach. "Kuckt och" fir intern Linken fannen ech ganz an der Rei. Déi "extern" si méi quokeleg. "Weblinks" ass net gutt wéinst dem -s als Méizuel. "Websäiten", "Weblinken", "Kuckt och am Web", "Wou steet nach Eppes", mä zefridde sinn ech domat net. Alt dee Nächsten. --Cornischong 10:58, 19 Mee 2005 (UTC)

Moien, ech hu grad séier hei laangschtgeluusst: Ech hätt manner Problemer mat "Linken" ("-en" ass nun eemol dat "natierlecht" Pluriel-Morphem am Lëtzebuergeschen), verstinn awer dem Cornischong seng Bedenken.

Wéi wier et deemno mat "Op dem Spaweck"? De Romain Hilgert am Land gebraucht deen Ausdrock och, Lex-Rothen wäerte kaum eppes drun auszesetzen hun, an et as nun emol d'Grondbedeitung vum englesche Wuert "Web", déi fir de metaphoreschen Internets-gebrauch Pätter war.

Zevill oséiert??

freet emol de --Zinneke 13:07, 19 Mee 2005 (UTC)

Der Reegel no misst et "Linken" sinn. Dat ass och richteg. Mee hei gëtt et eng Ausnam déi grad esou richteg ass, an dat ass "Links" mat "s". Iergendwou am 144 Säite-Wierk vu Schanen/Lulling iwwert d'Annexe vum Reglement steet déi Méiglechkeet ausdrécklech dran.

"Op dem Spaweck" kléngt originell - an ongewinnt. Enfin, d'Wikipedianer selwer kéinte sech jo dru winnen, mä bäi neie Visiteuren/Lieser sinn ech net grad esou iwwerzeecht. Oder dach awer? --Otets ♣ 13:35, 19 Mee 2005 (UTC)

Op der Säit 100 maache Schanen/Lulling de 17molege Rittberger fir ze soen, datt et "Linken" wier, mä datt een e verschiddene Fäll ... (a wa se net gestuerwe sinn ..). De Romain Hilgert, deen e gescheiten a courajéierte Kärel ass, hat do manner Skrupelen. An en huet Recht, an domat den Zinneke och. --Cornischong 13:55, 19 Mee 2005 (UTC)

Ech kennen mech zwar net esou aus, mä eng witzeg Idee wier et emol --Alexandra 13:59, 19 Mee 2005 (UTC)

Ech fanne "Spaweck" extrem originell, fäerten awer datt et net unbedingt vu Greenhorns verstane gëtt. Ech hunn awer prinzipiell och guer näischt géint "Links" bzw "Linken", well dat Wuert, ewéi souvill am Computerberäich einfach aus dem engleschen iwwerholl goufen a Standart sinn. Mer fänke jo hoffentlech net u wéi d'Fransousen déi e Courriel verschécken, en Disque dur am Ordinateur stiechen hunn a Logiciels périphériques benotzen oder ? :-) --Briséis → βρισεισ 15:37, 19 Mee 2005 (UTC)

[Änneren] Eenheetlech Propositioun No deer ganzer Diskussioun hunn ech versicht, e pragmatesche Kompromëss ze fannen:

Fir Artikelen, wou et souwuel intern Linke wéi och extern Linke gëtt:

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Fir Artikelen, wou et just intern Linke gëtt:

Fir Artikelen, wou et just extern Linke gëtt:

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Ka sech jidderee mat deer Propositioun d'accord erklären an dat dann och esou benotzen, oder ginn et wichteg Grënn, déi dergéint schwätzen? --Otets ♣ 13:15, 21 Mee 2005 (UTC)

Schluss vun der "aler" Diskussioun

Si mir nët gutt mat externem an internem Link gefuer. Mat Spaweck kënnt ech mech eventuel ufrënden.

Awer dee Blödsinn Um Spaweck bleiwt mir ëmmer schief am Hals hänken

Entweder ass et: Link oder Spaweck, Um Spaweck op kee Fall Johnny Chicago 23:49, 26 Jun 2005 (UTC)

Den 19. Mee stoung schonns am Stamminet: "Wat seet eis Schreifweis? Ma déi zielt eis, datt d'Méizuel vu Link (dat Wuert steet dran!) Linken ass." Firwat hale mer eis dru wéi de Geck un de Bengel mat de Links?? Et ass net Links! Wéi wier et mat enger Ofstëmmung? --Cornischong 00:23, 27 Jun 2005 (UTC)

Déi Diskussioun gouf et schonns, an zwar viru ganzer fënnef Wochen um Stamminet. Deemols huet kee sech gemellt gehat, wéi déi "Eenheetlech Propositioun" erauskoum. Do wier nach Zäit gewiescht, mä nee, et mussen als éischt honnerte "Um Spaweck" (a ronn 2000 "Links") placéiert sinn, ier verschiddener aus dem Wanterschlof kommen. Ech weess, datt "Um Spaweck" net ideal a perfekt ass. Dat war eng Zort Kompromëss, eng Deeliwwersetzung vum däitsche "Weblinks", well "Spaweck" just de Land-Lieser e Begrëff ass. Géint "Linken" schwätzt näicht orthographesches, mä just de Fait datt mer dann e Fräiwëllege brauchen, dee geschaten 2000 Artikele verbessere geet. --Otets 01:24, 27 Jun 2005 (UTC)


Mär dinn eis schwéier mat Ofstëmmungen.
Viru Wochen war ech der Meenung, mat engem Hiweis op eis Schreifweis kéint ech "Androck" maachen. Ech hu mech däitlech fir "Linken" ausgeschwat. Et hat och keen eppes géint déi lëtz. Méizuel. Am grousse Ganzen ass dat mer awer net terrible wichteg virkomm. Niewent dem Thema "Wéi ass et mat neien Artikelen?" ass déi Linkfro nëmmen e Weeschësser. Firwat hunn ech op de Kompromëss net reagéiert? Ma, well ech verwonnert war, datt eis Schreifweis keng Roll spillt. --Cornischong 07:47, 27 Jun 2005 (UTC)

Ofstëmmen (et ass fir jiddereen)[Quelltext änneren]

Mi mussen jo net onbedingt dat verbessere goen wat scho geschriwen ass. (Et get zwar déer Verbesserfreaks déi schons emmer an Artikele verbessere gin, ier den Artikel geschriwe ass,an déi d'Verkéiersschëlter net kennen, nu je loosse mer jidderengem seng Obsessiounen) Et wir einfach flott wa mer eis elo op ëppes géiwen eenegen.

Et ass net schwéier wa mer eis elo oprappen, an jiidereen awer jiddereen deen elo an der Wiki schafft seng Meenung seet an dat an de nächsten 2 Deeg., Da wir déi Sach endlech kloer.Et brauch ee jo nëmmen ze schreiwen :

ech si fir Link (Linken)

oder ech si fir Spaweck (Spawecker)

Johnny Chicago 09:38, 27 Jun 2005 (UTC)

Wat mär opfällt[Quelltext änneren]

Lo hunn ech, vu bal jidderengem, hei op dëser Säit seng Meenung konnte liesen (an dat viru Wochen) awer net vum Initiator vun der Neiofstëmmung. --Cornischong 10:38, 27 Jun 2005 (UTC)

Si mir nët gutt mat externem an internem Link gefuer. Mat Spaweck kënnt ech mech eventuel ufrënden. Ech mengen dat wir awer e klore JO fir Link Johnny Chicago 18:04, 27 Jun 2005 (UTC)


Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

--Cornischong 23:23, 27 Jun 2005 (UTC)