Wikipedia:De Staminee/Archiv2011/Abrëll-Juni

Vu Wikipedia

Dëst ass d'Archiv fir d'Méint Abrëll bis Juni 2011 vun den ofgeschlossenen Diskussiounen oder Messagen um Stamminet.

Forum vum Benevolat 2011[Quelltext änneren]

Léif Wikipedianer, 2011 ass dat Europäescht Joer vum Benevolat. Vum 29. Abrëll bis de 7. Mee ass de 4. Forum vum Benevolat hei zu Lëtzebuerg. Eis Aarbecht hei ass jo och benevole. Wier dat net eng phantastesch Geleeënheet fir den lb-Wiki an d'Ëffentlechkeet ze bréngen an och deem engen oder aneren (zukünftege Wikipedianer), eng Méiglechkeet weisen wéi een sech benevole am Beräich Kultur kann engagéieren?

Bis de 15. Oktober misste mer eis do iwwert eng Pré-Inscriptioun mellen. Ech si bereet eng (1) Hand do mat unzepaken. Mer bräichten der sécher awer e puer méi... Wat mengt der dozou? Léif Wiki-Gréiss --Sultan Edijingo 20:39, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moie Sultan, merci fir déi intressant Nouvelle!
All Initiativ, déi d'Wiki méi bekannt maachen, an dofir potentiell nei Mataarbechter ulackele kéint, ass a priori intressant, wa se proportionell zum Opwand ass.
Hei liesen ech, dass et drëms geet, an engem Akafszentrum op d'mannst 4 Deeg laang e Stand ze hunn fir "sech" virzestellen. Wee Stand seet, seet Affichen, Deplianten, een oder méi Computeren, idealerweis e groussen Ecran fir Demonstratiounen... Wann een oder méi sech fannen, dat op d'Been ze setzen, an do 4 x 11 Stonnen laang dem Public Ried an Äntwert ze stoen, wier dat natierlech formidabel. Ech weess just, datt ech leider net deejéinege ka sinn. An da wier nach Fro, wee "mir" ass: D'Communautéit, déi hei schafft, ass keng Associatioun, keen Intresseveräin, kuerz, ech weess net ob dat iwwerhaapt géing sech do unzemellen. Mee ech wëll keen decouragéieren, sech do derhannert ze setzen, dat ze maachen. Ech si gespaant... --Zinneke 10:15, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Di véier Deeg hunn ee Weekend dran - wann der déi d'Pensioun hunn d'Schaffdeeg iwwerhuelen, da kéinten déi déi méi gebonne sinn de Weekend man. Mee op alle Fall gëtt et op deem Internetsite och en Annuaire, do kéinte mer eis op d'mannst derbäischreiwe loossen. --Otets ♣ 11:50, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Léif lb.Wikipedianer, Ech hunn eis elo ugemellt fir de forum du bénévolat an d'fiche de pré-inscription agereecht. Merci allen, déi schon iwwer dësen oder en anere Wee zougesot hunn, mat derbäi ze sinn an um Stand d'Aarbecht op der lb.wikipedia virzestellen. --Sultan Edijingo 06:30, 15. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Léif lb.Wikipedianer,

Neiegkeete vum benevolat.lu: Mëndlech hunn ech matgedeelt kritt, datt mir mat engem Stand um Forum vum Benevolat mat derbäi sinn. Iwwer eis Partizipatioun sinn déi Responsabel ganz frou, well mer déi eenzeg an deem Beräich wieren. Mer sinn och elo am "annuaire des associations" ageschriwwen: Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie op Lëtzebuergesch. Mer fale schon e bëssen aus der enker a virgesinner Rumm, well mer anescht funktionéieren wéi all aner Associatiounen. Doduerch passt och net all Rubrik richteg op eis. Sou ass z. B. d'Landkaart absolut onpassend fir eis, leider awer net z'adaptéieren. Och an der Bourse du Benevolat fënnt een eis mat enger Offre pour - Rédaction. Fir Verbesserungsvirschléi wennt iech w.e.g. un déi entspriechend Kontaktpersoun. Bescht Wiki-Gréiss --Sultan Edijingo 11:40, 16. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Haut, de 5. Dezember, ass den Internationalen Dag vum Benevolat an e Mëttwoch, de 15. Dezember 2010 sinn d'Assises du Bénévolat --Sultan Edijingo 13:58, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Eng Fro déi mer elo kënnt, a fir eis wuel méi wichteg ass wéi fir aner Benevolatsforumsparticipanten: gëtt et gratis WiFi an der Concorde, oder wéi komme mer an de Spaweck fir ze weise wat d'Wiki ass a wéi een do matma kann? --Otets ♣ 18:25, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Jo, Internetzougang, ob Wifi oder iwwer Kabel, ass conditio sine qua non! Ech hunn och e Beamer ugefrot mat deem een vun engem Laptop kann op eng gréisser Projectiounswand d'Schaffen opder lb.Wiki ka projezéieren. Eng Alternativ zu engem Beamer wier och e grousse Schierm. Déi Responsabel hu mer e Plang vun de Stänn zoukomme gelooss. Ech wollt deemnächst den Inhalt vun eisem Stand mat deenen klären, déi och um Stand präsent sinn. --Sultan Edijingo 22:31, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Stand beim Forum vum Benevolat[Quelltext änneren]

De Stand vun der lb.Wikipedia, 30. Abrëll 2011
10 Joer Wikipedia

Léif lb.Wikipedianer, elo gëtt et eescht! Ech hunn elo d'Bestätegung kritt, datt d'lb.Wikipedia mat engem Stand um Forum vum Benevolat an der City Concorde vertrueden ass. Well vill Associatiounen un deem Forum deelhuele wëllen, an awer net genuch Stänn fir all Associatioun do sinn, krute mir d'Zäit vum 29. Abrëll bis 3. Mee 2011 zougesprach. Mir mussen deemno während 4 Deeg (Freides, Samschdes, Méindes an Dënschdes) eng Präsenz op eisem Stand assuréieren. Et wier optimal wa mer kéinten 2 Ekippen mat jee zwee Wikipedianer pro Dag um Stand hunn. Deemno bräichte mer 16 Wikipedianer, déi bereet sinn, en hallwen Dag op eisem Stand ze sinn.

Schreift iech w.e.g. hei an, wann der bereet sidd, um Stand derbäi ze sinn, eventuell och direkt schon wéini (Datum + moies/nomëttes. Weider Detailer kläre mer da méi spéit.--Sultan Edijingo 16:34, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Lescht Informatiounen:

  • Et ass 1 Laptop fest um Stand, un deen dann och de Beamer ugeschloss ass. Vun deem aus kann een dann den intresséierte Leit eis Wikipedia weisen an erklären.
  • De Beamer mat der Leinwand an dee Laptop ginn owes vun der Agence vum Benevolat esou versuergt, datt näischt dru kënnt.
  • Sou wäit et méiglech ass, ka jiddereen och zousätzlech säin eegene Laptop matbréngen fir méi individuell ze schaffen, bzw. engem z'erklären, wéi een op eiser lb.Wikipedia schafft.
  • An engem 1. Flyer ginn d'Grondprinzipien vu Wikipedia kuerz erklärt an op engem 2. stinn d'Grondreegele vun eiser Schreifweis. Vun deene Flyeren sinn jee 500 Kopien um Stand. Wann et net duergoe sollt, suergt de Robby spontan fir zousätzlech Kopien.
  • Ween ass nach bereet fir (och nëmme fir déi eng oder aner Stonn) eng Permanence z'iwwerhuelen, bzw. deem, deen sech elo schon ageschriwwen huet ënnert d'Äerm ze gräifen?
  • Ech wënschen der lb.Wikipedia vill Erfolleg a freeë mech all déi perséinlech kennen ze léieren, deenen ech bis elo just iwwert dëse Medium begéint sinn. --Sultan Edijingo 12:03, 27. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech gréissen all lb.Wikipedianer vun eisem Stand an der City Concorde. --Sultan Edijingo 13:44, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech iwwerhuelen eng Permanence um Stand vun der lb.Wikipedia beim Forum vum Benevolat a bréngen och mäin eegene Laptop mat:

Donneschdes 28. Abrëll: Vernissage[Quelltext änneren]

  1. --Sultan Edijingo 16:34, 11. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. --Robby 18:00, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. --Les Meloures 20:04, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  4. ...

Freides 29. Abrëll[Quelltext änneren]

  1. 9:00 - 13:00 --Robby 18:00, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. 9:00 - 15:00 --Cayambe 08:19, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. 13:00 - 21:00 -- Les Meloures 15:28, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
  4. 13:00 - 21:00 -- SITCK 19:07, 11. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Samschdes 30. Abrëll[Quelltext änneren]

  1. 9:00 - 14:30 --Christian Ries 14:12, 8. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. 9:00 - 14:30 --Sultan Edijingo 08:46, 20. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. 14:30 - 20:00 --Robby 18:00, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Méindes 2. Mee[Quelltext änneren]

  1. 9:00 - 13:30 --Sultan Edijingo 16:34, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. 9:00 - 13:30 --Cayambe 08:20, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. 14:30 - 20:00 --Robby 18:32, 29. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  4. 13:30 - 20:00 ...

Dënschdes 3. Mee[Quelltext änneren]

  1. 9:00 - 13:00 -- Robby 18:00, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. 9:00 - 14:30 -- Cayambe 08:21, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. 13:00 - 20:00 -- Les Meloures 15:28, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
  4. 13.00 - 20:00 -- SITCK 17:51, 29. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
  5. 14:30 - 20:00 --Cayambe 08:21, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
  6. no 20:00 Ofriichten vun eisem Stand: --Sultan Edijingo 16:34, 11. Abr. 2011 (UTC) --Cayambe 08:21, 28. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Eis Visittekaart um Forum[Quelltext änneren]

D'Agence vum Benevolat stellt all Associatioun op déi selwecht Manéier vir. Dofir hätt si gären fir spéitstens den 12. Mäerz kuerz Informatiounen no engem bestëmmte Muster. Ech hunn emol probéiert, dës Informatiounen zesummen ze droen, géif se awer gären der Communautéit weisen, ier ech se eraschécken. Verbessert w.e.g. virum 10. Mäerz wat iech néideg schéngt. Merci --Sultan Edijingo 17:00, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

  • Nom de l’association: Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie op Lëtzebuergesch
  • Site Internet: http://lb.wikipedia.org
  • Contact: Jean-Louis Gindt - 17, rue de Luxembourg L-3360 Leudelange, Email. jean-louis.gindt@education.lu, Tél.: +352691370072.
  • Bref descriptif de l'activité: D'Wikipedia op Lëtzebuergesch ass e Projet vun enger fräier Enzyklopedie, un där jidderee matschaffe kann. D'Lëtzebuergesch Wikipedia ass eng vu ville Wikipediaen a ville verschiddene Sproochen. Gedroe gi se vun enger Stëftung, der Wikimedia Foundation. Thematesch Schwéierpunkte sinn naturgeméiss d'Gesellschaft, d'Geschicht, d'Politik, d'Geographie, d'Kultur, asw. vu Lëtzebuerg, mä och soss alles, wat enzyklopedesch relevant ass, fënnt seng Plaz dran - et muss just op Lëtzebuergesch geschriwwe sinn.
  • Activités qui requièrent l'aide de bénévoles: D'Wikipedia ass eng Enzyklopedie. Als Enzyklopedie gëtt de Versuch bezeechent, d'komplett Wëssen zu engem bestëmmten Thema oder allgemeng d'Wësse vun der Mënschheet vollstänneg duerzestellen. Wikipedia wëll alle Mënschen de fräien Zougank zu Wësse bidden. Dofir ginn nach ëmmer Benevoler gesicht, déi mat an der Communautéit un Artikele matschaffen: sief dat, en Tippfeeler verbesseren, eng Informatioun z'aktualiséieren, e Kapitel bäisetzen, en neien Artikel schreiwen, mat enger Foto en Artikel illustréieren, asw. All d'Mataarbechter si Benevoler; et gëtt kee "Chef" a kee "Chefredakter" an och kee "siège social".
  • Profil des bénévoles recherchés: D'Wikipedia huet keng fest a bezuelte Redaktioun, mä ass d'Wierk vu fräiwëllegen Auteuren. Fir op der Wikipedia matzeschaffen, braucht Dir keng Hëllefsmëttel, an d'technesch Ufuerderunge si minimal. Wie méi iwwer d'Wikipedia an hir Funktiounsweis wësse wëll, kritt dat op der Wëllkomm-Säit erkläert: http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Wëllkomm.

(Lescht Ännerung um Text: -- Les Meloures 19:51, 8. Mäe. 2011 (UTC) ) Merci fir d'Verbesserungen. Ech hunn elo eis Visitëkaart esou un d'agence du bénévolat geschéckt. --Sultan Edijingo 08:31, 10. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Concert de reconnaissance aux bénévoles au Luxembourg[Quelltext änneren]

Am Kader vun der Journée de l'Europe invitéiert d'Portal vum Benevolat Méindes, de 9. Mee op e Concert an de Stater Conservatoire fir de Benevoler aus den Associatiounen Merci ze soen.

Wann s du, léiwe benevolen lb.Wikipedianer gären mat an dee Concert de reconnaissance aux bénévoles au Luxembourg gees, da schéck w.e.g. virum 1. Mee dem jean-louis.gindt@education.lu einfach e Mail. --Sultan Edijingo 10:11, 13. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Fazit[Quelltext änneren]

Mengersäits e Merci un de Sultan Edijingo fir déi perfekt Organisatioun an dee schéine Stand um Forum. Et war eng flott Geleeënheet, sech kennen ze léieren an e puer Interesséierten d'Wiki virzestellen. --Christian Ries 07:09, 3. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

E grousse Merci och vu menger Säit un all déi, déi un der Aktioun bedeelegt waren. Fir ofzeschléisse wier et gutt, wa jidderee vun de Leit, déi um Stand warenm kuerz seng Conclusioune giff hei opschreiwen, déi kënnen hëllefen, wann an Zukunft änlech Saachen usténgen, ze evaluéieren, wat anescht oder d'selwescht miss gemaach ginn, wat derwäert ass ze maachen a wat net, asw. --Zinneke 21:02, 3. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Merci fir de Merci seet de Sultan Edijingo. Ech mengen, et war wichteg, datt mer mat engem Stand op dem Forum vum Benevolat present waren an domat och an entspriechender Brochure derbäi sinn. Et gëtt nach ëmmer vill Leit, déi nach ni eppes vun der lb.Wikipedia héieren hunn an och sech net bewosst sinn, datt all Wikipedia vu Benevoler gemaach gëtt. Op e Shopping Center déi beschte Plaz fir esou e Forum ass, sief dohi gestallt. D'Concorde ass e schéint Gebai an d'Platz war och OK, ech war just erstaunt, datt net méi Leit an der Concorde passéieren, an anere Shopping Centren ass dach méi lass. D'Affiche mat eiser Visittekaart an och eise Logo, déi an enger wonnerbarer Qualitéit gedréckt goufen, hunn ech mat heem geholl. Wann een dëst fir eng weider Ausstellung eng Kéier brauch, da soll en sech bei mir mellen. --Sultan Edijingo 20:04, 8. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Zugriffe auf die Startseite[Quelltext änneren]

Am 9. März 2011 gab es bei vielen kleineren Wikipedien doppelt so hohe Zugriffszahlen auf die Startseite wie üblich:

In den den großen Wikipedien ist dieses Phänomen nicht aufgetreten:

--Holder 14:56, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Hallo Holder, danke für die doch sehr frugale Info. Schreibst Du uns das, mit der unterschwelligen Frage, ob wir einen Grund für dieses plötzliche, kollektive Interesse sehen, sei es inhaltlicher oder (eher wohl) technischer Natur? Oder ist es, weil erwartet wird, dass daraufihin irgendwelche (technische? strukturelle?) Ma3nahmen ergriffen werden sollten? Oder einfach nur, um Zeitgenossen mit einem Faible für Zahlenakrobatik zu erheitern? Mit etwas ratlosen Grü3en, --Zinneke 15:24, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Hallo Zinneke, nun, eigentlich habe ich keine tieferen philosophischen Gründe für diese Information:-) Ich fand es einfach eine interessante Beobachtung vor dem Hintergrund, wer überhaupt diese kleineren Wikipedien liest, wo es doch eine Englische, Deutsche, Französische Wikipedia gibt ... --Holder 16:11, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Lizenzdiskussioun op Commons iwwert d'Biller vun den Euromënzen[Quelltext änneren]

Ech denken emol datt d'Diskussioun op dem 'Commons:Administrators' noticeboard' iwwer Euro coins blanket copyright violation och hei vun Interessen ass. --Robby 09:52, 25. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Foundation Images Policy[Quelltext änneren]

eriwwerkopéiert vun der Diskussioun:Haaptsäit

Hi everyone,
I am Yosri from Malay Wikipedia. Recently I was informed by certain parties that MS Wiki need to delete any images tagged as Non-Commercial under Foundation Licensing policy. After I have done some studies, I realised that Wikipedia Foundations is moving towards allowing commercialises all images, as such they are acting on behalf of commercial company to require all images loaded with tagging Non-Commercial in all Wiki Project to be removed, including those loaded in local Wiki. You are only allowed to licenses your images under "free content", which specifically allows commercial reuse, example GDLF 1.2. Certain images is exempted under a very narrow EDP ("exemption doctrine policy") definition. If you all already aware about this, please ignore this comment. Otherwise, for more details please visit http://commons.wikimedia.org/wiki/Commons:Village_pump#Wikimedia_projects_still_using_non-commercial-only_images.3F Yosri 17:41, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Voilà, do hu mer et. Dat do huet misse kommen. Comments anyone (virun allem vun deenen, déi NC net wollten ausschléissen "well jo kaum een e Buch vun der lb:Wiki wëll maachen", oder änlechen Argumenter)?. Virschléi wëllkomm. --Zinneke 17:55, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Als éischt géif ech virschloen, datt vun elo un d'Eroplued-Säit automatesch op Commons hileet; domatter kënner mer op d'mannst eng kloer Linn zéien, wat vun elo un leeft. --Zinneke 17:55, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Yes all files should be "free" with exception of Wikimedia logos and "EDP"/"fair use". But it takes time to "clean up".
I think that finding and fixing files without a license was a good start. Many has been fixed but there is still some left in Kategorie:Wikipedia:Biller ouni Lizenz. I think that they should be deleted if no license can be found within some time (some are on Commons with a valid license and should just be deleted locally).
Files in some categories like Kategorie:Bild-fräi fir all Wikipedia and Kategorie:NC-Bild should be relicensed and if that is not possible there is probably no alternative than to delete the files after some time.
Other files are "EDP"/"fair use" (Kategorie:Fair-use-Bild and Kategorie:Logo-Bild). It is important to have a "good" EDP-policy and make sure that it is followed. For example does en-wiki require that files are deleted if they are replacable and if they are no longer used. I suggest that lb-wiki makes sure they have a clear EDP-policy and that there is link to it on Schabloun:Bild-FU and Kategorie:Fair-use-Bild. --MGA73 19:35, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien,
Thanks, MGA73, for you constructive help. Dierft ech jidderee bieden, sech déi bis ewell vum MGA73 repertoriéiert Biller a funktionale Kategorie wéi déi, déi hien hei driwwer nennt, unzekucken an déi, déi vun Iech sinn, a) entweder ëmlizenziéieren op CC-by-sa oder b) d'Schabloun:Läschen dobäisetzen (falls Der net mat enger fräier Ëmlizenzéierung averstane wiert - wat schued wier, mee Där sidd Här a Meeschter iwwer Är Lizenz, déi Der wëllt ginn). Domatter gift der deenen, déi sech bis elo ëm d'Opraume gekëmmert hunn, d'Liewe vereinfachen. Merci am Viraus. --Zinneke 13:31, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
  • Vun op Commons ëmleeden halen ech näischt, notamment wéinst FU.
  • Wat heescht "Wikipedia Foundations are acting on behalf of commercial company", fir weem konkret ze erlabe Goss ze ma solle mer retaggen?
  • Éierlech gesot hunn ech d'Hannergrënn vum Yosri sengem Aktivismus net verstanen, an et ass mer och net ersichtlech op wéi eng Reegel vu wéi engem Gremium e sech bezitt, a wat d'Ausname sinn huet en och net verlinkt. Ass et just heen deen aus alle Wolleke gefall ass, ween ass heen, ass dat elo fir all Wiki, gëtt et Ausnamen? Wat ech mat dëse Froe mengen dass, datt eng Läsch-Ëll duerch dat doten net ausgeléist sollt ginn, op d'mannst net bis datt kloer ass op wat dee Schreiwer do genee sech bezitt.
  • Ech liesen: "In Iceland an image of a building can not be reproduced for commercial reasons ... Now it seems we will have to delete 99% of the images of buildings in the Icelandic wikipedia ...--Stalfur - Your local project might consider some sort of fair use exemption for buildings. And even then, strictly speaking, the Wikimedia servers are housed in the US, so really you only have to pay attention to US law with respect to appropriate licensing. And US law does not recognize copyrights on pictures of bulidings ---Magog the Ogre". Soll ech doraus schlissen datt mer all NC-Biller vu Leit déi mer net erreesche kënnen op FU ëmtagge sollen? Soll ech och elo unhuelen, et ass definitiv sécher datt op der lb-wiki just US Gesetzer sech applizéiren, an net (och) eist d'Droits d'auteurs Gesetz? An eng lescht Fro: diskutéire se op Commons nach, oder wësse se schonn?
  • Wat ass mat Biller déi guer net an Artikel agebonne sinn a just woarden, déi gehéire wuel net an ënnert déi nei Reegel?
  • Wat bäi mär nach nc ass, do iwwerleeën ech mer nach eng, awer net haut.
  • Wann eis aktuell EDP net gutt sollt sinn, da schreif mer e Message da kucken ech dat no.

--Otets ♣ 13:00, 8. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

@ Otets,

  • Wat bäi mär nach nc ass, do iwwerleeën ech mer nach eng, awer net haut.
Ech verstinn net virwat datts de nach muss iwwerleeën?
Virun zwee Joer hues de gesot et sollte keng NC Biller op der Wiki stoen. Wees de dat net méi? --Les Meloures 13:11, 8. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Virun zwee Joer hunn ech mech géint ND-Lizenzen ausgeschwat, awer net géint NC-Lizenzen. An dat ass och haut nach ëmmer meng Meenung.
Datt och NC-Biller geklaut kënne ginn, deers sinn ech mer natierlech bewosst, mee et widerstrieft mer z'acceptéiren datt dat dann en plus nach alles legal soll sinn. Einfach dat Gefill deen Domme bei der Saach ze si wann ee parasitär de Goss ma wëll. Net well meng Biller esou super sinn, bestëmmt net, mee vum Prinzip hier, einfach e mega schlecht Gefill bei deer Saach. E geet just ëm déi theoreetesch Méiglechkeet, wann ee Wiki-Biller hëlt ouni Droits d'auteur ze respektéiren, da mécht kee Mënsch en exemplaresche Prozess, well esouguer da wann deen anere vill Goss mat denge Biller mécht, et sech net emol theoreetesch!! rentéiert, wann den Enjeu just d'Nummnennung ass an net deem säi grousse Gewënn. Wee keen esou e Gefill huet, tant mieux, mee net ech eleng hunn et nun emol.
Text kann een do net mat Biller vergläichen. Wann Text gratis um Spaweck ass, dat bezillt keen dofir. Bei Biller ass dat anescht, denke mer just un e Bildband, Postkoarten, etc.
Wann d'lb-wiki wéinstens nach eppes dovun hätt, mee en Avantage als Conterpartie gëtt et emol guer a glat net. Firwat also Fräiheeten déi kengem wéi dongen aschränken? An do si mer dann nees bei mengem Buch- a Reklammsargument, wat den Zinneke uewen ugeschnidden huet.
En plus, wann een déi Englesch Diskussioun verfollegt, dat gesäit do esou aus wéi wann déi weder all wësse wat dann elo soll gëllen, nach si se all unisono dermat averstanen. A praktesch Ausnamen erfanne se och um lafende Band. Vu grousser an urgenter Obligatioun alles ze änneren an ze läsche keng Spuer.
A firwat all NC-Contenu läsche wou mer net méi un den Auteur kommen? Eis Wiki ass net esou grouss, datt mer dat alles ruckizucki ersat hunn. An esouguer wann, et sollt fir esou eng kleng Wiki en Avantage par rapport zu deene grousse kënne sinn, datt mer wéinstens eng vun deenen am beschten illustréiertste sinn. Dat ass elo eng Cornischong-Iddi, mee doran hat e Recht.
An dat Iwwerleeë geet an déi Richtung, fir eventuell verschidde Biller just a méi klenger Resolutioun fräi ze man, sou datt kee se erausdrécke kann. wat natierlech och net super fir d'Wiki ass, dofir ass et keng flott Iddi.
--Otets ♣ 09:02, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Schlecht Gefiller hunn, an op alles fir Kaz ass, hu menger Meenung no näischt mat der Diskussioun ze dinn. Alles wat am Sënn vun der Wikipedia gemaach gëtt ass souwisou fräiwëlleg an demno fir d'Kaz, wéinstens wat dem Auteur seng Aarbecht ugeet. Fir d'Lieser déi eppes gewuer ginn ass et allergéngs net fir d'Kaz.
Wann hei Biller ënner NC-SA oder NC-ND stinn ass dat sou wéi ech dat nogekuckt hunn zu 99,5% dem Auteur vum Bild säi Wonsch, a weder engem Architekt oder Sculpteur säin. Me wësse jo guer net ob déi eventuell dermatter d'accord sinn oder net datt dat Bild op der wiki steet (ausser beim Wercollier). Vläicht ass och een oder den anere frou wa vu sengem Wiek geschwat gëtt. Dat alles sinn Hypothesen déi näischt mam Kënschtler sengem Copyright ze dinn hunn. Vun deem Ament un wou een d'Bild heihinnersetzt egal mat waterenger Lizenz ass een trotzdeem um Kënschtler säi Copyright gebonnen. Ech perséinlech verstinn net firwat z.B. e Bild vun enger Lee am Éisleck oder enger Dréchemauer soll eng net kommerziell Lizenz hunn. Sinn dat wierklech esou wäertvoll Biller. Ech denken net. Jiddwereen dee wëllt kann där Biller 20 oder méi am Dag maachen. Ech froe mech wou do de grousse kommerzielle Wäert soll bleiwen, an et ass schliisslech dorëms wou et geet. Et geet guer net drëms op en NC Bild nach nodréigleg däerf verännert ginn (NC-SA) oder net (NC-ND). Et dréint sech ëm d'NC-Biller am grousse ganzen. --Les Meloures 10:51, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Fir de Rescht verweisen ech einfach op d'Diskussiounen déi an deem Kader schonns eng Kéier gefouert goufen, nozeliesen am Staminnee 2008. Ech verstinn net firwat déi al Zoppen ëmmer nees musse frësch opgewiermt ginn, wou souwisou net vill am Dëppen ass. --Les Meloures 10:58, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Wéi soll och méi an d'Dëppe kommen, wann den ale Rescht nach net richteg ausgeläffelt gouf. Emol dovun ofgesinn hues de mam geringe kommerzielle Wäert jo net Onrecht, just mécht keen 20 Biller am Dag well soss wiere se do. An zweetens kann een d'Fro och ëmdréinen a sech froen, wat de Méiwäert fir d'lb-Wiki ass wann e Bild eng kommerziell Lizenz huet? Wann ee mer dat erkläre kéint, da géif et jo eventuell Sënn maache fir fir en Avantage eppes anescht opzeginn. An allgemeng ënnerstëtzen ech den Usproch, als lb-wiki besser a méi Illustratiounen ze hu wéi aner Wikien, fir esou wéinstens positiv par rapport zu enger de-wiki opzefalen, déi egal wéi ëmmer besser a méi laang Texter wäert hu wéi mär, sou datt mär éischter seele gelies ginn. Wa schonn eng kommerziell Reegel, da wéinstens mat e puer Ausnamen, esou wéi d'Islänner se fir sech erausdiskutéiren. Well sou wéi ech den Androck hunn, ass op Wikimedia villes net esou an Zement gegoss, et muss ee just de Wëllen hu fir ze diskutéiren a scho steet ee mat enger moossgeschneiderter Ausnam do. Wa mer natierlech schonn am Virfeld all NC-Bild geläscht hunn, dann ass keng Verhandlunsggrondlag méi do. Mee och keng Biller méi. Well all déi Persounebiller déi momentan ënner NC stinn, déi ersetze sech net esou einfach, well soss misst ee bei all déi Leit heemfuere fir frësch Biller ze man. --Otets ♣ 07:57, 11. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Freedom of panorama[Quelltext änneren]

Just a note to point to another copyright "problem". Per Commons:COM:FOP#Luxembourg there is no freedom of panorama in Luxembourg. Therefore files with photos of art (paintings, statues and perhaps even buildings) are a not allowed in all cases. They are a derivative work and they could only be uploaded under a free license if author of "the work" died more than 70 years ago, if (s)he gave permission or if it is de minimis.

So such files cannot be uploaded to Commons and they can only be uploaded to lb-wiki if the file qualifies for "Fair use". So files in Kategorie:CC-by-sa/3.0/lu and similar categories should be checked. --MGA73 18:52, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Op dee Problem hat ech scho mol hei higewisen: Meng Foto op commons vum Claus Cito senger "mère éplorée" um Leidelenger Kierfecht gouf aus dësem Grond de 17. Mee 2009 geläscht, cf. http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Claus_Cito&oldid=688277 Als Alternative bleift eis just d'Fair Use Lizenz:
Copyright Dëst Bild ass duerch Auteursrechter geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënner Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Auteursrechter sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni Weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

--Sultan Edijingo 21:18, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Komescherweis hunn se awer aner Biller mat Wierker vum Claus Cito do stoe gelooss. Ech hunn dozou mol eng Fro. Wou steet dat explizit datt et zu Lëtzebuerg keng Panoramafräiheet gëtt? A wou ass an engem lëtzebuergesche Gesetz definéiert wou se ufänkt a wou se ophält? --Les Meloures 22:27, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien,
No hiren Linken hei an dann do beruffe se sech op den Article 10.7:
Art. 10. Lorsque l'œuvre, autre qu'une base de données, a été licitement rendue accessible au public, l'auteur ne peut interdire:
7) la reproduction et la communication d'œuvres situées dans un lieu accessible au public, lorsque ces œuvres ne constituent pas le sujet principal de la reproduction ou de la communication.
A lo misst een dat nach interpretéieren (kennen)...
A menger Eefällegkeet géing ech den Artikel 10.7 jo esou interpretéieren, dass ech an engem Lemma Picasso roueg Guernica als Beispill vu sengem Wierke kinnt drasetzen. Wann ech awer elo ee Lemma iwwer säi Wierk Guernica géing schreiwe misst ech mech hidden d'Bild doran ze weisen?? --Jwh 23:24, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Dat eent läsche se, dat anert net, so huet de Christian Ries och ni eng Äntwert op seng Fro kritt... --Jwh 23:12, 16. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien:
Verstinn ech da kee Franséisch méi, oder verstinn déi op Commons keent?

Wann do steet l'auteur ne peut inderdire heescht dat fir mech datt een et gebrauche kann, soulaang wéi déi Skulptur oder dat Bild nëmmen een Deel vun der Foto ass an net de sujet principal. Dobäi ass net définéiert bei wéivill Prozent vun der Foto et ufänkt ee Sujet principal ze ginn. Beispiller dervunner stinn op op dëser Commonssäit. Souwäit fir d'Reproductioun wann déi eng Foto ass.

Am Fall wou et ëm d'communication geet, dann däerfte mer keng Skulptur, kee Bild, keng Bréck, keen Auto a kee Monument, am Detail beschreiwen, ausser innerhalb vun engem aneren Artikel dee vill méi grouss ass wéi d'Beschreiwung vun deem Objet. Och do ass kee Verhältnes uginn. Dat ganzt leeft op ee Gummisparagraph aus dee verschidden Interpretatioune vu Fall zu Fall zouléisst.
An der Zäit vun der Digitalfotografie gëtt et dann nach méi flott. Wann ech eng Foto vun enger Skulptur mat 750.000 Pixel hunn, däerf déi net publizéiert ginn, well se aleng drop ass. Maachen ech awer eng Foto mat 15 Millioune Pixel vun enger Plaz mat där Skulptur drop, a bei där déi selwecht Skulptur an engem Eck steet an 20% ausmécht dann däerft ech se publizéieren, obschonns den Detail dervunner eng véiermol méi héich Opléisung huet wéi mäin éischt Bild. Dat soll der Däiwel nach korrekt op gesetzlecher Basis novollzéie kënnen.
--Les Meloures 08:54, 17. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Absolut d'accord mam Les Meloures - déi hunn näischt verstaan, also wier dat einfachst hei den NotOk, heimlich, still und leise, duerch een Ok ze ersetzen. An dann awer vive Duck 'n Cover --Jwh 09:25, 17. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Wéi d'Rechtslag ass hu mer jo scho laang am zweeten Deel vun eiser Schabloun:Bild-Konscht-Architektur geschriwwen. De Problem ass just, op der Wiki ass eng Foto vun enger Skulptur ëmmer den Haaptsujet, ausser et wier e Landschaftsbild a just duerch Zoufall wier do och iergendwou nach eng Skulptur ebenfalls mat dropkomm. --Otets ♣ 10:09, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Dat ass jo eng vun de Froen. Bei wéivil % vum Bild ass et den Haaptsujet? --Les Meloures 17:42, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Wann een dat a Prozenter ausdrécke kéint, da wiere mer fäin eraus, mee esou einfach ass et leider net. Wann an engem Artikel iwwert de Péitrussboulevard eng Foto ass op deer ganz kleng eng Skulptur ass, dann ass d'Äntwert kloer. Grad wéi och wann een op der Foto d'Skulptur schéi an der Mëtt iwwert dee gréissten Deel vum Bild positionéiert huet. Méi quokeleg Saache sinn dann eng Beschäftegungstherapie fir Affekoten a Geriter. Mee meeschtens misst een ouni déi auskommen wann ee sech just selwer d'Fro beäntwert, ëm wat et op enger Foto haaptsächlech geet. Wann d'Skulptur och net drop kéint sinn an d'Foto erfëllt awer nach hiren Zweck, also am klassesche Panoramafall, dann ass d'Skulptur sécher net den Haaptsujet. --Otets ♣ 09:54, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


When to delete non-free files[Quelltext änneren]

Please notice the discussion here Wikipedia Diskussioun:EDP. --MGA73 18:25, 1. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Propos: Biller direkt op Commons eroplueden[Quelltext änneren]

Zënter kuerzem wësse mer datt no an no all Biller mat 'fräier' Lizenz vun hei op Commons geluede ginn. Well se eng 'fräi' Lizenz hunn, kënne mer och keen drunn hënnere säi Bot dat maachen ze loossen.
Beim Eropluede kënnt dann dacks 'automatesch' op Commons en 'ellent' gielt Schëld derbäi, dat seet datt d'Bild soll/muss 'gereviewt' ginn. Dat well de Bot net mat allem eens gëtt, sou z.B. heiannsdo net mat de Kategorien (e muss jo vun enger lb-Kat. op eng Commons-Cat. schléissen, wat net ëmmer evident ass). Am leschte Fall kënnt d'Bild an d'Commons Kat. Media needing categories oder eng änlech Kat.
Elo just hunn ech e puer vu mengen eegene Biller op Commons gereviewt, déi vu bei eis hei eropgeluede goufen. Dat ass eng richteg nerveg a virun allem onnëts Aarbecht.

Kuerz gesot: ech schloe vir, all Biller mat 'fräier' Lizenz (CC, GFDL, Domaine public...) nëmme méi direkt op Commons eropzelueden. Bei eis hei bleiwen dann nëmme méi d'Fair Use-Biller (ech sinn absolut derfir déi Méiglechkeet bäizebehalen) an d'NC-Biller (falls déi nach toleréiert bleiwen).

Nodeems ech ronn 450 Biller op Commons gelueden hunn, weess ech ongeféier wéi déi Kommunautéit funktionnéiert an si bereet do ze hëllefen, wann dat néideg ass. (Bis elo gouf ech do total a Rou gelooss).

Duerfir, a wéi schonn eemol gesot: wien sech net mat de Kategorien op Commons wëllt ofginn, dee soll seng Biller w.e.g. einfach ënner Category:Luxembourg stellen. Ech kucke (bal) all Dag do laanscht a kategoriséieren se da weider. Falls d'Bild aus enger Uertschatf ass, kann een se jo och direkt an déi betreffend Uertschaftskat. setzen: Kuckt ënner Commons:Category:Cities and villages in Luxembourg.

Beschte Gréiss, --Cayambe 15:20, 16. Mäe. 2011 (UTC) op Commons[äntweren]

Ech weess net, op et technesch méiglech ass, just verschidde Lizenzauswielen op Commons ëmzeleeden. Do weess de Robby vläit besser Bescheed. Eng generell Ëmleedung déi FU etc fir d'lb-wiki onméiglech mécht wier op alle Fall net an der Rei. Eppes aneschters: déi hunn op Commons (nach) iwwerhaapt kee Lizenz-Tag wéi z.B. cc-by-sa-lu (Edit: Dach, se hu se, si steet just net an hirer Lëscht). --Otets ♣ 10:15, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,
@cayambe: Ech si grondsätzlech averstan, wann et geet, (d.h. an den allermeeschte Fäll) d'Bild direkt op Commons ze lueden. Nieft Fair-use (wou mer an enger 2. Phas och eng Kéier all zesummen nokucke sollten, fir dat "konform" ze maachen (virun allem justifiéerenm datt et keng fräi versioun gëtt, asw.)) wieren nach d'Logoen eng 'Lizenz-Kategorie' fir hei ze halen. An da giff ech och, au vu d'Diskussioun uewendriwwer, verschidden allze opfälleg nei Gebaier zur Sécherheet och hei ofgespäichert loossen. Villmools merci fir deng Offer, wann néideg beim Tässelen ze hëllefen.
@ Otets: Mer kinnten et jo maachen wéi op der fr: Wiki: Automatesch viruleedung op Commons, mat ënnen, méi kleng, e Link fir d'Ausnamen: fr:Aide:Importer_un_fichier
--Zinneke 10:27, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
On English Wikipedia they have an extra page before the actual upload page that tells users that it would be really, really nice if they would upload free files to Commons instead. Users can follow the link or choose not to do so. On Danish Wikipedia there is a notice in the top telling about Commons but it is still possible to upload locally.
The same could be done here. That way users are asked to use Commons but can choose local upload if they prefer to do that. It is possible to create relevant help pages on Commons so that it is easy for users to upload on Commons. --MGA73 17:26, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
No Ouschtere hunn ech wuel méi Zäit a kann da bei FU-Critèrë mathëllefen. Dat mat deem Link wier eng technesch Léisung. Mee Commons misst dann och eng Hëllefssäit op Lëtzebuergesch kréien, oder kënne mer dat lokal man? --Otets ♣ 10:45, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien,
Souwät wéi ech verstanen hunn well Commons guer näischt mat FU-Lizenzen ze doen hunn.
Ee redirect op eng aner Lizenz ass änlech wéi eng Lizenzännerung, dat gouf och schonns virun 2 Joer eng Kéier hei diskutéiert.
Solle mer net vläicht beim Haaptsujet bleiwen d'NC-Biller. Do stinn der eng grouss Parti déi guer net missten do stoen, et ass just dem Wikismataarbechter seng Decisioun gewiescht an hunn näischt mat anere Rechter ze dinn. Et wier Vlächt emol einfach ubruecht déi opzelëschten an ze probéieren an enger éischter Phas déi ze ersetzen. --Les Meloures 15:01, 19. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
@ Otets Yes it would be a good idea with a "local" upload page on Commons. The Danish one can be seen here (just an example) Commons:Commons:Upload/da. The one for lb should be uploaded here: Commons:Commons:Upload/lb --MGA73 18:17, 13. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Development of a Fair use policy / Exemption Doctrine Policy (EDP)[Quelltext änneren]

As discussed abowe all files on Wikipedia should be free with the exception of Wikimedia logos and also fair use files per the Licensing policy if decided to allow that locally. As I understand it there is support to (still) allow fair use files here on lb-wiki.

The Resolution says "each project community may develop and adopt an EDP" and as far as I can tell there is no formal EDP for lb-wiki yet. So I hereby suggest that sush a EDP is developed. There is a page with all known EDP's here m:Non-free_content#Wikipedia. That should make it possible to find some good examples that can be used for lb-wiki. For example the en-wiki EDP. --MGA73 16:38, 28. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Déi Policy vun der en-wiki schéngt ganz gutt ze sinn. Just d'Punkte 7 an 9 fannen ech net gutt, well da kann een op Diskussiounssäiten oder Billersäite keng Zousazinformatioune méi ginn, do wier et besser ze soen, datt FU-Biller op d'mannst op enger Säit représentéiert oder verlinkt musse sinn, an datt net gebrauchte FU-Biller bannent X Deeg geläscht kënne ginn. Bei 10.b. musse mer e Formulaire ausschaffen, deen och vun net-Spezialisten ouni Problemer richteg ausgefëllt ka ginn. Mee no der Ouschtervakanz, virdrun hunn ech keng Zäit. 10.c. schéngt mer onnëtzen administrativen Opwand ze sinn, well et kënnt jo normalerweis souwisou automatesch bei d'Bild stoen oder kann ofgefrot ginn wou d'Bild gebraucht gëtt. Ech hunn déi EDP emol iwwersat als "Richtlinne fir d'Applikatioun vun der Ausnamsdoktrin" (Wikipedia:EDP). Esou wéi se elo do stinn erlabe se nd an nc deeselwechte Moratoire wéi dem FU. Also hunn ech emol op "Similar to enwiki" gedréckt. --Otets ♣ 20:43, 29. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

ms-wiki did also not have a policy but they have just created one ms:Wikipedia:Kriteria kandungan tidak bebas a few days ago. They translated the one from en-wiki and made a few changes. I think the easiest would be to do the same on lb-wiki. Once there is a local policy (or a draft) it is easier to do the relevant changes. Once it is created and approved a small english summary would be nice:-) --MGA73 18:18, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Just a link to Wikipedia:EDP. --MGA73 13:19, 10. Mee 2011 (UTC)[äntweren]


Bild-Annotatiounen op Commons[Quelltext änneren]

Nowent, wie Spaass drun huet, dee kann op dësem Bild gesi wéi een op Commons mat Hëllef vun enger Bild-Annotatioun e Bild an d'Bild setze kann. Ze gesi wann ee mat der Maus iwwer d'Bild fiert, do wou d'Plack um Haus ass. (Mee vläicht ass dat Iech scho bekannt). Leider net op de Wikie méiglech. --Cayambe 20:40, 27. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Flott, a schued dass et nëmmen op Commons funktionéiert! --Jwh 20:54, 27. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Multilingual Challenge[Quelltext änneren]

Please help: replace this red text with a translation of the English message below. Thank you!
Announcing the Derby Multilingual Challenge

This is the first multilingual Wikipedia collaboration. All Wikipedians can take part, in any Wikipedia language. The challenge runs from 1 May until 3 September 2011.
Sign up now!
" Wikipedia is particularly pleased to see that Derby Museums are encouraging the creation of articles in languages other than English." (Jimmy Wales, 14 January 2011)

Andrew Dalby 12:56, 2. Mee 2011 (UTC)[äntweren]


Ausgewielt Versioune vergläichen[Quelltext änneren]

Moien, zënter e puer Deeg gesinn ech d'Verännerungen net méi fuerweg ënnerluecht an och net déi verbessert Wierder rout. Dat ass op all PC, egal op ech ageloggt sinn oder net. Awer just op dëser Wiki, bei deenen aneren ass alles wéi virdrun. Wat kann ech maachen? Un den Astellungen hunn ech sécher näischt geännert... Merci fir een Tuyau

Ah jo et ass nach méi tragesch:

  • wann ech well änneren, erschéngen och uewen net déi Fonctioune fir z.B. "bold" etc ze maachen an och net meng Ënnerschreft
  • d'Symboler ënnen op der Säit gesinn ech wuel, mee beim Uklicke geschitt guer näischt

Also lo mol Tilt... Jwh 08:27, 6. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Wann ech de Browswer Firefox 4 benotze fonktionnéiert alles bei mir normal.
Wann ech awer de Browser IE8 benotzen hunn ech déi selwecht Problemer wéis du. Firwat, weess ech net. --Pecalux 09:22, 6. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

(Ee vun) de Server(en) schéngt zënter e puer Deeg en Hick ze hunn. Do kann een net vill méi maache wéi hoffen, datt et geschwënn nees besser geet. --Zinneke 10:01, 6. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

An op dee Server musse se lo grad lb wiki leeën, dat ass net fair! Hoffentlech packen déi sech gläich...
Jo ech hat vergiess ze soen MSie8, Windows 7. Firefox hunn ech net, mee d'Maschinnen si derbäi den MSie9 erofzelueden.
Ma da nach ee sonnegen! -- Jwh

Workshop iwwer Semantic Mediawiki, Templates & Co[Quelltext änneren]

Ech halen den 02. Juli am Hackerspace zu Stroossen e Workshop dee sech mat Semantic Mediawiki befaasst, awer och mat Templates, Forms, etc:
In-depth Semantic-Mediawiki UserGuide Also fir wat dat iwwerhaapt gudd ass, wéi ee Properties, Templates, Forms, etc kann erstellen a benotzen, wéi een d'Daten dono kann offroen, a.s.w. Ech wier natierlech houfreg wa vun iech Leit intresséiert wiere mat ze maache, mä nach méi flott ging ech et fanne, wann ee Loscht hätt, de Workshop mat mir ze leeden. An deem Fall kann een och gären nach eemol iwwer den Datum diskutéiren. Also bäi Interessi, mellt iech bäi mir. --Clausekwis 19:48, 15. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]